Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien
beauty dating

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger

https://moien.lu/dating-lupus/
beauty dating

older dating australia login

Iwwer 14.000 Pompjeeën aus ganz Amerika, an esouguer Australien an

money
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
beauty dating

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Fir déi „schnell“ hannert dem Steier gëtt et geschwënn eng nei Prozedur. Fir de Fall wou se geblëtzt gi sinn, kréien d’Chauffeuren net méi den ageschriwwene Bréif. Nee, hei kritt elo en einfachen, also fir unzefänken.

D’Prozedur déi fir d’Protokoller virgesinn ass, fir de Fall wou een sech beim „Discopoul“ ofliichte gelooss huet, gëtt vereinfacht. E Gesetzprojet fir dat ze bestätegen ass an der Chamber deponéiert ginn.

Am Gesetzprojet ass virgesinn, den ageschriwwene Bréif duerch en „courrier simple“, also en einfache Bréif ze ersetzen. Et brauch een also net all Kéiers op d’Post ze lafen fir sech säi Protokoll zu Gemitt ze féieren.

Den ageschriwwene ass awer net Doud. Dee kritt een nämlech da wann de Protokoll vun 49 Euro net bannent 45 Deeg bezuelt ginn ass. A wann een och nach den drëtte Bréif onbeäntwert léisst, kascht et da schonn 98 Euro.

Kaum een deen et esouwäit komme léisst

Gutt, et sinn der nëmme ganz wéineg déi et esouwäit komme loossen. Den Infrastrukturminister François Bausch huet matgedeelt, datt zanter déi fix Radaren installéiert goufen, 82% vun der „geblëtzte“ Chauffeuren hire Protokoll direkt bezuelt hunn.

Interessant dann awer d’Zuel vun den Infraktiounen. Laut dem Ministère wieren eng ronn 400.000 Automobiliste vun de Radaren erfaasst ginn. Dovunner 260.000 Gefierer déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. Dat sinn also op mannst 2 Milliounen Euro déi an d’Staatskeess gefloss sinn.

Et soll nach ee soen den Discopoul wier onrentabel. Ass e net an well et esou schéin ass a koum Personalkäschten ufalen, ginn et bis Enn 2017 nach véier weider fix Radaren op eise Stroossen.

Een dovunner (ass schonn installéiert) tëscht Belval a Micheville, en anere kënnt op de Wupp vun der A4, bei de Rondpoint Raemerech. Déi zwee läscht (fir dëst Joer) sinn tëscht Saeul a Brouch esou wéi Miersch an Aangelsbierg virgesinn.

Weider Radare sinn nach an der Etüd, déi sollen an den Tunnellen agesat ginn. Och bei roude Luuchte wëll de Minister verstäerkt Radaren asetzen.

Ähnlech Sujeten Discopoul, François Bausch, Radarkontroll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel