Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bichergeck – eng kleng Virstellung
kristy butler dating with discernment Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-professor-in-college/

sandra vergara dating

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de

100 free dating site in netherlands
kristy butler dating with discernment Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-professor-in-college/

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater

An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt
kristy butler dating with discernment Neiegkeeten https://moien.lu/dating-a-professor-in-college/

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt

En ass nei, onverbraucht an huet laut den Héichrechnungen seng

Keng Alternativen zum Wuesstem !

Keng Alternativen zum Wuesstem !

Zu Lëtzebuerg hunn mir zënter längerem een iwwerduerchschnëttlech héije Wuesstem. Dëse kennt vun eiser dynamescher demographescher Entwécklung, déi hirersäits vun eiser attraktiver Wirtschaft gedriwwe gëtt. Et schéngt neierdéngs, dass d’Wuert „Wuesstem“ ëmmer méi eng negativ Konnotatioun kritt.

D’Wuesstems-Kritiker verweisen op déi negativ Konsequenzen, an identifizéieren haaptsächlech déi héich Wunnengspräisser, déi deeglech Stauen, den Agrëff an eis Ëmwelt, an den domat verbonnenen Impakt op eis Liewensqualitéit.

Si verlaangen ee Gesellschafts-Modell, deen ob manner Wuesstem opbaut an deen et de Léit géif erlabe – trotzdeem oder grad dowéinst – méi glécklech ze liewen. Et ass richteg, dass de Wuesstem net Synonym ass mat dem Wuelbefanne vun der Bevëlkerung. Mee de Wuesstem ass awer eng wichteg Viraussetzung, dass Leit kenne glécklech an der Gesellschaft zesumme liewen an sech do entfale kennen. Et ass nëmmen duerch de Wuesstem dass d’Gesondheets- a Pensiounsleeschtungen, d’Educatioun, d’Sécherheet, d’Sozial-, Kultur- a Sportinfrastrukturen kenne finanzéiert ginn. De Wuesstem erlaabt d’Chômage-Bekämpfung, an dass déi jonk Léit eng Zukunftsperspektiv gesinn.

Eng Décroissance, oder eng Rezessioun wéi se 2008/2009 weltwäit enregistréiert gouf, féiert zu sozialen Onrouen, Frustratiounen an Opkomme vu Populismus.

Et gëtt also keng Alternativen zum Wuesstem ! Par contre, Wuesstem, deen net duerch déi noutwendeg Moossname begleet gëtt, ass net nohalteg.

Am Moment vergréissert sech Beschäftegungszuel all Woch em ronn 250 Salariéeën, dat eleng si schonns all Woch potentiell 150 Autoe méi ob eise Stroossen…

Eng politesch diktéiert Ofbremsung vun der demographescher oder wirtschaftlecher Dynamik ass an eiser oppener Gesellschaft an Ekonomie net denkbar. D’Léisung läit vill méi an engem Konzept dat d‘Handelskummer schonn 2012 an d‘ëffentlech Debatt bruecht huet: de qualitative Wuesstem.

Also net manner, mee en bessere Wuesstem, deen sech op Produktivitéitssteigerung stäipt. Dësen ekonomeschen Terme heescht einfach: „méi oder besser maachen, mee mat manner Ressourcen“ an dat an eiser ganzer Gesellschaft, also an de Stéit, an de Betriber, an eise Verwaltungen, etc.

Duerch Innovatiounen, den technologesche Fortschrëtt, nei Prozesser, nei Aarbechtsorganisatiounen, nei Konsum-Modeller, etc. ka  jiddwereen – de Mënsch, d’Familljen, den Entrepreneur, de Staat, asw. duerch Effizienz-Verbesserungen an -Steigerunge mat manner Mëttelen a Ressourcen, méi Räichtum fir eis Gesellschaft schafen.

Lëtzebuerg ass e klengt oppent Land, en attraktive Wirtschaftsstanduert, deen all seng Ressourcen importéiere muss, an dofir enger grousser Ofhängegkeet vum Ausland ausgesat ass. Dofir ass Lëtzebuerg déi ideal Platz, fir nei Modeller am Beräich qualitative Wuesstem ze testen, an duerno resolut unzewenden.

Dat ass an der leschter Legislatur-Period och geschitt, andeems de Wirtschaftsministère zesumme mat der Handelskummer déi sou genannte Rifkin-Etüd lancéiert huet. D’Etüd huet och zu konkreten Usätz a verschiddene Beräicher gefouert. Just e puer Beispiller erausgepickt. De konsequenten Ausbau vun erneierbaren Energien a vun der Elektromobilitéit gi virugedriwwen, an ee Gesetz ass um Instanzewee iwwer dat sougenannten Energie-Internet, wou déi dezentral produzéiert Energie och kann zB. Auto-consomméiert ginn. De Konsument ass also gläichzäiteg Produzent.

D’Mobilitéit als Service ass iwwert eng App weiderentwéckelt ginn. An der Stad an iwwert Land entsti modern, smart a nohalteg Wunnquartieren. De Projet “High performance computing” ass och ee Projet aus der Rifkin-Etüd. Ee weidere Projet ass d’Schafe vun enger Plattform, op där nohalteg Projeten aus der Zivilgesellschaft nohalteg Finanzéierungsméiglechkeete kenne fannen, spréch wou déi finanziell Moyen’en fir ee gesellschaftlechen Impakt ze generéieren an d’Projeten déi an déi Richtung ginn zesumme kommen.

D’Kreeslafwirtschaft ass och zanter der Rifkin-Etüd ëmmer méi gräifbar ginn. Eis Industrie mécht do immens Efforten, och am Energieberäich. D’Fintechs sinn eng Success Story, och si kruten duerch d’Etüd een neien Undriff, genee esou wéi d’Biolandwirtschaft.

Ech hoffen, dass den éischte positive Schwong an d’Motivatioun vu ganz villen Acteuren aus dem privaten an ëffentleche Secteur net ëmsoss waren, an dass de qualitative Wuesstem duerch nei an innovativ Iddien a Modeller frësch belieft gëtt , an esou och eng nohalteg Dynamik entwéckelt gëtt.

D’Ziel ass et dass Verbraucher, Betriber, an de Staat duerch en intelligente Mix vun Energie an neien Technologien iwwert Internetplattforme méi effizient, a méi Ressourceschounend konsuméieren, produzéieren, verwalten an organiséiere kënnen.

Dëst kennt eiser Liewensqualitéit an der Ëmwelt ze gutt, ouni déi kuerzfristeg Finanzéierung vun de Begleetmoossname vum Wuesstem a Fro ze stellen. Mir géifen et sou fäerdeg bréngen, de Wuesstem vum Ressourcëverbrauch lasszekoppelen.

D‘Erhéijung vun der Produktivitéit an Effizienz-Steigerungen duerch den technologesche Fortschrëtt hunn historesch gesinn net zu manner, mee zu méi Beschäftegung gefouert, och – a virun allem – zu Lëtzebuerg. Doraus sin awer nei Beruffsbiller an nei Profiller um Aarbechtsmarché entstanen, an dat mierke mir och bei den aktuellen Emwälzungen, déi duerch d’Digitaliséierung, Artifical Intelligence, néi Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien entstinn.

Bestoend Kompetenze mussen den neie Besoin’en ugepasst ginn, an nei Kompetenze mussen derbäi kommen. Dës kennen net nëmmen aus dem Ausland kommen, mee sollen och heiheem séier a proaktiv aus dem Lëtzebuerger Educatiounssystem, an aus eiser Aus- a Weiderbildung massiv mobiliséiert ginn.

Och heifir gëtt et keng nohalteg Alternative !

Illustratioun: Pixabay

NvdR: De Carlo Thelen ass Direkter vun der Handelskummer zu Lëtzebuerg.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsorganisatiounen, Liewensqualitéit, Populismus, Rezessioun, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel