Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg
benefits of dating a girl that lifts https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

https://moien.lu/dating-zoosk-profile/

Wie seng Geschicht net kennt, ka seng Zukunft net plangen.

special needs dating uk
benefits of dating a girl that lifts https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Um spéide Mëttwochowend war et, direkt virum ungaresche Parlamentsgebai zu

geek
Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich
benefits of dating a girl that lifts https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich

De Messageriesdéngscht Snapchat huet deene Mënschen, déi als Unhänger vum

Keng Geleeënheet ausloossen (Kommentar)

An der Kausa „groussherzogleche Plaidoyer fir d‘Grand-Duchesse“ mellt sech en Opportunist zu Wuert

Keng Geleeënheet ausloossen (Kommentar)

Am Frankräich lieft zanter enger gefillter Éiwegkeet e Personnage mam Numm „Stéphane Bern“, deen als „Francophon-Lëtzebuerger“ Journalist presentéiert gëtt, d‘Sprooch net besser wéi d‘Groussherzogin beherrscht an och soss mam Land nëmme wéineg ze dinn huet. Dofir ass hien awer en Expert vun den europäesche Monarchien, deenen hien zuweile gären „den Haff hält“.

Hien huet dann och – ganz am Géigesaz zur Lëtzebuerger Press – e privilegiéierten Zougang zu eiser Monarchin, déi bekanntlech léiwer zu Paräis „sejournéiert“ wéi an de kale Gemaier vu Schlassbierg. De „Vertraute“ vun eiser Groussherzogin Maria Teresa huet dann och, nodeems schonn de Groussherzog seng Madamm a 4 Sprooche verdeedegt huet, säi Pefferkär bäigeluecht.

GeleeënheetMir hunn dann och net schlecht gestaunt, datt sech den „Här“ op der Antenn vun RTL-TVI (Belsch) e Méindeg en Avis iwwert déi Lëtzebuerger Medien erlaabt huet, vun deenen hien eigentlech nach just RTL aus der Erënnerung hir kennt. Dofir weess hien awer zimlech genee, datt dës onséileg subventionéiert Press immens feindséileg der Groussherzogin géinteniwwer opgestallt ass.

Hie vertrëtt d‘Usiicht, datt déi aarm Monarchin „ganz eleng d‘Geschécker vum Haff ze leeden huet, an hir wiesentlech méi Consideratioun geschëlt wier, wéi déi kleng Bläistëftspëtzer aus de lokale Redaktiounen et an hirer Be- oder Ëmschreiwung vum betriblechen Oflaf um groussherzoglechen Haff maachen. Et schéngt dann och, wéi wann hie de Rapport vum Jeannot Waringo kenne géif…

Dëse Rapport, vun deem mir wëssen, datt e garantéiert mat de Folge fir d‘Gestioun vum Haff-Personal wäert ze dinn hunn, interpretéiert der Groussherzogin Maria Teresa hire „Confident“ journalistesch gewot esou: „Dëse Rapport, dat wäert dir gesinn, ass opgebauscht an ouni Inhalt (…) Ech kann iech soen, datt hei zu kengem Ament d‘Groussherzogin a Fro gestallt gëtt“.

GeleeënheetElo kann een dem Stéphane Bern awer nëmme bedéngt rose sinn. Et sollt ee bedenken, datt hien net nëmme vu Monaco mam „Uerde vu Grimaldi“ (2011), vun der Belsch mam „Uerde vu Leopold“ (2013) a vun de Brite mam „Uerde vum Empire“ (2014) ausgezeechent gouf, nee de „Journalist“ huet 2013 och den „Uerde vum Adolf vun Nassau“ un d‘Broscht gespéngelt kritt.

Hien huet quasi d‘Flicht sech fir d‘Groussherzogin Maria Teresa an de Kampf ze stierzen, an déi eege „Famill“ – vun deenen hie zwar kee kennt awer alles wësse wëll – duerch den Dreck ze zéien. Woubäi hien huet et net nëmmen op d‘Journalisten am Land, mee och op d‘Regierung vun dësem „fiskale Paradäis“ sëtzen. An et ass den Alex Bodry, deen de Nol op Twitter aschléit.

De Sozialist dee sech zukünfteg am Staatsrot op de verdéngte Liewensowend virbereet, huet eng weider vum Hofnarr gemaachten Ausso opgegraff: „Lëtzebuerg besteet op der internationaler Zeen dank dem Haff“. Dat ass wuel Brach an dat weess esouguer den Auteur, Stéphane Bern, besser wéi all aneren, mee och hie muss „sech verkafen“ an d‘Yellow Press erfreet sech iwwer esou Aussoen.

Foto: © Tribunal du net

Ähnlech Sujeten Groussherzogin, Marie Teresa, Plaidoyer, Rapport Waringo, Stéphane Bern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel