Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent
International Neiegkeeten

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent

De bekannte gastronomesche Guide Gault & Millau huet gëschter d’Gewënner

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
International Neiegkeeten

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
International Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land. Mee wéi

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Déi nei Cheffin vun der CDU ass d‘Annegret Kramp-Karrenbauer

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun der Muecht, nodeems d‘Angela Merkel hire Virsëtz zur Dispositioun gestallt huet, huet der Erwaardung entspriechend, d‘Annegret Kramp-Karrenbauer, d‘Leedung vun der Partei, beim Parteidag zu Hamburg, iwwerdroe kritt.

Bei der CDU huet een d‘Changementer net gären, a wa gegrommelt gëtt, da mécht een dat éischter „lues“. Gestridde gëtt, wann iwwerhaapt, am klenge Krees. Et géif een ebe gären a Rou regéieren. Revolutioun ass an de Reie vun der CDU keng ze erwaarden, et feelt einfach u Begeeschterung. An awer sinn d‘Analysten eppes erstaunt iwwert d‘Aart a Weis, wéi ëm de Virsëtz gestridde ginn ass.

An de leschten Deeg hunn déi bei der CDU eng innerparteilech Demokratie constatéiert, déi keen esou op der Rechnung hat. Et ass oppen diskutéiert an mat haarde Bandagen debattéiert ginn. De Wiessel un der Spëtzt, no 18 Joer „Merkel-Herrschaft“, hat tatsächlech d‘Gemidder erhëtzt.

Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt d‘Physikerin Angela Merkel, d‘Partei net vun „uewen erof“ geleet huet. Hire politesche Stil, wann een esou eppes ëmschreiwe kann, ass e „rouegen“. Si huet oft den Androck vermëttelt, datt et hir u Courage feelt. Debatten ustoussen, d‘Basis abezéien oder sech en oppene Schlagaustausch leeschten: net de „merkelsche Stil“.

Konservativ lénks?

Wat der fréierer FDJ-Aktivistin allerdéngs gelongen ass, an dat ass zugläich och de gréisste Virworf deem si sech ze erwieren huet, si huet d‘CDU an déi „lénks politesch Mëtt“ gestallt. Et ass dem Angela Merkel zouzeschreiwen, datt och déi konservativ CDU sech sozialdemokrateschen Themen ugeholl huet, d‘Partei – zumindest partiell – moderniséiert konnt ginn. Bléift et esou?

Esoulaang wéi d‘Muecht vun der CDU net a Fro gestallt ginn ass, huet ee sech Parteiintern net allze vill Gedanke gemaach, bis et op eemol „Riets vun der CDU“ e Mouvement ginn huet, dee sech dem rietskonservative politesche Gesellschaftsspektrum ugeholl huet, an d‘Demokratie op d‘Prouf stellt.

D‘Kanzlerin war eng Regierungscheffin ouni Visiounen awer mat enger Raut, si huet d‘Konflikter ausgesat, a bis viru fënnef Joer ass si domatter och méi oder wéineger erfollegräich duerchkomm. Haut geet dat net méi duer, d‘Bierger verlaangen Äntwerten op gesellschaftlech Froen. Si wënschen sech eng Strategie géint de Populismus an Zukunftsperspektiven. Déi huet d‘Angela Merkel net.

An d‘Wieler, déi sech un einfachen Äntwerten zu komplexen Themen erfreeën, dréinen der Partei, déi keen „eegent Gesiicht méi huet“ der Réck zou. Vill vun den CDU-Wieler gesinn an der AfD dat konservatiivt „Original“. Resultat, d‘AfD ass an alle Bundeslänner an am Bundestag vertrueden.

De politesche Wandel net hikritt

Eng reegelrecht „Klatsche“ huet sech d‘Angela Merkel agefaangen, wéi d‘Koalitiounsverhandlunge mat déi gréng an der FDP (Jamaika-Koalitioun) an d‘Box gaange sinn. Hei hätt et dann och zu Neiwahle komme kënnen, eng Optioun, déi duerch eng onbestridde Victoire vun der AfD, net méi zur Verfügung gestanen huet. Also ass de Junior-Partner SPD an d‘Koalitioun gezwonge ginn.

D‘Bierger wollte keng GroKo méi, an d‘Sozialisten, déi wéineg Réckgrat gewisen hunn, verléieren zanterhier massiv un Zousproch. E Changement, esou wéi e vun de Bierger gewollt a gewënscht ass, war domatter net méi dran. D‘Gestreits mat der Schwësterpartei huet et net besser gemaach.

Si waren es der Kanzlerin midd, an och intern huet et ëmmer méi Stëmme ginn, déi sech géint d‘Merkel-Politik ausgeschwat hunn. D‘Kanzlerin huet sech missen agestoen, datt esou net méi konnt weidergoen, an huet déi eenzeg méiglech Entscheedung getraff, déi hir nach zur Verfügung stoung: de Parteivirsëtz ofginn. Och eng weidert Mandat als Regierungscheffin gëtt net ugestrieft.

Elo iwwerhëlt d‘Saarlännerin, Annegret Kramp-Karrenbauer, déi sech géint hir Konkurrente Jens Spahn a Friedrich Merz denkbar knapp (35 Stëmmen hunn den Ënnerscheet gemaach) am zweeten Duerchgang behaapte konnt de Virsëtz. Et dierft also bleiwe wéi et war, just anescht…

Eng Entscheedung vun der Vernonft

Bei esou enger „aler“ Partei wéi d‘CDU eng ass, vollzéien sech Changementer nëmmen ënner Schmäerzen. Et wollt ee zwar eppes Neies, mee mat allem un dat ee sech gewinnt huet. Esou soll d‘Vermiechtnes vum Angela Merkel net ofgewéckelt ginn, mee erhale bleiwen.

D‘Annegret Kramp-Karrenbauer steet an fir eng méi „puristesch“ CDU mat Ausgläich-Kultur. Oder méi verständlech: et gi keng Experimenter gemaach. Elo kënnt et drop un déi ënnerschiddlech Stréimungen an der Partei nees ze vereenen. Déi „Nei“ Cheffin muss Brécke bauen. Brécken tëscht den Wäertkonservativen, de Wirtschaftsliberalen an de Sozialiberalen. Dat gëtt net einfach.

Sträit mat der Kanzlerin kann een ausschléissen. Béid Frae kennen a schätzen sech, fleegen e gudden Ëmgang. Mam Annegret Kramp-Karrenbauer un der Parteispëtzt, dierf een dovunner ausgoen, datt et net zu Neiwahle kënnt. D‘Angela Merkel bleift Europa als Kanzlerin erhalen.

Elo dierf een déi engagéiert Saarlännerin net ënnerschätzen. D‘Annegret Kramp-Karrenbauer wëll d‘CDU an d‘Regionalkonferenze stäerken, eng konservativ Flüchtling- an Asylpolitik ëmsetzen, a sozialpolitesch nei Akzenter setzen. Um Enn wäert si awer dorunner bemooss ginn, ob et hir geléngt d‘CDU nees als Vollekspartei vun der gesellschaftlecher Mëtt an Däitschland ze etabléieren.

mat AFP

Foto: Vun der Generalsekretärin zur Parteicheffin: d‘Annegret Kramp-Karrenbauer huet am zweeten Duerchgang, mat 51,7% hir männlech Konkurrente „iwwertraff“ an soll elo d‘CDU zukunftsfäeg maachen. © Odd Andersen/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Annegret Kramp-Karrenbauer, CDU, CDU Parteidag, Konservativ, Zukunftsperspektiven
Nächsten Artikel Virrechten Artikel