Search

You may also like

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg
Stories

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg

E Mëttwoch huet de Logementsminister Henri Kox sech mat de

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer
Stories

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer

Mat der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitärer Kris, steet

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?
Stories

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?

Dat d‘Iraner zu Gespréicher mat den USA – ënner bestëmmte

Wat leeft? Kënnt de generaliséierten Tiers-Payant oder kënnt e net?

Wat leeft? Kënnt de generaliséierten Tiers-Payant oder kënnt e net?

D‘Patiente-Vertriedung hat den 19. November en oppene Bréif un de „Formateur“ Xavier Bettel geriicht, an deem hien opgefuerdert ginn ass, den generaliséierten Tiers-Payant an d‘Gespréicher vun de Koalitiounsverhandlungen afléissen ze loossen.

Wann d‘Iddi vum generaliséierten Tiers-Payant, vun de Sozialisten an déi gréng verdeedegt gëtt, esou ass dat mat der DP net ze maachen. Déi direkt Iwwernam vun alle medezinesche Prestatiounen duerch d‘Gesondheetskeess (CNS), gëtt awer net eleng vun de Liberale verworf. Hei hunn sech als „Géigner vum Tiers-Payant“ besonnesch d‘Zänndokteren (AMMD) ervirgedoen. Eng Petitioun fir de generaliséierten Tiers-Payant hat awer ronn 7.000 Ënnerschrëften erhalen.

Nieft der AMMD, sinn et déi Deputéiert (Dokteren) vun der DP, Alexander Krieps an Edy Mertens, déi um Krautmaart, d‘Positioun vun der Partei vertrueden, an d‘Iddi vun engem generaliséierten Tiers-Payant verworf hunn. Interessant, wann ee bedenkt, datt de Sozialversécherungsminister Romain Schneider (LSAP) sech vir den Tiers-Payant ausgeschwat huet. D‘LSAP hat aus dem Tiers-Payant esouguer e Wahlversprieche gemaach. Et schéngt awer näischt dorausser ze ginn…

Réckbléck

Wéi Enn Februar an der Chamber d‘Petitioun debattéiert gouf, hat d‘Jill Sterba, Auteure vun der Petitioun, d‘Fro: „Ass et net eng Absurditéit, datt d‘Patienten hiren Dokter bezuele mussen, wann se duerno nees rembourséiert ginn?“ an de Raum gestallt. Sengerzäit war festgehale ginn, datt „de Sozialversécherungsminister, sech mat alle Verhandlungspartner (…) zesummesetze soll fir esou séier an effikass wéi nëmme méiglech de generaliséierten Tiers-Payant anzeféieren“. Dat war et dann och, well bis haut huet sech an dësem Dossier net wierklech eppes gedoen.

Vu konkrete Moossnamen ass näischt gewosst, a säitens der Patiente-Vertriedung gëtt pragmatesch festgestallt, datt et héchstwahrscheinlech dorunner geleeën ass, datt de „Corps Medical“ sech engem Dialog verschléisst. Fir si huet de generaliséierten Tiers-Payant awer weiderhin déi absolut Prioritéit a fuerdert vun de Parteien, dat och esou ze behandelen. Hale mir dann nach fest, datt et vill, ganz vill Mënschen am Land gëtt, déi de kategoresche Refus vun der AMMD net novollzéie kann.

D‘Doktere féieren d‘Argument un, datt de generaliséierten Tiers-Payant, d‘Qualitéit vun de Soine generell verschlechtere géif. Jo si géifen esouguer an hirer „therapeutescher Fräiheet“ behënnert. Eng „Fräiheet“ déi elo schonn a Gefor wier, säit d‘CNS d‘Remboursementer fir d‘Laboratoire vu medezineschen Analyse limitéiert huet, déi schonn dem Regime vum Tiers-Payant ënnerleien. Fir d‘Zänndokter de Beweis dofir, datt de Staat wëll decidéiere wéi hei Medezin gemaach gëtt.

