Search

You may also like

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)
International Neiegkeeten

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet gëschter den Dr

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net
International Neiegkeeten

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net

Si ginn der Welt stéiss déi dës net brauch an

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein

Den 140. Gebuertsdag vum Genie Albert Einstein. Zu sengen Éieren

Nach ëmmer kee Fortschrëtt beim Brexit

De Boris Johnson hat en Deal bis Enn dëses Mounts ugekënnegt, dorausser geet awer elo näischt

Nach ëmmer kee Fortschrëtt beim Brexit

Mëtt Juni hat et intensiv Gespréicher tëscht dem brittesche Premierminister an der europäescher Spëtzt ginn, no deenen de Boris Johnson der Usiicht war, datt een da schwieregst hannert sech hätt, an en Accord iwwert déi zukünfteg Bezéiunge gräifbar wier. Gëschter gouf een eppes besserem beléiert… vun engem Deal si London a Bréissel nach wäit ewech.

No der Verhandlungsronn tëscht dem briteschen Ënnerhändler David Frost an dem Vertrieder vun der Unioun Michel Barnier hu béid Säite missen agestoen, datt et nach ëmmer „Differenzen“ huet. De brittesche Vertrieder huet kloergestallt, datt wann d‘EU d‘Onofhängegkeet vu Groussbritannien net akzeptéiert, da gëtt et keen Deal. Dëse Constat ass net nei an den haarde Brexit wahrscheinlech.

Zanter datt dës Verhandlungen ugefaangen hunn, ass ëmmer nees den Ausdrock vum „Level-Playing-Field“ benotzt ginn. Ënnert dësem Begrëff sinn den EU-Bannemaart an dësem seng Reegelen ze verstoen. Fir d‘EU-Kommissioun steet allerdéngs fest: „Wa Groussbritannien am gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt matspille wëll, gëllt et eng Rei Konditiounen anzehalen.

D‘EU huet Reegele fir d‘Aarbechtsrecht, an och bei den Ëmweltstandarde wëll een sech net op de klengste gemeinsamen Nenner verstännegen. Zudeem wäert Bréissel keen Deal unhuelen, mat deem et zu Verzerrunge vun der wirtschaftlecher Kompetitivitéit komme kéint. London misst also och weiderhin d‘Reegele vum Bannemaart an den EuGH als iewescht juristesch Instanz unerkennen.

Staatlech Subventioune sinn Tabu

Bei de Verhandlunge gëtt et een zolitten Dissens am Bezuch op staatlech Bäihëllefen. Déi sinn an der Unioun – mat wéinegen Ausnamen – grondsätzlech verbueden, an dëse Grondsaz muss dann och fir Groussbritannien gëllen. Subventioune kënnen en Handelsvirdeel sinn: wa London Entreprisen ënnerstëtzt, wier et dëse méiglech, hir Produkter zu „besser Konditiounen“ op de Maart ze bréngen.

An do läit de Problem. Fir de Boris Johnson sinn esou Bäihëllefe fir déi brittesch Wirtschaft vu grousser Bedeitung, a sécherlech och wichteg, dat am Kontext vun der Covid19-Pandemie. Si weisen all Amëschung vun der Unioun an hir Wirtschaftspolitik zréck. Si wéilte selwer decidéiere wéi si hir Ekonomie opstellen, well si sech schliisslech och net an d‘EU-Wirtschaft amëschen.

Déi brittesch Regierung strieft folgerichteg en Accord mat der EU un, wéi dat Handelsofkommes, dat d‘Europäer mat de Kanadier geschloss hunn. An dësem gëtt et dann och kaum Reegelen, déi sech mat de staatleche Subventioune befaassen. Mee Groussbritannien ass net Kanada, an d‘Britte lungere virun eiser Hausdier, wärend d‘Kanadier däitlech méi wäit ewech sinn…

Mëtt August soll weider verhandelt ginn an d‘Chancen, datt et do zum Duerchbroch kënnt sinn éischter geréng. Et fänkt elo awer un seriéis ze presséieren. Wéinst dem Covid19 hat Bréissel der brittescher Regierung eng Verlängerung ugebueden, déi verworf gouf. Spéitsten am Hiecht muss den Accord awer stoen, ouni dee Groussbritannien zum Drëttland gëtt. Wann se dat wëllen hunn…

mat indymedia/bru/lon

Illustratioun: Ouni Deal mat der EU, sinn d‘Britten den USA ausgeliwwert. Ugesiichts dem Sträit mat de Chinesen, de Sanktioune géint d‘Russen an engem sech ofzeechnenden haarde Brexit, bleift London nëmmen nach den US-Maart fir gréisseren Handel ze bedreiwen. A Washington huet Grënn d‘Britten zu engem „no Deal“ ze animéieren. © John Cameron / unsplash

Related topics Brexit, David Frost, EU, Groussbritannien, Michel Barnier
Next post Previous post