Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vun zwee Schäffen
https://moien.lu/flip-or-flop-divorce-christina-dating/ matchmaking slamm

online dating was suchst du

Haut am fréien Nomëtteg sinn nees zwee Schäffe Vereedegt ginn,

free dating sites waterloo
https://moien.lu/flip-or-flop-divorce-christina-dating/ matchmaking slamm

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

Um Méindegowend huet sech den Emmanuel Macron zu enger Campagne

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung
https://moien.lu/flip-or-flop-divorce-christina-dating/ matchmaking slamm

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

Ech maachen et am Fong ni gären, mee ech muss

Keen Hafe fir d‘Migranten aus dem Mëttelmier

Keen Hafe fir d‘Migranten aus dem Mëttelmier

Italien hat et am viraus ugekënnegt, a Malta wëll d‘Aquarius souwisou net méi bei sech gesinn. Elo huet dann och Spuenien dem Kapitän vum Schëff „op humanitärer Missioun“ kloer gemaach, datt et dës Kéier keen Zougank gëtt. Um Schëff sinn 141 Migranten an d‘EU-Kommissioun ass alertéiert.

Anescht wéi am Juni, wou sech Spuenien bereet erkläert hat, déi 629 Migranten, déi d‘Aquarius aus dem Mëttelmier gefëscht hat, opzehuelen, ass d‘Regierung dës Kéier net bereet dem Schëff en Hafe fir den Debarquement vun de Migranten unzebidden. Um Schëff sinn aktuell 141 Mënschen, an d‘Hallschent dovunner si mannerjäreg Kanner a Fraen.

Spuenien ass, laut internationalem Recht, net dee séchersten Hafen, heescht et säitens Madrid. Déi aktuell Situatioun kéint een zudeem och net mat där aus dem Juni vergläichen. Deemools hätt een an der Urgence missen eng Léisung fannen, fir keng „humanitär Noutlag“ hierzestellen. Wéi een zu Madrid gedenkt mat der Situatioun ëmzegoen, falls se sech verschlëmmert, war net gewuer ze ginn.

Zudeem hat Spuenien schonn am Juni däitlech zum Ausdrock bruecht, datt een net gewëllt ass all déi vun Italien a Malta zeréckgewise Schëffer, opzehuelen, an datt eng Ausnam, wéi se bei der MS Aquarius gemaach gouf, net zur Reegel kéint ginn. D‘Schëff steet also op e neits tëscht Malta an Italien (ronn 60 Séimeile vun de Küsten ewech), a waart op weider Uweisungen.

Groussbritannien soll d‘Verantwortung iwwerhuelen

Fir d‘Italiener ass et u Groussbritannien an dësem Fall Verantwortung ze iwwerhuelen. Den italieneschen Transportminister, Danilo Toninelli, weist drop hin, datt d‘Schëff, dat vun den ONGen „SOS Méditérranée“ an Dokteren ouni Grenzen (MSF) gechartert ginn ass, ënnert dem Pavillon vu Gibraltar segelt, engem briteschen Iwwerséigebitt.

Vun der EU-Kommissioun zu Bréissel heescht et, datt ee mat e puer EU-Länner am „Gespréich“ ass déi wéinst der Aquarius Kontakt opgeholl hätten. Et wier ee bereet diplomatesch Ënnerstëtzung unzebidden, fir eng méiglechst séier Léisung erbäizeféieren.

An dësem Kontext muss een drop hiweisen, datt aner Schëffer, déi Migranten aus dem Mëttelmier opgeholl hunn, iwwer Deeg ewech net wousste wouhinner. Hinne war keen Hafen zougewise ginn, deen se mat hirer mënschlecher „Fracht“ hätte kënnen ulafen. Am Juli hat Italien zwee Schëffer zougelooss, nodeems Däitschland a Frankräich zougesot haten, Migranten ze iwwerhuelen.

mat AFP

Foto: (Archiv) De President vun der franséischer ONG „SOS Méditéranée“, François Vallat weess senger Hänn kee Rot méi, an och MSF huet am Ament keng Léisung parat. © Boris Horvat/AFP

Ähnlech Sujeten Aquarius, Dokteren ouni Grenzen, Mëttelmier, Migranten, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel