Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
De Wollef kéint sech am Éislek richteg wuel fillen
International Neiegkeeten

De Wollef kéint sech am Éislek richteg wuel fillen

D’Wëssenschaftler aus Däitschland hunn unhand der DNA, déi hinne vun

Déi Iechternacher Gar plënnert!
International Neiegkeeten

Déi Iechternacher Gar plënnert!

Reesender opgepasst: Ab dem 17. September plënnert d’Iechternacher Gar. Op

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“
International Neiegkeeten

Konferenz am Vatikan: Déi kathoulesch Kierch geet „in medias res“

Um haidegen Donneschdeg gëtt déi vum Poopst versprachen, a vum

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?

Frankräich: Keng Police-Interventioun wärend dem Ramadan?

An enger interner Note huet de regionalen Direkter vun der ëffentlecher Sécherheet am Calvados, seng Beamten ugewisen, eng Zounam vun urbaner Gewalt ze vermeiden. Wéi soll dat ausgesinn? De „Patron“ vun der Police verlaangt Erklärungen an Kloerheet.

Dës Note ass am Zesummenhang mam Ramadan verfaasst ginn. Zanter dem Freideg hunn huet déi moslemesch Communautéit de Ramadan ugefaangen. Wéinst dem Confinement, awer sinn och fir Versammlunge verbueden an d‘Deplacementer staark ageschränkt. Et brauch een am Frankräich nach ëmmer ee valabele Grond fir en Fouss vrun d‘Dier setzen, Regruppementer sinn net zoulässeg.

Aus de Note un d‘Fonctionnaire geet ervir: „et gëtt kee Grond an de Quartiere wou vill Moslemen de Ramadan zelebréieren ze intervenéieren, sief et wéinst Kaméidi (Tapage) oder fir Leit ze iwwerpréiwen déi sech no Sonnenënnergang versammelen“. Zwou Ausname sinn och an dëser Note enthalen: „wa Leit a Gefor sinn, oder staark Beschiedegunge gemaach ginn“.

Police

Eigentlech geet et dem Direkter vun der ëffentlecher Sécherheet drëms, datt d‘Poliziste mat Mooss virginn, fir ze verhënneren, datt ee Verstouss géint d‘Reegelen, zu Gewaltausbréch am urbane Raum féiert. Am Schreiwes, dat vum 24. Abrëll 5.09 Auer bis den 23. Mee 21.52 gülteg ass heescht et weider: „Wann d‘Situatioun et erfuerdert, ginn Effektiver op definéierte Plazen zesummegezunn.

D‘Gewerkschaft vun der Police „Alliance“ ass esouwuel erstaunt wéi veriergert. „Dës Note“, esou de Generalsekretär vun der Gewerkschaft, Fabien Vanhemelryck, „mécht däitlech, datt no ee puer Deeg Polemik, mir et sinn déi Recht behalen. Et wëll een net, datt mir (Police) a verschidde Quartiere ginn“. Domadder géif vun héchster Plaz unerkannt, datt et Rechtsfräi Raim am Land gëtt.

Kleng falsch Signaler aussenden

Déi Polemik vun där de Fabien Vanhemelryck, schwätzt war opkomm, nodeems et zu Villeneuve-la-Garenne zu engem Virfall komm ass, wou en 30 järege Motard vun enger „Police-Dier“ ausgebremst gi war an dobäi blesséiert gouf. Uschléissend koum et zum Flächebrand, an d‘Jugend aus den defavoriséierte Quartieren hunn doranner ee gudde Grond gesinn den Opstand ze prouwen.

Elo huet sech dann och den Direkter vun der nationaler Police (DGPN) e Samschdeg zu dëser Note ausgedréckt. Hie widdersprécht eppes der Formuléierung vun der Gewerkschaft a stellt fest: „ D‘Police intervenéiert op a Punkt vum Territoire fir d‘Sécherheet vun der Bevëlkerung an de Gidder ze sécheren, egal déi d‘Ëmstänn sinn“. Woubäi mat der Note ass och hien onzefridden.

PoliceD‘Direktioun vun der Police huet Erklärungen zu dëser Note ugefrot. Och am Inneministère ass een eppes iwwert dës Note verwonnert. Vun do heescht et: „Et ass eng onverständlech lokal Initiativ (…) Déi national Consigne si kloer a sinn an de leschten Deeg widderholl ginn: d‘Kontroll vun der Uerdnung an dem Respekt vum Confinement muss iwwerall an zu all Ament assuréiert ginn“.

Och an de sozialen Netzwierker huet sech den „Ierger“ entlueden, wou besonnesch déi rietsextrem an nationalistesch Gruppéierungen de Sujet Dominéieren. Mee och déi bestoend „Oppositioun“ zur Macron-Politik wéi dem lénke Lager zougeuerdent Mouvementer sinn am Netz „gutt ënnerwee“. Et war allerdéngs och zu kengem Ament virgesinn, datt dës Note sollt public ginn…

mat indymedia/par/cfr

Foto: Wärend d‘Polizisten am Calvados gebuede gi sinn, eppes duerch d‘Fangeren ze kucken, wann et a Quartiere mat enger héijer Konzentratioun u „Gleewege“ am Kader vum Ramadan komme sollt, geet d‘Police an de Occitanie hirer Missioun onageschränkt no. © Julien Sanchez, Buergermeeschter vu Beaucaire

Ähnlech Sujeten Calvados, Confinement, Coronavirus, Covid19, Frankräich, Police, Ramadan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel