Search

You may also like

Europäesch Grenzschutzagentur muss ausgebaut ginn
International Neiegkeeten

Europäesch Grenzschutzagentur muss ausgebaut ginn

Beim Meeting vun den EU-Ambassadeuren zu Bréissel ass gëschter decidéiert

Word In Progress: Den 12. November am Bistro Ratelach
International Neiegkeeten

Word In Progress: Den 12. November am Bistro Ratelach

Inspiréiert un de Paräisser Soiréeë Work in Progress ass de

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt
International Neiegkeeten

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt

Zu Biissen huet e Sonndeg am Kader vun der „Semaine

Keng Verlängerung fir de Brexit

Keng Verlängerung fir de Brexit

Dat mat den Verhandlungen zu de Bezéiunge „Post-Brexit“ war esou schonn net einfach an am Kontext vun der Covid19-Pandemie ass et net besser ginn. Bréissel hat sengersäits Versteesdemech affichéiert an eng Verlängerung iwwer den 31. Dezember an Aussiicht gestallt, wann d‘Britten dat gewënscht hätten. D‘Äntwert läit elo vir, an esou geet d‘Iwwergangsphas wéi geplangt zu Enn.

Groussbritannien huet eng Verlängerung ausgeschloss. Den Zoustännege Minister Michael Gove: „Ech bestätege formell, datt dat vereente Kinnekräich d‘Iwwergangsperiod net verlängere wäert, Den Zäitpunkte fir eng Verlängerung ass verstrach. Den 1. Januar 2021 wäerte mir nees d‘Kontroll iwwerhuelen an eis politesch a wirtschaftlech Onofhängegkeet zréckkréien“, esou den Tweet.

Woubäi eigentlech hunn d‘Britten nach bis zu Enn vum Mount Zäit sech dat ze iwwerleeën. Wann hire Beschloss awer fest steet, an et elo net séier zum Konsens kënnt, ass den haarde Brexit, deen net wierklech am Interessi vun de Britte ka sinn, net méi ze verhënneren. D‘EU-Kommissioun huet en Handelsofkommes virgeluecht, an deem weder Douanestaxen nach Quoten enthale sinn.

VerlängerungEigentlech ee gudde Virschlag, mee den Zougang zum EU-Bannemaart ass u Konditioune gebonnen déi London net ze gefale schéngen. Groussbritannien misst déi europäesch Sozial-, Ëmwelt- a Verbaucherstandarde vun der Unioun unhuelen. Als weidere Sträitpunkt ass och d‘Fëscherei ze ernimmen. Bréissel verlaangt vu London Zougank zu de brittesche Fëschfangstanduerter.

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Maros Sefcovic, huet no der Visiokonferenz mam Michael Gove gemengt, datt säi Gespréichspartner zimmlech „däitlech“ war, mee een awer, wéi dat vereenbaart ginn ass, oppe vir eng Verlängerung bleift. De Chef-Verhändler vun der EU, Michel Barnier, deem dat Ganzt esou lues dierft zu den Oueren erauskommen, huet dat zur Kenntnis geholl.

Hien notéiert, dat sollten d‘Verhandlungen nach Erfolleg hunn, bréicht elo awer Fortschrëtter an der Substanz. Et hätt ee sech wuel drop verstännegt, d‘Gespréicher an de nächste Wochen eppes méi ze intensivéieren, mee et géifen do jo awer och nach aner Prioritéiten. Ee Méindeg soll et tëscht den EU-Spëtzen an dem brittesche Premierminister Boris Johnson awer emol eng Visiokonferenz ginn.

VerlängerungOp Nofro gouf eis nach bestätegt, datt ab Juli all Woch soll verhandelt ginn. Käergespréicher soll et dann am August a September ginn. Vill Zougeständnesser wäert d‘EU de Britten awer keng méi maachen a wann een hei berécksiichtegt, datt d‘Ofkommes bis Oktober stoe muss, well et soss net parlamentaresch ka ratifizéiert ginn, brauch et schonn eppes Optimismus en Accord ze erkennen.

Dat awer suergt bei de Regionalregierunge Schottland a Wales fir Onmutt. Déi wëlle kee Brexit ouni Handelsofkommes an haten de Boris Johnson opgefuerdert, déi ugebuede Verlängerung dach unzehuelen. Deen awer hält u senger Linn fest, wat sécher och nach zu Gestreits suerge wäert. Hei kéint et esouguer zum engem Broch kommen. D‘Schotte wëlle scho méi laang d‘Onofhängegkeet.

mat indymedia/bru/lon/edi

Illustratioun: Vernonft a Verstand sinn eppes Feines, wann een et ze Notze versteet. Woubäi et jo och méiglech ass, datt de Premierminister Boris Johnson a seng Minister sech ee ganz perséinlechen Zeenario fir den Austrëtt ausgeduecht hunn. D‘Konsequenze jiddefalls muss déi britesch Bevëlkerung droen. © Jannes Van den Wouwer / unsplash

Related topics Brexit, EU-Kommissioun, Handelsofkommes, Maros Sefcovic, Michael Gove, Michel Barnier
Next post Previous post