Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“
Neiegkeeten

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“

Um leschten Dënschden kruten d’Kanner vum Grupp Créa aus dem

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
Neiegkeeten

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Kee Peage fir d‘Haaptstad

D‘Stad Lëtzebuerg reagéiert op den Avis vum Rechnungshaff

Kee Peage fir d‘Haaptstad

De Rechnungshaff hat a sengem Avis zum Budget 2020, drop higewisen, datt et sënnvoll wier fir d‘Gefierer déi an d‘Stad erawëllen (oder mussen) ze taxéieren. Dës Moossnam gëtt schonn zimlech erfollegräich an anere Länner ugewannt, firwat sech d‘Stad Lëtzebuerg sollt iwwerleeën och op de Wee vum „City-Peage“ ze goen.

Ugesiichts dem Fakt datt eis Regierung de Klimanoutstand unerkannt huet, an et dat nächst Joer och soll e Klimagesetz plus e Klimaplang soll ginn, eng eigentlech novollzéibar Propose. Elo trëfft dëse Virschlag bei de verantwortleche Lokalpolitiker net wierklech op Zousproch. De Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt huet zudeem zougestanen, datt dat ni en Diskussiounsthema am Gemengerot war an och politesch – den Ament zumindest – net ëmzesetzen ass.

Am (gréngen) Transportministère ass ee sech de politesche Konsequenze vun esou engem Schratt duerchaus bewosst, et wëll een awer dës Optioun net ausschléissen. De Mobilitéitsminister François Bausch huet sengersäits awer drop higewisen, datt esou eng Moossnam nëmmen als „ultima Ratio“ ze betruechten ass. Hie setzt weiderhin op Investitiounen an den ëffentlechen Transport an erhofft sech datt mëttels méi Qualitéit, d‘Leit fräiwëlleg op den Auto verzichten.

Peage

Mat de ville Chantieren, vun deenen déi meeschten Zoufaartsstroosse betraff sinn, ass zimmlech vill Gedold verlaangt, fir wien da mengt musse mam Auto an d‘Stad ze fueren. Natierlecht gëtt et Alternativen, mee d‘Bequeemlechkeet huet eis Gesellschaft därmoossen am Grëff, datt ee sech léiwer plot, wéi ze kucken ob ee gewësse Strecken net awer besser mam ëffentlechen Transport bewältegt kritt. © Shari Pleimelding/moien.lu

Hale mir dann och nach fest, datt sech d‘Regierung d‘Zil gesat huet, den eegene Fuerpark bis 2030 zu 50% op elektresch Gefierer ëmzegestalten. Am Avis vum Rechnungshaff gëtt der Regierung dann och un d‘Häerz geluecht, entspriechend Steiervirdeeler oder Zouschëss anzeféieren, déi d‘Leit motivéiere sollten, sech en elektrescht Gefier zouzeleeën. D‘Sue fir d‘Mesure ze finanzéiere kéint ee labber iwwert de City-Peage eranhuelen, firwat de Sujet dierft aktuell bleiwen.

Dobäi ginn dann och eng Rei Froen opgeworf. Wien entscheet iwwert de City-Peage, d‘Gemeng oder d‘Regierung (also den Transportminister)? Wat soll et kaschten? Wéi gerecht ass esou eng Tax am Wëssen, datt wien seng Sprit- a Parkingsfraise steierlech ofsetze kann, däitlech am Virdeel ass? Wann de Klimaschutz sozial gerecht op de Wee soll bruecht ginn, da kann et sech net ugoen, datt hei alt nees grad déi „Räich“ privilegiéiert ginn.

Foto: Den Ament beherrschen d‘Chantieren déi Stater Verkéiersweeër an esoulaang déi Bestand hunn, stellt sech d‘Fro vun engem City-Peage net wierklech. Déi Schantjen dierften eis nach eng Zäit laang erhale bleiwen, mee laangfristeg wäert och d‘Stad Lëtzebuerg sech mussen iwwerleeën, ob et net awer „politesch a wirtschaftlech“ sënnvoll ass, dem Rot vum Rechnungshaff ze follegen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chantieren, City-Peage, François Bausch, Patrick Goldschmidt, Rechnungshaff, Stad Lëtzebuerg, Transportministère, Verkéiersschäffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel