Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?
Auto Neiegkeeten Sport

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Flëss a Baachen?

D’Natur zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Dat soen net

Koll an Aktioun Festival 2019
Auto Neiegkeeten Sport

Koll an Aktioun Festival 2019

De Weekend vum 8. an 9. Juni fënnt zu Uewermaarteleng fir

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien
Auto Neiegkeeten Sport

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien

Et ass wuel déi Zeen, déi jiddereen aus der Diskussiounsronn

Kee Motorsport méi fir 2020

Den ACL Sport huet sech d‘Entscheedung net einfach gemaach, mee et ass de richtege Wee

Kee Motorsport méi fir 2020

Um 8. Mee huet den Direktiounscomité vum Automobilclub ACL siegéiert. Bei dëser Reunioun ass et och drëms gaangen déi aktuell Situatioun am Motorsport ze analyséieren. D‘Championnater, d‘Coupen, d‘Challengen an déi Lëtzebuerger Trophyen si kaum ënnert normalen Ëmstänn ze maachen, an esou gouf den Entschloss gefaasst, d‘Saison 2020 integral ze annuléieren.

An der Konsequenz kann et och keng Championnen an de verschiddene Kategorie ginn, esou datt et folgerichteg och keng Titele gëtt. Dat huet awer och zur folleg, datt d‘Wiel vum „Autosportler vum Joer“ fir dëst Joer ausgesat gëtt. Keng Championnen an keen Autosportler vum Joer? Jo dat ass net dat wat een eng gutt Nouvelle kann nennen, an awer ass et vernënfteg d‘Decisioun zäiteg ze huelen.

Bei der Sëtzung vum Direktiounscomité ass dann och decidéiert ginn, datt een de lizenzéierte Sportler, déi hir Lizenz fir 2020 bezuelt hunn, dës Lizenz 2021 wäert ouni weider Fraise wäert erneieren, eenzeg d‘Visite beim Dokter, bleift dann ze bezuelen. An dësem Punkt weist den ACL drop hin, datt dat nëmme fir all déi gëllt, déi hir Lizenz virum 31. Dezember bezuelt hunn.

Et ass ee schwéiere Schlag deen de Coronavirus Covid19 dem Lëtzebuerger Motorsport versat huet, an och den „Nationalen Dag vum Motorsport“, deen de 6. Juni sollt zu Bartreng stattfannen, muss annuléiert ginn. Dësen Dag, deen 2019 fir déi éischte Kéier stattfonnt hat, an ee groussen Erfolleg feiere konnt, bleift eis awer erhalen an 2021, esouvill ass sécher, sti mir nees alle zesummen.

Bis dohinner dierf een sech awer an Erënnerunge verdéiwen, seng Piloten an d‘Ekippen, déi ëmmer dofir suergen, datt déi vill Evenementer iwwerhaapt stattfanne kënnen, am virtuelle Raum weider ënnerstëtzen. Stellt also är Erënnerungen an d‘Netz, erzielt är Anekdoten an drot esou derzou bäi, datt dës vun engem Virus „geklaute“ Saison eis net d‘Léift zum Motorsport muedebëtzeg mécht.

Illustratioun: Wéi gäre wiere mir bei der Biergcourse zu Eschduerf nees am Asaz gewiescht. Mee et huet net solle sinn. Zudeem wësse mir, wéi grouss d‘Begeeschterung och fir de Karting, Autocross an de Stock-Car ass. A jo et ass schwéier op eppes ze verzichte wat engem un d‘Häerz gewuess ass. Mee wierklech profitéiere kann een nëmme wann ee gesond ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ACL, Automobils Club, Motorsport, Saison 2020 annuléiert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel