Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert
sweet dating quotes Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-disston-hand-saws/

No der Ofso vum geplangte Meeting mat Vertrieder vun den

https://moien.lu/dating-app-used-in-india/
sweet dating quotes Neiegkeeten

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Enn Februar huet d’Regierung, am Kader vun den europäesche Klimaschutzzieler

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!
sweet dating quotes Neiegkeeten

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!

Un dësem Weekend komme Musek-Fans aus alle Beräicher nees op

Keng Neiwahle virum Brexit

Britesche Premier kritt am Parlament keng zweedrëttel Majoritéit an de Parlamentspresident huet säi Récktrëtt ugekënnegt

Keng Neiwahle virum Brexit

Um leschte Sëtzungsdag virun der Zwangspaus wollt de Boris Johnson säin Antrag fir Neiwahlen duerchsetzen, mee et war net méiglech an der Nuecht eng zweedrëttel Majoritéit am Parlament fir dësen ultimative Schratt ginn. D‘Gesetz fir eng Fristverlängerung ass dogéint a Kraaft…

Fir dem britesche Premierminister seng Neiwahlen hunn sech hënt 293 Parlamentarier ausgeschwat. Dat ass wäit ewech vun de benéidegte 434 Stëmmen déi néideg gewiescht wieren. Domatter steet elo fest, datt et keng Chance méi gëtt nach virum 31. Oktober – dat ass de Stéchdatum fir de Brexit – Neiwahlen ofzehalen. An dat ass net déi eenzeg schlecht Nouvelle fir de Boris Johnson.

BrexitNach iert et zum Vott iwwer Neiwahle komm ass, huet d‘Parlament e Beschloss ugeholl, mat deem d‘Regierung genéidegt gëtt, intern Dokumenter zu de Virbereedunge fir e Brexit ouni Accord, wéi och zur Zwangspaus, erauszeginn. De Jeremy Corbyn (Labour) hat zur „Operation Yellowhammer“ gemengt, datt „wann d‘Regierung näischt ze verstoppen huet, firwat verstoppt si et dann?“.

Déi britesch Deputéiert – hei virun allem déi wou sech géint en Austrëtt aus der EU ouni Accord zesummegedoen hunn – verlaangen och en Abléck an déi regierungsintern Kommunikatioun zur „Zwangspaus“. Si wëlle klären, ob d‘House of Commons duerch dës Moossnam virum geplangten Austrëtt sollt Handlungsonfäeg gemaach ginn. Huet et „taktesch“ Iwwerleeungen dëser Aart ginn?

Ass den „No Deal“ vum Dësch?

D‘Gesetz géint den „No Deal“ ass e Méindeg a Kraaft getrueden. E Spriecher vum House of Lords huet bestätegt, datt d‘Queen hir Ënnerschrëft gemaach huet. Mat dësem Gesetz gëtt de Premier gezwongen eng Fristverlängerung bei der EU unzefroen, de Fall gesat bis zum 19. Oktober ass dat bestoend Ofkommes net ratifizéiert. Wéinst dem iresche Backstopp gëtt et hei och keng Majoritéit.

BrexitHei stéisst ee sech dann awer nees um verbatterte Widderstand vum Boris Johnson, deen – Gesetz hin oder hir – partout keng Fristverlängerung zu Bréissel ufroe wëll. Hien huet um Méindegowend nach emol betount: „Ech wäert net ëm eng weider Verlängerung biedelen“. Hie bleift standhaft, hält un der Hoffnung fest datt et eng Scheedung mat Ofkommes méiglech ass, mee falls net…

Dobäi muss ee wëssen, datt och den Oppositiounsleader Jeremy Corbyn net fundamental géint déi „Neiwahlen“ ass, mee dee kann et net riskéieren, datt de Boris Johnson déi méiglecherweis gewënnt an dann d‘Gesetz géint en „No Deal“ nees ophiewe kéint. „Mir wëllen Neiwahlen, mee esou gäre mir se wëllen, mir wäerten net riskéieren eis selwer den Desaster vun engem No Deal opzëerleeën“.

BrexitAn esou sollen Neiwahlen eréischt dann erméiglecht ginn, wann de Boris Johnson entweder mat der EU en Accord fonnt oder eng Fristverlängerung ugefrot huet. Dem BoJo seng Reaktioun: „Wann dir wierklech de Brexit iwwert den 31. Oktober eraus verzögere wëllt, da stëmmt fir Neiwahlen a loosst d‘Wieler entscheeden ob si eng Fristverlängerung wëllen oder net“. A wat wëll Bréissel?

„Good bye Mister Speaker“

Eng „Iwwerraschung“ huet et gëschter dann och nach ginn: de Parlamentspresident John Bercow, deen a Groussbritannien jiddereen als de „Mister Speaker“ kennt an dee sech weltwäit eng gewësse Renommée mat sengem „Ordeeer, Ordeeer!“ gemaach huet, trëtt zréck. An enger Erklärung huet den John Bercow, deen aus de Reie vun de Konservative kënnt seng Entscheedung bekannt ginn.

Hie betruecht déi vum Boris Johnson organiséiert Suspendéierung vum Parlament als „Destruktiv“. An enger emotionsgeluedener Ried huet hien drop higewisen: „Während menger Zäit als Spriecher hunn ech versicht, déi relativ Autoritéit vun dësem Parlament ze erhéijen, woufir ech mech bei absolut kengem, zu kengem Zäitpunkt entschëllege wäert“. Den 31. Oktober soll Schluss sinn.

mat indymedia/lon

Foto: De Parlamentspresident John Bercow, besser bekannt als Mister Speaker huet e Méindeg seng Absicht zréckzetrieden ëffentlech gemaach. Hien hält spéitstens den 31. Oktober op. © Jess Tailor/Commons Press Office

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, House of Commons, John Bercow, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel