Search

You may also like

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019
Neiegkeeten

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019

De Bus-Reseau vum RGTR wäert ab dem 15. September eng

DP: De Fraktiouns-President Eugène Berger läit am Spidol
Neiegkeeten

DP: De Fraktiouns-President Eugène Berger läit am Spidol

Wéi déi Demokratesch Partei (DP) an engem Bréif matgedeelt huet,

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen
Neiegkeeten

Medie kënnen net als eng reng Realitéitsflucht hierhalen

Mir all konsuméiere Medien aus deene verschiddenste Grënn. Ee vun

Kee Pressebriefing nom Regierungsrot

Et soll zu generaliséierten Tester kommen, a méiglecherweis kritt Lëtzebuerg säi Militärspidol eppes éischter wéi geduecht

Kee Pressebriefing nom Regierungsrot

Et schéngt en Dissens tëscht der Regierung an de Medien am Land ze ginn, wat d‘Spekulatioun zouléisst, dat d‘Interventioun vun der Presidentin vum Presserot op der Antenn vum soziokulturelle Radio „Honnertkommasiwen“, och an héchste Kreesser gehéiert gouf an elo gemotzt gëtt. Woubäi d‘Chamber awer e Briefing kritt huet an et vun do heescht „Et huet een net vill Neies héieren“.

Dat kann een esou net am Raum stoe loossen, wëll et gëtt do eppes wat decidéiert ginn ass, vun deem ee gäre méi gewosst hätt. Mat e puer wéinegen Zeilen (am Communiqué) gouf matgedeelt, datt sech de Gesondheetsministère ee „Monitoring op breeder Basis vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung wärend der Sortie vum Confinement“ validéiere gelooss huet. Detailer gëtt et keng.

Et hat dann och keen Zweck méi Detailer ze erfroen (op Courrier äntweren si net a wann een urifft kritt een agehaangen) firwat ee sech op dat beruffe muss, wat aus de Chamber no bausse gedrongen ass. Dëse generaliséierten Test soll mam PCR-Kit duerchgefouert ginn. Blöd dobäi ass just, datt den Test net wierklech hält wat e versprécht, esou zumindest en éisträicheschen Expert an der Matière.

Dës Test, deen tëscht 30 bis 60 Euro kascht, soll derzou bäidroen de Covid19 ze detektéieren (oder och net) a wier imminent wichteg, fir sech op eng zweet Infektiounswell virzebereeden. Grad wéi beim Gedanken eng Tracing-App anzesetzen, gëtt och bei dësen Tester op eng fräiwëlleg Deelnam vun de Residente gesat. Also zumindest esou laang wei et genuch Fräiwëlleger gëtt…

Mir ginn hannert d‘Liicht gefouert

Elo hat awer och schonn de Premierminister Xavier Bettel am Zesummenhang mat der Tracing-App gemengt, datt d‘Regierung „esou eppes“ eigentlech éischter net gutt fënnt, d‘Aféierung awer vun enger gemeinsamer Entscheedung op EU-Niveau ofhänke géif. Dat géif eng Obligatioun mat sech bréngen, a wann de Monitoring soll „Resultater“ liwweren, kann den Test net fräiwëlleg bleiwen.

Dëst „Gefill“ gëtt natierlech verstäerkt, wann sech d‘Regierung net méi de Froe vun de Medie stelle wëll. Zudeem gëtt de Ruff no enger „däitlecher a kloer Sprooch“ ëmmer méi haart. Mir Erënneren an dësem Kontext just un den Ëmgang mat de Maskeflicht: am Ufank war et Brach an elo ass et de Schlëssel deen den Deconfinement méiglech maache soll. Dat et eppes daacht bleift a Fro gestallt.

Elo besteet keen Zweiwel drun, datt ee Schutz viru Mond an Nues eng zousätzlech Barrière fir de Virus duerstellt, mee vu Schutz ze schwätze wier de leit eng falsch Sécherheet vermëttelen, esou d‘Experten déi drop bestinn, datt d‘Chirurgemasken zwéngend de Fleegepersonal virzebehalen sinn, zudeem déi nëmmen en zäitlech begrenzte Schutz bidden an een wësse sollt wéi een se benotzt.

D‘Reprise ass dann elo agelaut

No enger éischter Woch, wou veschidde Wirtschaftsberäicher nees aktivéiert goufen, huet et dann awer gëschter nach keng nei Annonce ginn. Eigentlech heescht et, datt een den 11. Mee sollt ofwaarden, mee d‘Oppositioun huet insistéiert, firwat de Premierminister op Nofro vum Martine Hansen (CSV), wësse gelooss huet, datt d‘Familljeministesch déi nächst Woch eppes géif virleeën.

Konkret geet et drëms d‘Konzept virzestellen, dat et soll erméiglechen nees Visitten an den Alters- a Fleegeheemer ze erméiglechen. Leschte Méindeg hat d‘Gesondheetsdirektioun scho wësse gelooss, datt et an dësen Haiser zum systemateschen Depistage vun de Bewunner an dem Personal komme soll. Rieds ass vu ronn 10.000 Tester déi eng Ëffnung vun den Infrastrukture sollen erméiglechen.

Fir de Rescht muss sech d‘Regierung elo op d‘Sortie vum „Noutstand“ (22. Juni) virbereeden. Fir elo awer all déi Noutstandsgesetzer a Kraaft ze halen, mussen den Deputéierten eng ganz Mass u Gesetzer virgeluecht ginn. Si wieren dann net méi zäitlech begrenzt, a schonn en Donneschdeg hat de Vizepremier François Bausch an der Kommissioun ee sougenannt Pandemie-Gesetz ugeschwat.

Lëtzebuerg brauch e Militärspidol

D‘CSV schéngt esou engem Gesetz net ofgeneigt, gëtt awer ze bedenken, datt d‘Regierung zur Stonn net emol en neie Pandemie-Plang huet, firwat d‘Fraktioun ee Covid19-Gesetz virzitt, iert een an der Chamber iwwert en neit Pandemie-Gesetz sollt ofstëmme loossen. Et dierft deemno keng Langweil an den zoustännege Chamberkommissiounen opkommen.

An elo kënnt dann och nees d‘Militärspidol an d‘Gespréich. Zanter enger Rei Jore geet emol méi emol manner haart driwwer nogeduecht, dem Land esou eng Institutioun opzeschwätzen. Et soll ee Spidol sinn, dat sech op Infektiounskrankheeten an d‘Traumatologie spezialiséier soll, dat awer an éischter Linn, fir d‘Engagementer vu Lëtzebuerg an der NATO ze stäerken an ze betounen.

En Donneschdeg huet de Krichsminister den Deputéierten erkläert, dat esou ee Spidol enger klassescher Struktur kéint ugeschloss ginn, an zesumme mat der UNI.lu an dem Verband vun den Dokteren (AMMD) sollt exploitéiert ginn. An „Normalen“ Zäite kéint dëst Spidol sech der Fuerschung zouwennen, a Krisenzäite wier eng séier Ëmstellung op den Noutstand méiglech…

Illustratioun: © Kristina Flour / unsplash

Related topics Briefing, Coronavirus, Covid19, Exitstrategie, Regierungsrot
Next post Previous post