Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?
Neiegkeeten

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?

D‘Politiker an Europa si wéinst der tierkescher Aggressioun (Operatioun Olivenzweig)

Ryanair: Nom Streik vum Kabinnepersonal, elo och d‘Piloten
Neiegkeeten

Ryanair: Nom Streik vum Kabinnepersonal, elo och d‘Piloten

Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair ass konfrontéiert mat engem Sozialkonflikt, deen

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi
Neiegkeeten

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi

Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervirgeet, wéilt

Keng Scheedung am géigesäitegen Averständnes

Lëtzebuerger Entreprisen entdecken den haarde Brexit

Keng Scheedung am géigesäitegen Averständnes

Datt den Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun net einfach géif ginn, datt war ville schonn direkt nom Referendum kloer. D‘Politiker, hu mat vill Optimismus an och deels mat Engagement versicht d‘Brite mat engem Accord, zumindest als „Partner“ ze behalen. D‘Wirtschaft zu Lëtzebuerg huet sech, dat ass zumindest den Androck, drop verlooss.

E Freideg 8. Februar awer, huet et eng grouss Veranstaltung an der Handelskummer ginn, wou vill Patronen a Manager vun Entreprisen déi mat der Insel Handel bedreiwen, sech mat der Fro befaasst hunn: „An elo?“. Den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, léisst keng Zweiwel opkommen a weist op d‘Handelsbarrièren hin, déi mam sougenannten haarde Brexit anhier ginn.

„E Brexit ouni Accord, dat heescht zréck an d‘Vergaangenheet, zréck zu den Handelsbarrièren. Dat bedeit zousätzlech Käschte fir jiddereen, an en direkten Impakt op déi lëtzebuergesch Entreprisen. Hei esouwuel um Niveau vum Import/Export, wéi och bei den Handelsverträg an den Aarbechter“, esou de Carlo Thelen an senger Ried. Hei hat een den Androck, e wéilt et nach ëmmer net gleewen.

Op emol misst eppes gemaach ginn…

49 Deeg virum Scheedungstermin huet ee sech op der Handelskummer mam Impakt vun engem haarde Brexit, op d‘Geschäfter an den Ëmsaz fir Lëtzebuerger Entreprise beschäftegt. D‘Situatioun ass also eescht. Mee dat wollt sech esou net bei de verschiddenen Interventiounen ausdrécken, well iergendwéi hält ee sech un der Optioun „Fräihandelsaccord“ fest. Dee gëtt net emol als Entworf.

Dat de Brexit eppes wéi e Koméidistéck tëscht „Farce“ an „Melodrama“ ass, dat hätt dem Patronat eigentlech scho bei der éischter Verhandlungsronn mat Bréissel missen opfalen, an eigentlech hätt een den Entreprisen och esouvill Wäitsiicht zougestanen, datt si net bis op de leschten Ament waarden, fir sech dem denkbar schlechtsten Zeenario unzehuelen a sech drop virzebereeden.

Et war zudeem gewosst, wéi sech eng Scheedung ouni Accord ugekënnegt huet, datt et beim Brexit den Transportsecteur als éischten trëfft. Während Handelsverträg sech net esou einfach kënnege loossen, stinn d‘Logistiker mam Réck zur Wand. Interessant dann och an dësem Kontext d‘Remark vum Finanzdirekter vun Arthur Welter, deen androcksvoll déi éischt Konsequenz verdäitlecht huet.

Eng „Helpline“ soll et riichten

Ouni Accord trieden nees Douanestariffer an déi unhänglech Kontrollen a Kraaft. Dat kascht Geld an Zäit. Déi aktuell Transportpräisser kënnen net méi gehale ginn, an och engem festen Termin fir d‘Liwwerung, kann esou net méi zougesot ginn. Direkt hannert de Camione stinn d‘Entreprisen um Schlauch, egal ob si Wueren aus Groussbritannien bezéien, oder déi dohinner verkafe wëllen.

Wien sech net sécher ass, datt säi britesche Fournisseur och nom 29. Mäerz nach reiwungslos seng Verträg anhale kann, kuckt sech um Festland no enger Alternativ ëm. Domm gelaf, wien dëse Wee net beschreide kann. En anere Problem betrëfft d‘Legislatioun zum Dateschutz an den Austausch vun digitalen Informatiounen. An dat sinn nëmmen e puer Beispiller, d‘Lëscht ass onendlech.

Fir all d‘Entreprisen déi sech op hiren Optimismus verlooss hunn an elo „Onsécherheet“ verspieren huet d‘Handelskummer eng Helpline (+352 4239 3937-2) ageriicht. Wien et léiwer schrëftlech huet, kann seng Froen och per e-Mail un brexit@cc.lu areechen. Op der Säit vun der EU-Kommissioun gëtt et och Hiweiser, wéi ee sech op eng Scheedung ouni Accord virbereede kann.

Foto: Wat hunn déi Lëtzebuerger Entrepreneure beim Saz „Leave means leave“ net verstanen? © PA

Ähnlech Sujeten Brexit, Carlo Thelen, Entreprisen, Handelskummer, Scheedung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel