Search

You may also like

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
International Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

Gaza: Déidleche Joresdag
International Neiegkeeten

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Joresdag vun de wëchentlechen Demonstratioun op der Grenz tëscht

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!
International Neiegkeeten

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Um 5. Abrëll 2019 huet den Transportminister François Bausch, a

Den Amerikaneschen Albdram

Polizisten erschéissen zu Los Angeles en Afroamerikaner wärend den US-President zu Kenosha ausgepaff gëtt

Den Amerikaneschen Albdram

Et ass Wahlkampf an den Donald Trump versprécht sengen Unhänger elo héchstperséinlech fir „Recht an Uerdnung“ ze suergen. Déi d‘Protester géint Policegewalt begleedent Ausschreidungen, op zu Portland oder Kenosha, mee natierlech och den US-Haaptstad, an soss uechtert d‘Land fléissen elo an dem Milliardär seng Wahlkampfstrategie an.

Datt sech den Donald Trump – wuel bewosst datt hien net Wëllkomm ass – awer bis op Kenosha am Bundesstaat Wisconsin beginn huet, fir sech mat eegenen Aen dovunner ze iwwerzeegen, datt hei nëmmen Anarchisten a Chaoten alles vreckt schloen, an et net ëm de Protest géint e latenten an institutionaliséierte Rassismus, wei och disproportionéiert Policegewalt geet, ass scho gewot…

Woubäi een natierlech och d‘Traditioun verweise kann, déi mécht, datt sech US-Presidenten ëmmer zu deene Plaze beginn, wou sech Tragedien zougedroen hunn. Bei dëser „Traditioun“ geet et dann allerdéngs éischter drëms de Mënschen Trouscht ze spenden, Ënnerstëtzung a Versteesdemech un den Dag ze leeën. Näischt dovunner huet den Donald Trump zu dësem Besuch motivéiert.

Kenosha

Den Donald Trump huet sech zu Kenosha mat Geschäftsleit ënnerhalen, deenen hir Betriber am Kontext vun de Protester zu Schued komm sinn. © White House

Zu Kenosha waren, nodeems op den 29 järegen Afroamerikaner Jacob Blake 7 mol hannerrécks geschoss gouf, deeglaang Protester ausgebrach. Deen dobäi ugeriichte Schued ass immens an zur Stonn och nach net an Zuelen ze faassen. Lokalpolitiker waren net erfreet, wéi de „Chef“ sech zum Besuch ugemellt huet, gëtt dësen dach opgrond senger Politik fir alles matverantwortlech gemaach.

Hei sinn ech, hei entscheeden ech

Mee fir den US-President, deen all Regëster ze zéie bereet ass, wann et him zu engem 2. Mandat verhëllefe kann, war d‘Provokatioun déi säi Besuch zu Kenosha natierlech och ass, bewosst. Hien hat dann och keng Empathie fir d‘Affer, nach net emol eng Entrevue ass der Famill vum Jacob Blake ugebuede ginn. Dofir gouf den Asaz vun der Police, an héchsten Téin gelueft.

„Et ass eng éier hei ze sinn an ärem groussaartege Staat Wisconsin. Vill Mënschen hu geduecht, et wier gutt wann ech géif kommen, e puer hu geduecht et wier schlecht. Ech si komm fir mech bei der Police ze bedanken“, esou de Milliardär mam Charisma vun enger Tellerminn bei der Pressekonferenz an engem Lycée zu Kenosha. An den Donald Trump versteet et de Fokus ze halen.

Kenosha

„Wat dir hei gemaach hutt ass net ze gleewen. Et war inspiréierend, well et geschitt iwwerall an et schéngt einfach net opzehalen. Et géif ee mengen, d‘Leit wéilten net datt op ophält.“ Hei muss elo preziséiert ginn, datt mat „et“ de Chef déi unhalend Protester géint Policegewalt mengt. Déi féieren elo och zu direkten Ausenanersetzunge mat senge Fans, déi och vun der Waff gebrauch maachen.

Alles kommunistesch Terroristen

Den Donald Trump leet grousse wäert drop senge Landsleit – a virun allem senge Wieler oder därer déi sech nach net festgeluecht hunn – ze erklären, datt et hei zum enge kee friddleche Protest ass, an zum anere fir dat ganzt Chaos dem Joe Biden seng Demokrate verantwortlech sinn. Et hätt een et hei mat Terroristen ze dinn, a hie wier de Messias deen dësem Pack de Stréck géif ëmleeën.

Zu senger eegener Iwwerraschung awer, war et relativ roueg bliwwen. Eenzeg um Stroosserand hunn d‘Leit gestane fir ze demonstréieren an Gerechtegkeet fir den Jacob Blake ze fuerderen. De Polizist den op Aarmläängt d‘Affer bewosst siwe mol an de Réck geschoss huet, ass bis ewell just suspendéiert an et ass net dovunner auszegoen, datt hie wäert zur Rechenschaft gezu ginn.

A wärend den US-President zu Kenosha Wahlkampf bedriwwen huet, hunn zu Los Angeles zwee Polizisten e weideren 29 järegen Afroamerikaner erschoss. Laut dem Policedepartement vu Los Angeles (LAPD) haten dem Sheriff vun LA County seng Beamten d‘Affer, den Dijon Kezee op sengem Vëlo ugehalen, wëll dëse géint „Reegelen zu Notzung vum Vëlo“ verstouss hat. Hie wier vum Vëlo geklommen a fortgelaf.

De Protokoll gouf sech erspuert

Nach ëmmer entspriechend der offizieller Duerstellung vum LAPD, soll d‘Affer bei der Verfolgung eng engem Beamten an d‘Gesiicht geschloen hunn. Weider heescht et, datt den Dijon Kezee iwwert dem Fortlafen seng Täsch fale gelooss huet an där eng Waff war, firwat déi zwee Polizisten direkt vun hire Waffe gebrauch gemaach hunn. Laut dem Affekot vun der Famill vum Affer: 20 Mol…

KenoshaElo ass sécher nach villes an dësem „neien“ Tëschefall nach zimmlech onkloer, mee virum Hannergrond vun den unhalende Protester queesch duerch d‘USA, ass dat natierlech net hëllefräich wou eigentlech vun alle Säiten aus sollt op Deseskalatioun gesat ginn. D‘Famill an Aktiviste fuerderen eng ëmfänglech an transparent Enquête. Ee Wonsch deen hinnen net wäert erfëllt ginn.

Den Najee Ali, en Aktivist, huet seng Versioun virbruecht: „D‘Polizisten hunn am wesentlechen ee Mann erschoss dee Vëlo gefuer ass. Si wäerte soen, datt hien eng Waff bei sech hat, mee net soen datt hien net bewaffent war. Hien hat d‘Waff net an der Hand an huet och keen domadder bedreet. Et gouf keen ersiichtleche Grond esou massiv d‘Feier op de Mann ze erëffnen“.

mat indymedia/mad/lax

Foto: Den US-President Donald Trump war zu Kenosho, wou hie sech mat duerch d‘Protester geschiedegte Geschäftsleit ënnerhalen an der Police fir hiren Asaz ee grousse Merci ausgedréckt huet. © Brian Steil (RepWi)

Related topics Donald Trump, Kenosha, Los Angeles, US-Wahlkampf 2020, USA, Wisconsin
Next post Previous post