D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“
Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls
Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls
Déi neigewielt Däitsch Grenzgängerkommissioun vum LCGB huet an hirer éischter
Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)
Sou ass de 25. Abrëll am Wort ze liesen, datt d’Justiz- a Kulturministech Sam Tanson an der RTL-Emissioun “Background” fuerdert, datt de Flugtourismus och no Corona soll zeréckgeschrauft ginn. D’ADR weist all Versuch zeréck, fir de Schutz vun der Privatsphär an déi individuell Fräiheet, inklusiv déi fir ze reesen, anzeschränken! Si sinn esou grondleeënd Mënscherechter, datt keen demokratesche Politiker si a Fro ze stellen huet. A scho guer net déi, déi sech esou tolerant géintiwwer Leit weisen, déi illegal an aner Länner reesen!
E groussen Deel vun eiser Ekonomie hänkt vun der Reesfräiheet of. Et freet sech also och, wéi déi aner Membere vun der Regierung, a besonnesch d’Ministere fir Ekonomie a fir Tourismus, sech zu dëser Ausso stellen? D’ADR fuerdert si op, Positioun ze huelen!
Déi Gréng an d’Madamm Tanson hätte besser, sech ëm de Schutz vun de Mënscherechter ze këmmeren amplaz si permanent a Fro ze stellen! D’Madamm Tanson soll elo dono kucken, datt d’Justiz funktionéiert an datt keng Tracing-App ageféiert gëtt!
Matgedeelt vun der ADR
Opmaacherfoto: © Frank Vessia on Unsplash