Wie genuch Goss huet dee këmmert et net

A virun e puer Méint hat d‘Vereenegung vun den Zänndokteren op hirem Site geschriwwen: „An aller Evidenz an direkter Konsequenz, erhält de Patient net méi déi Analysen, déi säin Dokter bei der Erstellung vun der Ordonnance, fir néideg fonnt huet“. Datt op esou Ordonnancen och „där Analysen“ opgefouert sinn, déi eigentlech eng reng Déngschtleeschtung duerstellen, dat soen se net.

Generell ass dann och esou, datt d‘Doktere mat der Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant, d‘Entsoe vun enger „Zwouklassemedezin“ ukënnegen. Dozou muss ee bemierken, datt et déi scho gëtt, an och ëmmer ginn huet, well et Mënsche gëtt déi genuch Goss op der Säit hunn, datt si net nëmmen op de Remboursement vun Analyse verzichte kënnen, mee net emol d‘Rechnung areechen.

Si behaapten zudeem, datt et fir si (d‘Dokteren) en onméiglechen administrativen Opwand géif duerstellen. Zäit déi dach eigentlech dem Patient zousteet. Interessant Ausso, wa gewosst ass wien déi administrativ Aarbechte vum Dokter tatsächlech operluecht kritt. Éierlech wier et, wann si den tatsächleche Grond géifen nennen, an zwar: profitabel medezinesch Déngschtleeschtunge verkafen.

Do héiert sech d‘Ausso vun der Patiente-Vertriedung besser un. Déi gesäit net, a wéi enger Aart a Weis de generaliséierten Tiers-Payant, eng méi schlecht medezinesch Behandlung géif mat sech bréngen. Si hale fest, datt et fir de Patient e finanzielle Verloscht ass, a vill administratiivt Gerenns bedeit. Och d‘CNS huet ouni de generaliséierten Tiers-Payant méi administrativ Aarbecht.

Aarbechtswelt 4.0 an Digitaliséierung

Et bleift derbäi: de Patient geet bei den Dokter, bezilt a freet sech säi Remboursement bei der CNS un. Esou de Wonsch vun den Zänndokteren, déi vu sech behaapten, datt hinnen de Patient méi wichteg ass wéi de Pabeierkrom. Hinne fält net emol op, datt si domatter agestinn, net am digitalen Zäitalter ukomm ze sinn. E System wéi de generaliséierten Tiers-Payant sollt eigentlech am Kontext vun der Informatik, net dee vun der AMMD monéierten Opwand mat sech bréngen.

Keen anere wéi de liberalen Dokter Alexander Krieps, ass der Gesondheetskeess um Krautmaart an de Réck gefall, wéi hien engersäits de generaliséierten Tiers-Payant als „idealistesche Projet“, an d‘CNS als „incapabel“ verkläert huet. D‘Beamte vun der CNS wieren net Amstand esou eppes op d‘Been ze stellen, sot de Politiker. Wat e kéint gëlle loossen, ass de Fait, datt et (nach) keng uniformiséiert Programmer gëtt. Deem sollt een entgéintstellen, datt et fir dëse „Problem“ Leit gëtt, déi sech auskennen, an et eigentlech nëmmen um Beruffsstand geleeën ass, datt et dat net gëtt.

Léisunge sinn zäitno méiglech, an dat géif ganz ville Mënschen d‘Liewen eppes méi einfach maachen. Net ze vergiessen, datt et do jo och de sozialen Tiers-Payant gëtt. E schwéierfällege System deen zu allem Iwwerfloss, de Patient stigmatiséiert. Datt een e Mënsch mat Respekt behandele soll, dierft engem Dokter esou friem eigentlech net sinn. A wier et net och vu Virdeel fir d‘Dokteren, wann si net méi missten hiren Honorairen nolafen, well de Patient net bezuele kann?

Bei der Patiente-Vertriedung gëtt elo de Koalitiounsaccord ofgewaart. Gett de generaliséierten Tiers-Payant doranner berécksiichtegt? Wie gëtt Gesondheetsminister, an huet deen d‘Réckgrat sech mat den Dokteren unzeleeën? Zwou grondsätzlech Froen, op déi schonn an den nächste Wochen kéint eng Äntwert ginn.

Related topics Alexander Krieps, AMMD, Jill Sterba, Patiente-Vertriedung, Tiers Payant
Next post Previous post