Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau
Neiegkeeten

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale

Claire Laffut um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Claire Laffut um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er
Neiegkeeten

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er

An den 90er Joren huet Sega probéiert, d’Dominanz vu Nintendo

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member

Während Kids op der rouder Bréck domatter beschäftegt waren sech hir Zukunft ze verdeedegen, huet de Premier a Minister fir d‘Digitalisatioun, Xavier Bettel (DP) zesumme mam Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP) seng Visiounen zur Zukunft vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) virgestallt.

„Als diversifizéiert an innovatiivt Land, bestëmme mir den Impakt, deen dës nei Technologie op d‘Mënscherechter, d‘Liewe vun de Bierger an eis demokratesch Wäerter wäert hunn. Déi kënschtlech Intelligenz ass bereet exploitéiert ze ginn. Et läit un eis festzeleeë wéi domatter ëmzegoen ass“, esou de Xavier Bettel.

Wéi et heescht, huet d‘Visioun vu béide Politiker dräi gréisser Objektiver déi erreecht solle ginn. Zum enge soll et derzou bäidroen, Lëtzebuerg zur fortschrëttlechster Digital-Natioun ze maachen, zum aneren derzou bäidroen eng nohalteg Wirtschaft ze gestalten. Zur gudder Lescht soll déi kënschtlech Intelligenz op de Bierger zentréiert ginn.

A weider heescht et, datt et sech bei dëser Virstellung ëm den Ufank vun engem laangfristege Projet handelt. Et soll kontinuéierlech zu Updates kommen, an och d‘Politik muss am Besoin redefinéiert an/oder ajustéiert ginn. De Wirtschaftsminister versprécht sech vun der KI eng Erhéijung vun der Produktivitéit an eng nohalteg Entwécklung vun der Wirtschaft.

Foto: (v.l.n.r.) De Premier a Minister fir d‘Digitalisatioun, Xavier Bettel; Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider hunn hir Visiounen am Kontext vun der kënschtlecher Intelligenz duergestallt. © MECO

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, kënschtlech Intelligenz, Mënscherechter, Nohaltegkeet, Wirtschaft, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel