Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltonguelove
Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
International Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
International Neiegkeeten

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng Entrevue tëscht Iraner an Amerikaner ausgeschloss. Grond: d‘Sanktiounen déi Washington nees géint Teheran agefouert huet.

Et ass déi éischte Kéier, datt den Iran esou explizit eng „Dialog-Offer“ vum US-President Donald Trump refuséiert. Vun der Agence Tasnim – déi de Konservativen am Iran nosteet – befrot, op et am Kader vun der nächster UN-Generalversammlung am September, méiglecherweis zu enger Entrevue mat US-Ausseminister Mike Pompeo oder aneren amerikanesche Vetrieder komme kann, huet de Mohammad Javad Zarif eng däitlech Äntwert ginn: „Nee, eng Entrevue gëtt et net“.

Béid Staatscheffen, den US-President Donald Trump an den iranesche President, Hassan Rohani, huelen awer un der UN-Generalversammlung deel. „Zu der rezenter Propose vum Trump, huet et eng offiziell Positioun vum President an eis ginn. D‘Amerikaner sinn net éierlech, an hir Sucht no Sanktiounen, erlaabt keng Aart vu Verhandlungen“, esou den iraneschen Ausseminister, géintiwwer Tasnim.

US-Sanktioune behënneren d’Handelsbezéiungen

D‘USA hunn de 7. August d‘Sanktioune géint déi islamesch Republik nees agefouert, a menacéiere mat weidere Mesuren de Regime an d‘Knéien ze zwéngen. Washington bestreit allerdéngs de Regime vun Teheran stierzen ze wëllen. Vun de Sanktiounen ass och net nëmmen den Iran betraff. D‘Amerikaner hunn all Entreprisen a Konzerner gewarnt: wie mam Iran Handelsbezéiungen ënnerhält, muss mat haarde Strofe rechnen.

Eng Konsequenz vum eesäitege Réckzuch aus dem Nuklearofkommes. En Ofkommes un deem d‘Europäer, d‘Russen an d‘Chinese wëlle festhalen. Den iraneschen Ausseminister, Mohammed Javad Zarif, huet sech sengerzäit bei de Verhandlunge vill mam US-Ausseminister John Kerry getraff. Mee en John Kerry gëtt et an der Trump-Administratioun net méi…

mat AFP

Foto: Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet an engem Interview mat der Agence Tasnim, der Propose vum US-President, sech un de Verhandlungsdësch ze setzen, eng däitlech Ofso ginn. Den amerikanesche Milliardär ass der iranescher Regierung „net éierlech“ genuch, a seng Sucht no Sanktioune keng Ausgaangslag fir Gespréicher. © Atta Kenare/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Mohammad Javad Zarif, US-Sanktiounen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel