Search

You may also like

Motocycliste mussen sech weider areien
Meenung Neiegkeeten

Motocycliste mussen sech weider areien

Datt et bei eis am Land jeemools derzou wäert kommen,

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten
Meenung Neiegkeeten

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten

A villen ungaresche Groussstied huet déi faschistesch Fidesz vum Viktor

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours
Meenung Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours

Eigentlech soll e schonn eriwwer sinn, also de Concours „Äre

Keen aushielege vun eisem Schoulsystem

Keen aushielege vun eisem Schoulsystem

D‘ADR ass entsat iwwert den neie Gesetzprojet vum Schoulminister, dee virgesäit, datt de Minister Lycéesdirekteren an d‘Direktere vum SCRIPT a vum IFEN aus der Privatwirtschaft ernenne kann, an datt dës Persounen net emol eng pedagogesch Ausbildung brauchen, a just nach zwou vun den dräi Verwaltungssprooche muss kënnen. Et ass kloer, dat dëst gläichzäiteg och en Ugrëff op d‘Lëtzebuerger Sprooch ass.

D‘ADR fuerdert dat, wat eigentlech misst evident sinn:

  • datt d‘Membere vun all den Direktiounen déi dräi Verwaltungssproochen op engem héijen Niveau beherrsche mussen;
  • datt d‘Membere vun allen Direktiounen eng pedagogesch an didaktesch Ausbildung virweise kënnen;
  • datt d‘Membere vun all den Direktioune beim Léierpersonal rekrutéiert ginn; dat garantéiert, datt si d‘Besonneschkeete vun eisem Schoulsystem kennen a verstinn

D‘ADR ass iwwerzeegt, datt dëst Gesetz e weidere Schrëtt fir den Ëmbau vun eisem Land duerstellt. Zil wäert wuel sinn, d‘Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch nach weider zeréck ze drängen. Firweat sollt de Minister soss Direkteren asetze wëllen, déi nëmmen zwou vun eisen dräi Verwaltungssprooche kennen an, déi dann de Schüler mussen erklären, datt si keng 7ème packen ouni déi dräi Sproochen ze kënnen?

Et ass absurd! Wat ass also wuel den nächste logesche Schrëtt? D‘ADR erënnert drun, datt et kee valabelt Argument fir dëst Gesetz gëtt. Et gi genuch Kandidaten, déi d‘aktuell Ufuerderungen erfëllen. Och d‘Akerbauschoul, op déi de Minister et speziell ofgesinn huet, stellt sech géint dat Gesetz a seet, datt si genuch Kandidaten ënnert dem Léierpersonal géife fannen.

D‘ADR ass och doriwwer entsat, datt dëst geféierlecht Gesetz am „stillen Kämmerlein“ matten am August erausgi gouf, wärend der Coronavirus-Kris, an dat ouni datt de Minister virdru mat de Schouldirekteren an de Gewerkschafte geschwat huet! D‘ADR erkennt ganz kloer d‘Salamitaktik vum Minister, fir scheiwechersweis an a reegelméissegen Ofstänn un eisem Schoulsystem ze krazen an dësen esou lues a lues auszehielegen, ouni datt et soll opfalen.

D‘ADR constatéiert beim Minister Meisch e chronesche Manktem u Respekt fir d‘Professeren, d‘Léierinnen an d‘Schoulmeeschteren a fir dat ganzt Personal aus de Schoulen, nom Motto „ist der Ruf ruiniert, lebt es sich ganz ungeniert“. Firwat géif de Minister soss kee Wëlle fir eng Zesummenaarbecht mat den Haaptconcernéierte weisen?

Dem Här Meisch säi Gesetz ass en neien Ugrëff op eis Sprooch, op d‘Integritéit vun eisem ëffentlechem Déngscht an op d‘Qualitéit vun eisem Schoulsystem! D‘ADR wiert sech géint dëst Gesetz a verséchert all deenen anere politesche Parteien a concernéierte Gewerkschaften hir Ënnerstëtzung am Kamp géint d‘Aushielege vum Schoulsystem.

Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Oussama Zaidi / unsplash

Related topics adr, Claude Meisch, Educatioun, Educatiounsminister, Gesetzprojet 7662, Schoul
Next post Previous post