Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
Neiegkeeten

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

Néie Makadamm um Val de Hamm an Boulevard General Patton
Neiegkeeten

Néie Makadamm um Val de Hamm an Boulevard General Patton

D’Staat Lëtzebuerg an Verwaltung vun de Ponts et Chaussées informéieren

En Häerz fir d’Literatur
Neiegkeeten

En Häerz fir d’Literatur

Bicherwierm hunn en uerdentlech gefouerte Bicherbuttek schnell erkannt: E bitt

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL

Et war déi éischt Sëtzung vum Nationalvirstand vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft zanter dem Etat de Kris, a si haten sech – et gëlle jo nach ëmmer Sécherheetsofstand a Maskeflicht – zum dësem interne Sommet zu Zolwer um Scheierhaff getraff. An no esou laanger Zäit hat een och vill Themen, déi et ze berode gouf.

Ënnert all de villen Themen hat natierlech d‘Tripartite, déi d‘Lescht Woch am Schlass zu Senneng, e gréissert Gewiicht. D‘OGBL-Presidentin Nora Back huet an dësem Kontext kloergestallt, datt et net méiglech war, d‘Siicht vun der Gewerkschaft op d‘Sortie vun der Kris esou duerzestellen, wéi een sech dat eigentlech erhofft hat. De Premier a seng Ministeren hätten der Gewerkschaft ze verstoe ginn, datt d‘Visioun vum OGBL net zu de Prioritéite vun enger Tripartite gehéiere géifen.

Esou eppes kann de Xavier Bettel wuel an de Raum stellen, mee hie sollt awer net mengen, datt een beim OGBL einfach driwwer ewech gesäit. Gutt fir d‘Regierung geet et bei der Tripartite virun allem sech mat der Gestioun vum Chômage ze befaassen, woubäi d‘Regierung hei och muss bedenken, datt d‘Wirtschaftsleeschtung net eleng vum Chômagetaux ofhängeg ass, mee ouni den Erhalt vun der Kafkraaft, engem gudde Sozialsystem an accessibelem Logement net ze retten ass.

Fir d‘Nora Back sinn all dës Elementer ënnertenaner verbonnen. Si huet och nach emol drun erënnert, datt déi dräi representativ Gewerkschaften sech zesummegedoen haten, fir dës Tripartite iwwerhaapt méiglech ze maachen. A wann een dann och begréisse kann, datt et zum gefuerderten Dialog komm ass, esou dierft dat net doriwwer ewechtäuschen, datt déi vun der Regierung getraffen Decisiounen net mat engem klasseschen Tripartite-Accord kënne verglach ginn.

Dat soll elo och net heeschen, datt déi zéng Punkte schlecht wieren am Géigendeel. „Mir kënnen dat wat d‘Regierung abruecht huet matdroen, stelle just fest, datt se net wäit genuch ginn“, esou d‘Nora Back, déi begréisst, datt elo och endlech nees den CPTE (Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung) aktivéiert ginn ass, wou et jo virun der nächster Tripartitesronn am Hiecht soll eng Rei Reunioune ginn. Deem huet jo och de President vun der UEL, Nicolas Buck zougestëmmt.

Vill Chantieren…

D‘Sortie vun der Kris, esou wéi se aus der Siicht vum OGBL duergestallt gëtt, kann nëmmen dann och gelénge wa se sozial ass. Richteg ass och, datt de Chômage, d‘Faillitten, d‘Liewensqualitéit an d‘Aarbechtskonditioune mussen am A behale ginn. Gläichzäiteg misst engem de Spagat geléngen, déi wichteg politesch Dossieren – wéi beispillsweis déi ekologesch Transitioun – ënnert een Hutt ze kréien an zu enger Reussite ze maachen. Dofir brauch et allerdéngs méi wéi politesche Wëllen…

OGBL

D‘Membere vum OGBL kréien dann elo och zäitno den neien „Aktuell“ an deem et d‘Bäilag „De soziale Wee aus der Kris“ gëtt. Doranner ass Alles ganz explizitt erkläert, firwat een sech déi Zäit sollt huele fir et ze liesen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Laut der OGBL-Presidentin ass ee Schlëssel zum Erfolleg, d‘Kafkraaft vun de Bierger. Si sinn et déi mat hirer Demande d‘Wirtschaft zur Produktioun animéieren, firwat eng Austeritéitspolitik net zilféierend wier, an d‘Rezessioun éischter verschlëmmere géif. Et ass wichteg a richteg, datt sech d‘Regierung engagéiert huet hir Investitiounen oprecht ze erhalen, mee et misst elo endlech déi laang versprachen Indexéierung vun de Familljenzoulage kommen. An och dat ass net alles.

Et brauch méi Steiergerechtegkeet, d‘Besteierung muss sech der Evolutioun vun de Präisser upassen, de Verdeedegungsbudget sollt ee kierzen, déi däreg Dossieren „Satellit“ an Tankfliger sollten ad acta geluecht ginn. Stäerke misst een d‘Kollektivverträg, well dat derzou bäidréit, datt d‘Aarbechtsplaze méi sécher sinn an och d‘Léin de Liewenskäschte gerecht ginn. An da muss sech dréngend dem Logement ugeholl ginn, dat elo a Konsequent, ouni engem e Kaddo ze maachen.

Am Logement kann et net esou weider goen, an esouguer dem zoustännege Minister ass dat jo mëttlerweil bekannt. D‘Loyeren zerstéieren d‘Kafkraaft vu ganz ville Mënschen am Land, an ouni bezuelbare Wunnraum, léisst sech des Kris gewëss net erfollegräich bekämpfen. Nieft enger progressiver Grondsteier, missten och endlech déi bestoend Gesetzer – bezunn op eidel stoend Wunnengen oder brooch leienden Terrainen – ugewannt ginn. An dat sinn d‘Fuerderungen net all…

Foto: D‘Nora Back war nees a Form, an huet gewinnt de richtegen Toun getraff. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Nationalvirstand, Nora Back, OGBL, Tripartie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel