Search

You may also like

Brasilien betrëtt eng nei Ära
Meenung WTF

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

Geféierlech Stroossen
Meenung WTF

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

STATEC: Wa wunnen d‘Leit zur Precaritéit féiert
Meenung WTF

STATEC: Wa wunnen d‘Leit zur Precaritéit féiert

Laut dem STATEC, hätten d‘Menagen ëmmer méi oft Schwieregkeeten „d‘Enner

surprise

Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?

Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?

Twitter huet déi lescht Joer fir vill schlecht Noriichte gesuergt. An ëmmer erëm kommen Neierungen an d’Spill, wou vill Analyste sech froen, wat se brénge sollen. Anstatt méi staark géint gezillten Harrassment an Hate-Speech Kampagnen ze kämpfen, gëtt de Fav-Stär duerch en Häerz ersat. Oder d’Profilfoto gëtt ronn gemaach. An elo? Elo gëtt um Fundament gerëselt: Anstatt 140 Zeechen soll een elo der 280 benotze kënnen.

Loscht op 280 Zeeche pro Trump-Tweet? Ech och net. Während et duerchaus stëmmt, datt 140 Zeechen ee staark limitéiere kënne, wann ee gären eppes méi Komplexes wëll zum Ausdrock bréngen, wierken 280 Zeeche scho bal wéi en Aufsatz. Stellt sech och d’Fro, op et Twitter finanziell hëllefe kann: Gëtt doduerch bis op emol d’Plattform méi attraktiv fir nei Notzer? Wuel éischter net.

Gläichzäiteg schéngt Firma komplett planglos, wat den Hate Speech ugeet. Während Facebook ëmmer méi versicht, der Saach Här a Meeschter ze ginn, kënnt bei Twitter esou gutt wéi näischt. Wie schonn emol esou Tweets gemellt huet, weess, datt dat sou gutt wéi näischt bréngt. Nach manner wéi op Facebook, wat onendlech frustréierend ass.

An natierlech ass et eng reng Symptombekämpfung, wann een no bessere Méiglechkeete vum Communitymanagment verlaangt. Et weist drop hin, datt extrem vill Notzer vun de soziale Netzwierker sech schlicht an ergräifend net behuele kënnen. Dat ass traureg, beweist et dach erëm, datt Anonymitéit dat schlëmmst aus eis eraus brénge kann.

En aneren Aspekt sinn do d‘Desinformatiounskampagnen, déi deels vu Russland aus kommen. Facebook huet do jo schonn Zuelen gedeelt, mee och op Twitter fléien ëmmer erëm Botnets op, déi do ganz gezillt a strategesch schaffen. Ouni groussaarteg vun Twitter dorunner gehënnert ze ginn. Et schéngt, wéi wann do nach vill ze maache wier.

Related topics Digital, Donald Trump, Twitter
Next post Previous post