Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft
Neiegkeeten Stories

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?
Neiegkeeten Stories

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?

D’Lëtzebuergesch Orthographie kann heiansdo richteg schwiereg sinn. Mee wéi ee

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Éischten Optrëtt vun der Blue Man Group viru genau 37 Joer

Si bidden eng humorvoll Show aus Musek, Show an Theater,

Keng Oppositioun an der Chamber!

Nom Cremant huet sech gëschter d‘Oppositioun verfuusst...

Keng Oppositioun an der Chamber!

An der Affär – déi eigentlech keng ass well et einfach kee wëll interesséieren – vum ominéise Casier-bis gëtt d‘Oppositioun, ugefouert vun der CSV, keng Rou. Esou wëll d‘CSV, datt sech de Kommunikatiounsminister um Krautmaart de Froe vun den Deputéierte stellt, firwat de Sujet sollt op d‘Dagesuerdnung gesat ginn. Dofir gouf et keng Majoritéit an et koum zum Eclat…

Dobäi hat un a fir sech alles gutt ugefaangen. Kamoud an der Fotell installéiert, de Schreifblock op de Knéien an de Griffel fest am Grapp… all Ament geet de Live-Stream vun der Chamber un. Éischt Biller flatteren iwwert de Schierm, de Kaffi ass nach agreabel waarm. D‘Dagesuerdnung huet sech gläichfalls ganz entspaant ugesinn: Nohalteg Entwécklung, Energie, Soziales an d‘Post

Et hätt also ee vun deene privilegéierten Nomëtteger kënne ginn, déi engem Chefredakter esou kuerz virun der politescher Summerpaus zoustinn. Dat fir d‘Stëmmung an der Redaktioun ze beschreiwen, bis… jo bis de Buergermeeschter vu Mamer, Gilles Roth (CSV), sech erhuewen huet fir d‘Wuert ze ergräifen. Deen ass zügeg op de Punkt komm, a wollt eng Modifikatioun vun der Dagesuerdnung.

Zum Rappell, d‘Dagesuerdnung vun der Chamber muss ëmmer virun der Sëtzungserëffnung vun den Deputéierten ugeholl ginn. Dofir awer hätten déi Deputéiert vun der Koalitiounsregierung dëser „Modifikatioun“ zoustëmme missen. Well de Gilles Roth awer op en Neits op de Casier-bis, respektiv soss „geheim Police- an/oder Justizfichieren“ agoe wollt, huet d‘Majoritéit nee gesot.

Eng fundéiert Argumentatioun

De Gilles Roth huet d‘Modifikatioun vun der Dagesuerdnung motivéiert: „D‘Dagesuerdnung muss och de Suergen a Bedenke vun de Bierger Rechnung droen. An dës Dagesuerdnung ass och déi vum Rechtsstaat, deen an de leschte Woche wéinst de geheime Fichieren uerg an Diskredit geroden ass“.

An datt si bei der CSV zolidd rose sinn huet en treffende Grond – firwat et imminent wichteg ass drop hinzeweisen, datt et déi Fichiere vun deenen hei rieds ass, net eréischt zanter „Gambia“ gëtt – an dee bezitt sech ob e Mëssel vun deem den CSV-Member François Georges direkt betraff ass (Kandidat vun der CSV-Stad bei de Gemengewahlen 2017). An d‘Geschicht vum 50 järegen ass nawell bosseg.

Laut dem Mamer Buergermeeschter, ass de Vizepresident vun der Stater CSV-Sektioun vun der Police als „potentiell geféierlech“ agestuuft ginn, firwat hien 2018 net huet dierfen un der ziviller Zeremonie fir Nationalfeierdag deelhuelen. Elo kann sech de François Georges awer op en eidele Casier (Casier Vierge) beruffen. Dat wier Beweis genuch, datt hei d‘Kromm an der Heck läit.

Oppositioun

An den CSV-Deputéierte schléit den Nol nach eppes weider an, wéi hien den Deputéierte vun der Koalitiounsregierung an Erënnerung rifft, datt d‘Deklaratioun vun der Procureure Martine Solovieff „et géif keng geheim Fichiere ginn“ glat gelu war, wéi et d‘Kontroll-Autoritéit wëll festgestallt hunn. Et ass iwwregens déiselwecht Damm, déi vum Bierger blannt Vertrauen an d‘Justiz fuerdert.

Zwee Minister an Erklärungsnout

Elo huet et säitens der Regierung schonn esou eppes wéi Reaktioune ginn, dorënner och déi vun de grénge Minister Felix Braz (Justiz) a François Bausch (Bannesécherheet). Hei stellt de Gilles Roth fest: „Déi zwee concernéiert Minister gesinn sech net an der Verantwortung“ firwat d‘CSV fuerdert, datt d‘Citatioun vum Premier- a Kommunikatiounsminister muss op d‘Dagesuerdnung gesat ginn.

Domadder net genuch, d‘CSV Fraktioun huet sech an de Kapp gesat, vun der Regierung d‘Virlag vun zwee Gesetzprojeten ze erzwéngen, déi iwwert d‘Bestoe vun dëse „Fichieren“ legiferéiere sollen. An dat gefällegst nach virun der nächster parlamentarescher Rentrée! An och dat geet net duer, déi national Dateschutzkommissioun (CNPD), sollt (endlech) hirer Missioun gerecht ginn.

Vun dëser fuerdert den CSV-Deputéierten, dem Public e Formulaire zur Verfügung ze stellen, mat deem et de Bierger méiglech wier, Auskunft iwwert all d‘Informatiounen ze erhalen, déi vu Police a Justiz ouni säi Wëssen „zu besonneschen Zwecker archivéiert goufen“. D‘CNPD ass elo awer net wierklech eng effizient Institutioun, verschleeft gären Dossieren, a muss emol eng Etüd maachen.

Wa bis den éischte Stee geworf gouf

Datt déi ganz Affär eng reegelrecht Blamage fir d‘Regierung an déi concernéiert Institutiounen ass, léisst sech beim beschte Wëllen net méi dementéieren, an et läit an der politescher Logik, datt d‘Oppositioun esou Sujeten entspriechend hirem Wäert ausschluecht. Net verwonnerlech, datt hei och d‘ADR eng Opportunitéit gesäit, der Regierung Steng an de Wee ze leeën.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet d‘Chamber drop higewisen, datt d‘Bierger am Land ganz besuergt wieren a vun der Chamber Opklärung verlaangen. Et ass allerdéngs richteg, datt an dësem esou schwierege wéi och skandaléisen Dossier, d‘Widderspréch eng Qualitéit kritt hunn, datt et bal net ze gleewen ass, datt dat Alles zu Lëtzebuerg stattfënnt. Op d‘Strooss geet jo kee protestéieren…

Wann et awer esou virugeet – an do gëtt et net dat geréngsten Unzeechen, datt sech dësen Dissens a Wuelgefällegkeet opléist – wäert et wuel oder iwwel zu enger Enquêtëkommissioun komme mussen. Bis dohinner ass et nach e Stéck, mee fir den Ament ass zumindest geséchert, datt et nach lëschteg Bistrosgespréicher uechtert d‘Land dierft ginn. D‘Summerpaus bleift politesch animéiert.

De Pragmatismus vum Chamberpresident

De President vun der Chamber, Fernand Etgen (DP), kennt dat politescht Geschäft schonn eppes méi laang, wat erkläert, datt sech dësen net aus der Rou brénge léisst. Säi pragmateschen Ëmgang mat den Doleance vun der Oppositioun, dierft dës nach eppes weider veriergert hunn. Wéi och ëmmer… de Chamberpresident stellt lapidar fest:

„Et huet zu dësem Thema keng Ufro fir eng Aktualitéitsstonn ginn, wat awer d‘Prozedur ass déi et anzehale gëllt. Et huet och keng Ufro zur Schafung vun enger Enquêtëkommissioun ginn an et ass och näischt mëndlech bei der Presidentekonferenz gefrot ginn“.

An domadder hat den opmierksame Bierger schonn emol en Hiwäis dorops, wéi sech d‘Sëtzung kéint weiderentwéckelen. Dem Fernand Etgen senger Ausféierung entgéint dann och den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. Hie gëtt dem Chamberpresident am „Fong“ Recht, weist dann awer elegant drop hin, datt vun den Deputéierten erwaart gëtt, d‘Dagesuerdnung per Vott unzehuelen.

Erwaardungsgeméiss ass de Schoss säitens der Oppositiounsbänk vun der Majoritéit iwwerhéiert ginn, an d‘Spannung déi sech um Krautmaart opgelueden huet, war net méi ze iwwersinn. Si waren dann awer och eppes méi wibbeleg wéi soss, mee haten de politesche Géigner hei ënnerschat.

Aus dem Bléckwénkel vun der Majoritéit

Bei der DP hëlt een déi ganz Saach net op déi liicht Schëller, ganz am Géigendeel. Zumindest war den Eugène Berger (DP), deen d‘Positioun vu senger Fraktioun duergestallt huet, net op de Mond gefall an huet den Dammen an Hären op der Oppositiounsbänk d‘Stir gebueden. Et géif een de Sujet batter eescht huelen an et hätt schliisslech och schonn dräi Kommissiounssëtzungen dozou ginn.

Et wier een zudeem „transparent“ mat allem ëmgaangen, firwat jo anscheinend och de Verbatim vun de Kommissioune verëffentlecht gi wier. Den Eugène Berger, dee sech och éischter op eng roueg Summerpaus wëll freeën, weist nach drop hin, datt et jo nach Sëtzunge wäert ginn, wou de Sujet behandelt gëtt, firwat hien de politesche Géigner opfuerdert dat Ganzt gemälleg unzegoen.

De verséinlechen Toun vun der liberaler Fraktioun huet sech dunn awer net op déi gréng Fraktioun iwwerdroe gelooss. Hei war et d‘Schäffin vu Beetebuerg (hei an der Koalitioun mat der CSV) Josée Lorsché déi d‘Wuert ergraff huet, an de chrëschtlechsozialen den ausgestreckten awer politesch korrekt verpaakte Mëttelfanger entgéint gehalen huet. Si géife „politesch Politik“ maachen…

Provokatioun dankbar ugeholl

Dat ass jo och – zumindest an enger Demokratie – d‘Roll vun der Oppositioun, woubäi de Sujet hei net dem Virworf gerecht gëtt. Datt d‘Josée Lorsché béid ugeschwate Minister aus den eegene Reien a Schutz hëlt, war dann och dat natierlechst wat et gëtt. Et ass ee vun de Momenter an der Politik, wou den Zesummenhalt an eng gemeinsam Linn d‘Stäerkt vun enger Koalitiounsregierung duerstellen.

No dëser Aussprooch, de Kaffi war mëttlerweil kal an de Bläistëft huet gekacht, waren d‘Deputéiert opgeruff iwwert d‘Dagesuerdnung, esou wéi se an der Presidentekonferenz festgeluecht ginn ass, ofzestëmmen. D‘Fuerderung dës ze änneren, sollt heibäi net berécksiichtegt ginn. Spéitstens do war d‘Kand an de Buer gefall, an et koum wéi et huet komme mussen, d‘Oppositioun huet „protestéiert“.

Oppositioun

Et ass éischter seelen, datt et an der Chamber zu engem Eclat mat esou Biller wéi gëschter kënnt. Jiddefalls – a si dierften sech am Virfeld dorops gëeenegt hunn – huet sech d‘Oppositioun (bal) geschlossen erhuewen an ass demonstrativ senger Wee gaangen. D‘Piraten hu sech hei zäiteg drun erënnert, datt och si „Oppositioun“ sinn, a sinn am leschten Ament op de Won opgesprongen.

De Quorum hu se direkt matgeholl…

Wat un dëser Situatioun ervirzehiewen ass, betrëfft d‘Absence vun zwee Spëtzendeputéierten op der Majoritéitsbänk. D‘Buergermeeschtesch aus der Stad, d‘Lydie Polfer (DP) an den Alex Bodry (LSAP) waren anerwäerts beschäftegt, firwat et gutt a wichteg war, datt sech d‘Piraten am leschten Ament dem Rescht vun der Oppositioun ugeschloss hunn. Esou gouf et kee Quorum méi…

Dat heescht et huet keng Majoritéit un Deputéierten an der Chamber ginn an esou kann och net ofgestëmmt ginn. Net iwwert den Ordre du Jour an och iwwer soss näischt anescht. D‘CSV hat sech eng Strategie ginn, déi den Nol net besser hätt kënnen op de Kapp treffen. Wouhier si woussten, datt der Majoritéit zwou Stëmme géife feelen? Also de geheimen Dossiere konnten si et net enthuelen.

E gutt Bild vum héijen Haus stellt dat net duer, an et dierf ee frou sinn, datt mir am Ausland kaum bis wéineg Berécksiichtegung hunn – ausser et ass rieds vum Geld an sengem Paradäis – firwat een sech elo froe sollt, wat hält de Bierger dovunner. An de bekannte Reseauen (Facebook, Twitter) gëtt et deen üblechen „Allerlee“, dofir war et gëschter Owend erstaunlech roueg ronderëm de Comptoir.

Foto: Eidel Still an der Chamber sinn éischter seelen, woubäi dat ënnert den aktuellen Ëmstänn duerchaus widderhuelungsfäeg ass.

Ähnlech Sujeten Casier-bis, Chamber, CSV, Geheim, Gilles Roth, Krautmaart, Oppositioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel