Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Päischtkiermes zu Esch-Uelzecht: Impressiounen
https://moien.lu/meredith-grey-dating-again/

what does the word carbon dating mean in science

Et ass wuel déi 184. Editioun vun der Escher Päischtkiermes,

https://moien.lu/eastern-european-dating-uk/
https://moien.lu/meredith-grey-dating-again/

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass

Galerie: Uecht gedoen elo kënnt de leschte Fouer Weekend
https://moien.lu/meredith-grey-dating-again/

Galerie: Uecht gedoen elo kënnt de leschte Fouer Weekend

Fir all deenen déi nach net waren, an deenen déi

Keen erfreeleche Karschnatz

Extrem Hëtzt an d‘Dréchent hunn et eise Baueren och dëst Joer net einfach gemaach

Keen erfreeleche Karschnatz

Wann de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) nach een allgemengt zefriddestellend Resultat fir de Karschnatz 2019 verkënnt huet, esou besteet elo keen zweiwel méi, datt eis Baueren sech fatzegen Erausfuerderung am Kontext vun de verännerte Klimakonditiounen ausgesat gesinn.

Et gehéiert zur „Traditioun“ datt de Landwirtschaftsminister sech héchstperséinlech d‘Weesskären ukuckt an esouguer schmaacht. Dat ganzt huet wuel éischter „Koméidistéck- Charakter“ an et brauch vill gudde Wëllen him zouzetrauen eng fachmännesch Ausso zum „Geschmaach“ maachen ze kënnen. Woubäi dat jo och net de sprangende Punkt ass, et geet hei och ëm Grondsätzleches.

Bei der Receptioun vum Weess an der Mille vu Klengbetten ass et dann och net ëm d‘Geschicht vun der 1907 gegrënnte Mille gaangen, mee drëms de Punkt zur Recolte 2019 ze maachen. An deen ass net erfreelech: ze dréchen am Hiecht beim ausbrénge vum Som, e Wanter deen ze waarm war, dofir een ze kaalt Fréijoer an dann zwou Hëtztwellen an net genuch Néierschlag. Dat ass einfach net gutt.

Gutt a schlecht Zäiten

Eenegermoosse gutt aus der Affär gezunn hu sech de Weess, d‘Geescht an den „Triticosecale“ – engem Hybrid aus Weess (de weiblechen Deel) a Kar (fir de männlechen Deel) – déi sech wéi d‘lescht Joer mat engem stabille Resultat ervirdoe kënnen. Esou zumindest de Fazit vum Steve Turmes, Direkter vun der Kooperativ Lëtzebuerger Som-Produzenten (LSG).

Dat hätt de Klaus Palzkill vum Verband (dat ass déi landwirtschaftlech Federatioun fir den Akaf an de Verkaf) esou gäre presentéiert, mee éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi een denkt. Hie muss beim Colza (Brassica Napus) huet d‘Wieder keng hallef Saache gemaach. Ze waarm ass schlecht an hei sinn d‘Erträg vu 5 bis 6 Tonnen/Ha op grad emol 2,5 bis 3 Tonne/Ha gefall.

Konventionell versus Bio

D‘Recolte vun de Wanterkären an der konventioneller Landwirtschaft bei ronn 8.800 Tonnen, an der biologescher ausgeriichte Landwirtschaft nach 210 Tonnen. Et huet natierlech och regional zimlech grouss Differenze ginn. De Romain Schneider kann dann och just bestätegen, datt de Süden an der Zentrum vum Land gutt opgestallt ass, während de Norden an den Osten dëst Joer gelidden hunn.

Fir de Romain Schneider heescht et sech elo op déi zukünfteg Erausfuerderungen ze konzentréiere fir d‘Situatioun net ausaarten ze loossen. Et muss weider gefuerscht ginn, wat bedéngt datt et Felder zu Testzwecker muss ginn, wou d‘Auswierkunge vum Klimawandel observéiert solle ginn. Nëmme mat Wäit- a Récksiicht kann d‘Landwirtschaft sech zu Lëtzebuerg den Erausfuerderunge stellen.

Foto: Den Direkter vun der Millen zu Klengbetten, Jean Muller hei mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider. De Weess ass ugeliwwert ginn a wéi et d‘Traditioun verlaangt, huet sech de Politiker eng Handvoll Kären averleift. Mécht technesch kee Sënn mee ass ëmmer nees ee schéint Bild fir d‘Medien. © MA/sip

Ähnlech Sujeten Karschnatz, Klimawandel, LSG, Mille vu Klengbetten, Romain Schneider, Verband
Nächsten Artikel Virrechten Artikel