Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!
Neiegkeeten

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!

Den amerikanesche Schauspiller Neil Patrick Harris, deen haut iwwregens säi

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
Neiegkeeten

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
Neiegkeeten

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier

Wann e Projet vun der EU op de Widderstand vun der Bevëlkerung stéisst, gëtt en Ament ofgewaart an da presentéiert een de selwechte Projet ënnert engem neien Numm nach emol. Esou huet leschte Méindeg de Rot vun den EU-Finanzminister, engem neien Ulaf fir en Handelsofkommes mat den USA, gréng Luucht ginn. Lëtzebuerg war hei duerch den Ausseminister Jean Asselborn vertrueden.

Dat ëmfaassend Fräihandelsofkommes TTIP war a ganz Europa op den zolitte Widderstand vun der Zivilgesellschaft gestouss. Dausende Mënsche sinn virun allem 2015 massiv op d‘Strooss gaange fir sech dem ze erwieren. Zu Lëtzebuerg huet sech eng breet Plattform vu Gewerkschaften, Ëmwelt- a Sozialverbänn géint d‘Ofkommes an d‘Verhandlungen agesat.

Ufangs der Woch hunn d‘EU-Handelsminister der EU-Kommissioun stëll an heemlech nees en neit Mandat erdeelt, fir déi festgefuere Verhandlungen nees zum Liewen ze erwächen.

Zwar sinn déi landwirtschaftlech Produkter an Déngschtleeschtungen net méi Géigestand vun de Verhandlungen, mee fir de Recht bleift am wiesentlechen alles beim Alen: Et soll iwwert e Mediatiounsmechanissem (Schiidsgeriicht), regulatoresch Zesummenaarbecht, gemeinsam Entscheedungsstrukturen an iwwer ëmfaassend Reduktioune bei den Douanestariffer verhandelt ginn.

Amplaz déi méiglech Auswierkunge vun esou engem Ofkommes am Virfeld ze klären, soll et eréischt während de Verhandlungen zu enger Impaktstudie kommen. Genee ewéi TTIP, wäert och dësen „TTIP-Light“ ausschliisslech d‘Interesse vun de grousse multinationale Konzerner bedéngen a Sozial- ei Ëmweltstandarden ënnergruewen.

Wéi aus verëffentlechten Dokumenter ervirgeet, huet et no den Treffen tëscht dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an dem US-President Donald Trump, bannent 4 Méint alles an allem 44 „net-ëffentlech“ Sëtzungen tëscht multinationale Konzerner an der Generaldirektioun Handel vun der EU-Kommissioun ginn, wou iwwert dëst nei Ofkommes geschwat ginn ass.

déi lénk veruerteelt dëst Virgoe vun der EU-Kommissioun an de Vertrieder vun de Memberlänner an triede fir eng alternativ Handelspolitik an, déi zur Entwécklung vun enger nohalteger Weltuerdnung bäidréit.

Foto: Kai Kahll / Pixabay

Matgedeelt vun déi Lénk, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten déi lénk, EU-Kommissioun, Fräihandel, TTIP, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel