Search

You may also like

D‘Doleance vum ACL
Neiegkeeten

D‘Doleance vum ACL

Fir de Jean-Claude Juchem, President vum ACL, war et gëschter

Allianz géint e Brexit ouni Accord
Neiegkeeten

Allianz géint e Brexit ouni Accord

Et sinn nach 64 Deeg bis zum Brexit an ob

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun
Neiegkeeten

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

KAY – Zäitgenëssesch Kachkonscht am Casino Lëtzebuerg

Erëffnung vun engem neie Restaurant den 23.September 2020

KAY – Zäitgenëssesch Kachkonscht am Casino Lëtzebuerg

Mat KAY (kaï gëtt et gelies), “die Essenz des Seins” an der Quechua-Sprooch, ass et déi kulinaresch Séil vu Peru, déi op Lëtzebuerg kënnt. Inspiréiert vun der Traditioun, a geleet vun der Intuitioun, bréngt KAY Meeschterwierker vun zäitgenëssescher Kachkonscht un den Dësch.

“Eis ganz Menüskaart spigelt eis Leidenschaft fir kreativ Kichen erëm. Mir beméien eis, d’Menüer fir eis Gäscht zouzebereeden, gedriwwe vum Wonsch, hinnen dat selwecht Gléck ze vermëttelen”, erkläert d’Silvana Calmet, d’Managerin vum KAY.

Et ass eng eenzegaarteg Palette, déi räich u Goût, Texturen, Faarwen an Aromen ass, déi d’Sënner erfreeën: wierzeg, umami, zitrouneg, batter, séiss, sauer, salzeg, knuspereg, säfteg, sametteg, fermentéiert, marinéiert, explosiv a villes méi.

KAY

© Silvana Calmet

Weider Informatiounen

Ab dem 23. September ass de KAY all Dag vun 11:30 bis 22:00 Auer – ausser Sonndesowes bis 19:00 Auer op. Dënschdes huet de Restaurant zou. Reservéiere kënnt Dir iwwert d’Telefonsnummer (+352) 621 35 50 16.

Adress:

7, boulevard Franklin D. Roosevelt
L-2450 Lëtzebuerg
(Entrée nieft dem Aquarium, verglaaste Pavillon)

Opmaacherbild: D’Silvana Calmet © Mike Zenari

Related topics Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain, Goût, Iessen, Kichen, lecker, Leidenschaft, Restaurat KAY, Silvana Calmet, zäitgenëssesch Kachkonscht
Next post Previous post