Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August
International Neiegkeeten Stories

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen
International Neiegkeeten Stories

Cactus-Direktioun léisst seng Leit net méi Sonndes schaffen

Wann d‘Cactus-Direktioun sech a Punkto Kollektivvertrag ganz schlecht beholl huet,

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt
International Neiegkeeten Stories

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!

Um vergaangene Freideg huet d’Plattform Meng Landwirtschaft, Sea Shepherd, San Francisco de Los Animales, Amiavy, de Schëfflenger Déierenschutz, Veg-Info an Orang Utan Help Lëtzebuerg op d’Place d’Armes geruff, fir mat der europawäiter Beweegung „End The Cage Age“ géint d’Käfeghaltung an der EU ze manifestéieren.

A ganz Europa ass d’Käfeghaltung all Joer Schold um grousse Leed vun honnerte Milliounen Notzdéieren. Si gi weder aartgerecht behandelt, nach ass dës Praktik an der haiteger Zäit noutwenneg, wëll eng déieregerecht Haltung och ouni Käfeg rentabel a méiglech ass.

Schäin hu beispillsweis am esou agespaart immens Problemer sech ze beweegen an sech ëm hir Kleng ze këmmeren. Kanéngercher a Wuechtelen verbrénge quasi hiert ganzt Liewen a plakege Gefängnisser, Inten a Gänse ginn zur Produktioun vu Foie-Gras gestoppt an d’Majoritéit vun den Hénger gëtt nach ëmmer a Käfeger gehalen.

An den Ae vun de vertruedenen Organisatioune stellt dëst eng fuerchtbar Déierequälerei duer a muss onbedéngt ofgeschaaft ginn. D’Betrieber, déi mat dëser Method schaffe, mussen opgefuerdert ginn ëmzedenken an op déierefrëndlech Alternativen ëmzesteigen. All Liewewiese sollt d’Chance hu sech fräi an aartgerecht ze entwéckelen. Laut Gesetz sinn all Déieren nämlech Liewewiese mat Gefiller, déi mat Respekt behandelt musse ginn, wat sech dementspriechend an der Haltung widderspiggelt.

Insgesamt ginn 1 Millioun Ënnerschrëften a Minimum 7 EU-Länner gebraucht. Sou misst Lëtzebuerg op mannst 4.500 Ënnerschrëften zesumme kréien.

Käfeghaltung

© AnimalSpirit

D’Tilly Metz zur Manifestatioun

Och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet d’Evenement op der Plaz ënnerstëtzt. D’Initiative „End the Cage Age“ muss ee kloert Zeechen an der net-aartgerechter Haltung vun den Déiere setzen an zum Ëmdenken animéieren. Als prominent Ënnerstëtzung war och de stäerkste Mann vu Lëtzebuerg, de Georges Christen, sou wéi de Schwëmmer Julien Henx mat dobäi.

D’Tilly Metz erkläert:“ D’Zuele sinn erschreckend! Vun der enger Millioun Kanéngercher, déi an der EU geziicht a geschluecht ginn, verbréngen 99% hiert ganz Liewen a Käfeghaltung, mat manner wéi engem A4 Blat Plaz pro Kanéngchen. Ech si frou, datt sech ëmmer méi Mënsche géint dës onmënschlech Liewensëmstänn fir sougenannt „Notzdéieren“ asetzen.

Mam Erreeche vun enger Millioun Ënnerschrëfte fir déi Europäesch Biergerinitiativ „End the Cage Age“ kënne mir weisen, wéi wichteg d’Wuel vun den Déieren de Mënschen an Europa ass. Zu Lëtzebuerg brauche mir 4.500 Ënnerschrëfte fir de Quorum ze erreechen- aktuell si mir bei ronn 3.700 Ënnerschrëfte fir Lëtzebuerg a bei méi wéi 600.000 an der EU. Ech sinn zouversiichtlech, datt mir eist d’Ziel zäitno erreechen an domat zesummen, als Biergerinnenn a Bierger vun der EU, ee kloert Ziel fir d’Wuel vun den Déiere sende wäerten.“

Déi Europäesch Biergerinitiativ fannt Dir um Site endthecageage.eu.

Ähnlech Sujeten Déiereschutz, End the Cage Age, Käfeghaltung, Protest, Sea Shepherd, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel