Search

You may also like

Halloween Night am Ciné Scala – Do ginn engem d’Schudderen aus!
International Neiegkeeten

Halloween Night am Ciné Scala – Do ginn engem d’Schudderen aus!

Um 31. Oktober ass et nees esou wäit: Doudeg Gestalte

Geféierlech Stroossen
International Neiegkeeten

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Mat der SAS op Stockholm an zréck
International Neiegkeeten

Mat der SAS op Stockholm an zréck

Lëtzebuerg ass attraktiv, egal ob fir doucen Tourismus oder knallhaarde

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag

Eigentlech wollt de britesche Premierminister gëschter Neiwahlen duerchsetzen, dat mat Aussicht op eng nei Majoritéit a méi Spillraum beim Brexit. Dat hunn se am britesche Parlament dann awer eppes differenzéiert gesinn ab Neiwahle refuséiert. Haut soll dann nach emol gefrot ginn…

Fir Neiwahlen hätt de Boris Johnson d‘Zoustëmmung vu mindestens 434 Deputéierte gebraucht, mee nëmmen 299 hunn um Enn fir Neiwahle gestëmmt. Vun esou enger Néierlag awer, léisst sech de Premier net wierklech beandrocken an esou wëll hien en Gesetzesentworf abréngen, bei deem eng einfach Majoritéit géif duergoen. D‘Parlament géif d‘Land a Geiselhaft huelen, an dat geet net.

An tatsächlech gëtt et nach esou eppes wéi eng politesch „Hannerdier“. Géif et dem Boris Johnson geléngen déi kleng Oppositiounsparteien iwwerzeegt ze kréien – an d‘Liberaldemokrate wéi och déi schottesch Nationalpartei (SNP) hunn entspriechend Signaler ginn – da kéint et schonn den 9. Dezember zu Neiwahle kommen. Also esouguer nach eppes éischter wéi vum Premier virgeschloen.

Dofir brauch et awer eng richteg Prozedur mat méi Liesungen. Géif déi um haidegen Dënschdeg lancéiert, kéint et sech zäitlech opgoen. Woubäi hei net gewosst ass, op déi genannte Fraktiounen sech op dee vum Premierminister proposéierten Termin aloosse kënnen. Ëmmerhin si weder d‘Liberaldemokraten nach déi schottesch SNP fir en Austrëtt aus der europäescher Unioun.

Et wier däerf een zudeem unhuelen, datt esouwuel d‘Liberaldemokrate wéi och d‘SNP hei wäerten hie Konditiounen abréngen. Dat méiglecherweis duerch Amendementer déi se dem Gesetzesentworf unhänke kéinten. Esou huet de Fraktiounschef vun der SNP, Ian Blackford, gëschter nach emol gefuerdert de Wahlalter vun 18 op 16 Joer erofzesetzen. Eng Fuerderung déi esou nei net ass.

Mee et géif Sënn maachen, a wéi et de schottesche Fraktiounschef erkläert huet, ass déi britesch Jugend wiesentlech méi pro-europäesch wéi déi eeler Generatiounen. Wat hien hei allerdéngs net bedenkt: déi „britesch Jugend“ hat beim Referendum „gefeelt“. Si ware beim Referendum, bei deem et ëm hir Zukunft gaangen ass, net „motivéiert“ an droen eng gewësse Schold um Chaos.

mat indymedia/lon

Foto: © Steve Bray / Stop brexit Mouvement

Related topics Boris Johnson, Brexit, Ian Blackford, Liberaldemokraten, Neiwahlen, SNP
Next post Previous post