Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad
Neiegkeeten

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Um Mëttwoch, huet den US-Senat dem Donald Trump a Saudiarabien

Landtagswahlen: Hessen huet entscheet
Neiegkeeten

Landtagswahlen: Hessen huet entscheet

Schwaarz-Gréng kann no de Walen am Bundesland Hessen mat enger

surprise
Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift
Neiegkeeten

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

D‘Ausseminister vu Frankräich a Lëtzebuerg hunn sech um Freideg zu

(K)eng nei Verfassung?

(K)eng nei Verfassung?

No enger Abberzuel un „informelle“ Reuniounen am Kontext vun Upassung vun der Verfassung un déi modern Gesellschaft schéngt elo erwisen, datt et net zu enger neier Verfassung, mee et elo nach just zu enger Verfassungsreform komme soll.

An dësem Kontext hat de President vun der parlamentarescher Kommissioun, Alex Bodry (LSAP) mat de Vertrieder vun de véier politesche Gruppen (CSV; DP; LSAP; déi gréng) Reuniounen organiséiert, fir iwwert déi nächst Schrëtt an dësem Dossier ze befannen. Dobäi ass erauskomm, datt verschidde Punkte vun der aktueller Verfassung muss reforméiert ginn.

Wat d‘Diskussiounen zur Reform vum Wahlsystem, dem Cumul vun de Mandater oder de Statut vun den Deputéierte betrëfft, esou sollt dat vun der Verfassungsreform getrennt ginn. Den Alex Bodry schléit vir, dës Gespréicher parallel zur Revisioun vu verschiddene Kapitel vun der Verfassung ze féieren. Mécht een dat net, da ware 15 Joer Aarbecht fir d‘Kaz.

Hie stellt allerdéngs och fest, datt ee sech parteiiwwergräifend (also vun den hei genannten) eens ass, datt Lëtzebuerg eng modern Verfassung brauch. Problemer bereeden hei d‘Divergenzen an den Textvirschléi vum Juni 2018. E Problem ass et och, wann ee Parteien opgrond hirer „gréisst“ vun den informelle Gespréicher ausschléisst. Net ze vergiessen, datt een d‘Vollek befroe wëll…

Den Zinniklos rett et net

D‘Vertrieder vun de politesche „Sensibilitéiten“ – déi lénk / d‘ADR – hunn net un dësen informelle Sëtzungen deelgeholl, wëllen awer wëssen, u wéi enge Punkten sech déi „grouss“ Parteie stoussen. Eng Äntwert soll et de 6. Dezember ginn, woubäi den Alex Bodry awer nach preziséiert huet, datt déi grouss Parteien sech bei de meeschte Punkten eens sinn.

Esou beispillsweis bei den Themen: fundamentaalt Recht an Justiz. De Kommissiounspresident huet zudeem bestätegt, datt d‘Propose vun de Bierger am Kontext vun den ëffentlechen Unhéierungen net ausgeblend ginn. Et wier esouguer méiglech, datt bei zukünftegen Aarbechten, weider Propose vun der Zivilgesellschaft kéinte berécksiichtegt ginn.

Wann een de Sozialist gutt verstanen huet, wier et d‘Zil mat deene Punkten unzefänken, bei deenen et e gewësse politesche Konsens an Drénglechkeet gëtt. E Referendum zu all eenzele Punkt oder Kapitel (jee no Siichtweis) schléisst den Alex Bodry net aus, woubäi hie preziséiert, datt een dat vu Fall zu Fall misst entscheeden. D‘ADR géif dat jo begréissen.

Illustratioun: Arek Socha / Pixabay

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Chamberkommissioun, Referendum, Verfassung, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel