Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Angry Kultur Meenung

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…
Angry Kultur Meenung

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een

surprise
D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren
Angry Kultur Meenung

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo

angry

Keng Zäit, an dat fir näischt

E Kommentar

Keng Zäit, an dat fir näischt

Den Nico Helminger gouf déi lescht Woch mam Servais Präis fir säi Wierk Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge. ausgezeechent. Bei engem Interview um Radio 100,7 mengt de Schrëftsteller, datt en nawell oft ze héiere géing kréien, datt d’Buch ze déck wier. Grad emol 496 Säiten zielt d’Buch, e geüübte Lieser kënnt do normalerweis an zwou Wochen ouni ze vill Stress derduerch. Mee de Leit géing et un der Zäit feelen, fir dëst Bucht ze liesen, kritt een ze héieren. Den Nico Helminger mengt éischter, datt sech d’Leit déi falsch Prioritéiten eraus sichen.

Tatsächlech hunn et mi déck Bicher duerchaus schwéier, hir Lieser ze fannen. Selwer muss ech zouginn, datt den Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge och op mengem (vill ze héije) Stapel vun den ongeliesene Bicher Stëbs sammelt. Ech gleewen awer fest drun, datt et dëst Joer nach esou wäit ass, datt ech et liesen. Den Haaptgrond: Ech hunn Zäit, fir ze liesen. Nee, falsch: Ech huele mer se einfach.

Oft ass d’Längt vun engem Buch net méi wéi eng Excuse, fir den eegenen Onwëllen. Fir dee kann ee mol ganz oft näischt…

Et ass wuel wouer, datt eis Welt ëmmer méi schnellieweg gëtt. Et gëtt méi vun engem verlaangt op der Aarbecht an et soll een och Zäit fir d’Famill hunn. A Loft zum Ootme soll een och kréien. Mee wann ech kucken, wéi vill Zäit verschiddener (an do begräifen ech mech selwer duerchaus mat an) beispillsweis mat de sozialen Netzwierker verbëtzen, muss ech mer och d’Fro vun de Prioritéite stellen. Déi muss natierlech jidderee fir sech selwer klären, an dach muss ech, bei allem wat ech sou gesinn, e puer Iwwerleeungen ustrengen.

Well a mengen A feelt et hei u Wäertschätzung fir eis Literatur. Net nëmme vun de Leit hirer Säit: Um Léierplang spillt eis Literatur kaum eng Roll. Do schénge mer och keng Zäit dofir ze hunn. A während am Moment wuel eng politesch Diskussioun ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch existéiert, esou ass d’Kultur generell, an d’Lëtzebuerger Literatur am konkreten, hei kaum erëm ze fannen. Et géinge Wonner an eiser Literaturzeen geschéien, wann all déi, déi den Ënnergang vun der Lëtzebuerger Sprooch prophezeien och alt mol géingen e Buch op Lëtzebuergesch liesen. A wie weess, da gëtt och villäicht den néidegen Drock opgebaut, fir datt et Plaz an eise Schoule fënnt, an och Jonker e méi direkten Zougang zur Literatur kréien.

Dat wier dach mol eppes.

Ähnlech Sujeten Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Nico Helminger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel