Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?
International Neiegkeeten

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?

Ob et nëmme Propaganda ass oder d‘Vera Jourova, déi tschechesch

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung
International Neiegkeeten

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

Et ass enk an dem klenge Buttek an et schéngt

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a

Ouni Twitter oder Facebook keen US-Visum?

Wien d‘USA besiche wëll muss säin „Social-Media-Account“ uginn

Ouni Twitter oder Facebook keen US-Visum?

Am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten an der Meenungsfräiheet ass Paranoia zur neier Staatsdoktrinn verkomm. Et ass bal net ze gleewen, mee den US-Ausseministère huet et bestätegt: an Zukunft dierft bal all Mënsch genéidegt sinn, Informatiounen zu senge Konten op de Plattforme vun de sozialen Netzwierker ze offenbaren.

Wien sech an der Welt un alle Konflikter bedeelegt, déi meescht dovunner selwer erbäigefouert huet an och net emol méi den eegene Leit traut, dee ka verständlecherweis kee gutt Gewëssen hunn a muss sech op dat schlëmmst virbereeden. Esou d‘Amerikaner déi zanter der Trump-Herrschaft net méi sécher kënne sinn, wien ass „nach“ Frënd an/oder Partner.

A wou et kee Vertraue méi gëtt, muss d‘Kontroll besonnesch grëndlech sinn. Wien also elo an d‘USA reese wëll, muss zukünfteg nach méi privat Informatiounen erausréckele wéi dat bis ewell de Fall war. Et geet net méi duer unzeginn ob een e Spioun oder en Terrorist ass, elo muss een och nach alles iwwert seng „Netzaktivitéiten“ präisgi fir e Visum ze kréien.

Alles fir déi national Sécherheet

Den Ausseministère huet dann och confirméiert, datt bal all Demandeur fir e Visum zukünfteg seng „Social Media“ Kontakter, déi am Telefon gespäichert Nummeren an e-Mail Adressen op Nofro muss hierginn. Am Communiqué heescht et, datt d‘Formulaire fir déi ënnerschiddlech Visaen hu missen un déi nei „Ëmstänn“ ugepasst ginn. D‘Moossnam wier jo schonn 2017 annoncéiert ginn.

Et gouf zudeem och schonn ugewannt. Allerdéngs ware vun dëser Moossnam bis ewell nëmmen esou Leit betraff, déi a Länner ënnerwee waren, déi vun „Terroristen“ kontrolléiert goufen. Säit „Nine-Eleven“ degradéiert sech den internationalen Zesummenhalt kontinuéierlech. Wien jidderee widder de Kapp stéisst, kann sech logescherweis net méi sécher sinn wien ass Frënd, wie Feind…

Woubäi ee puer „Frënn“ schéngen d‘Amerikaner nach ze hunn. Fir den Ament ass et dann emol fir eis Lëtzebuerger (also Mënsche mat engem Lëtzebuerger Pass) esou, datt mir nach zu den 38 Länner gehéieren, déi deel vum ESTA-Programm sinn. Dofir brauche mir – am Kontext vun engem zäitlech begrenzten Openthalt – nach kee Visum. Woubäi ee gutt beroden ass awer nozefroen.

mat indymedia/chi/zrh

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Kontroll, Paranoia, Sozial Netzwierker, USA, Visum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel