Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
Auto https://moien.lu/first-6-months-of-dating/ https://moien.lu/newspapers-with-dating-adverts/ dating first cousins

dating sites chicago il

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!
Auto https://moien.lu/first-6-months-of-dating/ https://moien.lu/newspapers-with-dating-adverts/ dating first cousins

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!
Auto https://moien.lu/first-6-months-of-dating/ https://moien.lu/newspapers-with-dating-adverts/ dating first cousins

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!

Bei aller Euroskepsis, déi een online héiert, schloen dës Zuelen

Keen einfache Weekend um Norisring fir den Dylan

Trotz diverser Réckschléi ginn et awer nach wichteg Punkten

Keen einfache Weekend um Norisring fir den Dylan

Bei der 7. an 8. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland, déi de Weekend zu Nürnberg um Stadcircuit Norisring ausgedroe gi sinn, hat eise Lëtzebuerger nawell eppes Krämpes mam Moteur. An obwuel et net méi schlecht hätt kënnen ausgesinn, huet den Dylan Pereira sech gutt geschloen.

De Norisring ass am „Porsche Carrera Cup Däitschland“ Championnat, deen eenzege Stadcircuit an zugläich déi kierzte Streck (2.300 Meter) vun der Saison. Zäiten ëm 50 Sekonne pro Ronn sinn eng Erausfuerderung an och wann d‘Gaassen zu Nürnberg eppes méi breet wéi zu Monaco sinn, esou dierf een hei kee Feeler maachen. D‘Begrenzungsmauere sinn allgéigewäerteg an richteg zolidd.

Norisring

© Porsche Carrera Cup Däitschland

Ze bedenken ass och, datt bei engem Stadcircuit wéi dem Norisring, de Belag net fir Autoscoursse, mee fir den alldeegleche Verkéier ausgeluecht ass. Den Asphalt ass entspriechend Rau mä zugläich rutscheg. Do de richtege Bremspunkt an de laang gezunne Riichten ze fannen, ass net wierklech kamoud. Fir de Pilot vum Lechner Racing Team war et dann och en éischt „kenneléieren“.

Wann de Wuerm bis dra stécht

Um Norisring ass d‘Qualifikatioun dann entspriechend ëmstridden, wat dorunner geleeën ass, datt d‘Piloten alleguerten zäitlech an e Nuesschnappech géife passen. Hei huet sech den Dylan fir déi 1. Manche op der 10. Plaz (0,341 Sekonnen hannert der Pôle-Positioun), an fir déi zweet Manche op der 14. Startplaz (0,484 Sekonnen hannert deem séiersten) erëmfonnt. An et sollt net besser ginn…

Direkt an der éischter Manche hat de Lëtzebuerger Pilot vu Lechner Racing technesche Problemer (Moteur) an op esou eng kuerzer Distanz, kann een dat absolut net gebrauchen. Hei wou dee geréngste Feeler den „Aus“ bedeit, kann ee sech virstellen, datt et ënnert dem Helm muss gekacht hunn. Hie fiert dann awer nach als 11. iwwert d‘Arrivée a séchert sech 5 Punkte fir d‘Championnat.

An der Nuecht ob e Sonndeg hunn d‘Mecanicienne vu Lechner Racing keen A zougemaach a nom „Feeler“ gesicht. Ouni konnten ze probéieren ob nees alles an der Rei wier, ass et an déi zweet Manche vum Weekend gaangen. Beim Start war esouwäit alles an der Rei an den Dylan huet direkt zwee Géigner iwwerholl. Am zweeten Tour war hie schonn nees ob enger gudder 11. Plaz ukomm.

Déi véiert Ronn war net fir de Lëtzebuerger. E Rabbelkapp dee sech eppes iwwerschat hat, huet dem Dylan Pereira säin „Hënneschten“ geroden a eisem Espoir seng Course regelrecht versaut. Op der leschter Plaz mat 15 Sekonne Retard op de Virleschten, géifen der vill d‘Äerm hänke loossen. Net esou de Lëtzebuerger, deen eng séier Ronn no der anerer gedréit huet. Respekt dofir…

Ofhaken a sech op déi nächst Course konzentréieren

Trotzdeem kann een net anescht wéi drop hiweisen datt et e Weekend „zum Vergiesse“ war, wat eis de dem Dylan senge Fans schonn eppes dierf nogoen. Ëmsou méi sinn d‘Fans de nächste Sonndeg gefuerdert. Vum 12. bis de 14. Juli mécht de Formel 1 Zirkus a Groussbritannien um Circuit vu Silverstone Statioun, an hei gëtt och nees eng Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup gefuer.

Norisring

© Porsche Carrera Cup Däitschland

Hei hat sech den Dylan Pereira 2018 eigentlech ganz gutt gewisen, an hien hätt sech hei och eng vun de bessere Plazen erwaarden dierfen. Leider hat ee Konkurrent eppes dogéint, war dem Pilot vu Lechner Racing an de Pneu gerannt, firwat dem Lëtzebuerger seng Course an der 7. Ronn fréizäiteg eriwwer war. Dat soll dëst Joer anescht verlafen, a wie weess, hei kéint och nees e Podium dra sinn.

Klassement 7. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Julien Andlauer (FR)
  • 11. Dylan Perreira (LU)

Klassement 8. Manche Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Michael Ammermüller (DE)
  • 3. Dylan Perreira (LU)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 4. Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

mam Isabel Casimiro Gargulho/Gen.Com.

Foto: © Porsche Carrera Cup Däitschland

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Norisring, Porsche Carrera Cup Däitschland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel