Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
Geek Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
Geek Neiegkeeten

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg
Geek Neiegkeeten

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en

geek

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung an NVIDIA d‘Schafung vun engem gemeinsame Fuerschungslabo fir kënschtlech Intelligenz (KI) zu Lëtzebuerg annoncéiert. Dës Kollaboratioun ass eng Première an Europa.

Dëst Partenariat ass keen Zoufall. Villméi ass déi logesch Suite fir den Accord, deen d‘Regierung de 5. Juli 2018 mat NVIDIA ënnerschriwwen hat. Dëse gemeinschaftleche Laboratoire, dee op Initiativ vun „Digital Luxembourg“ geschafe gëtt, soll d‘Fuerschung a verschidden Domäne favoriséieren. En erlaabt eng Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Membere vun der wëssenschaftlecher Communautéit an NVIDIA, enger Entreprise déi mat déi bescht Informatiker beschäftegt.

NVIDIA, den héich performante Rechenzentrum vun der UNI-Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger Zenter fir Biomedezinesch Systemer (LCSB), den interdisziplinären Zenter fir Sécherheet, Fiabilitéit a Vertrauen (SnT) an dat Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) hunn sech engagéiert, eng Equipp vu sechs Leit opzestellen, déi un engem gemeinsame Projet schaffe sollen.

Dëse KI-Laboratoire soll sech der globaler Approche vun der Fuerschung am Secteur vun der kënschtlecher Intelligenz vun NVIDIA unhuelen. Heifir gëtt och e consultative Rot opgesat. All déi genannten Institutiounen, erhalen e gréisseren Zougank zum Equipement an de Programmer vun NVIDIA, fir esou ganz komplex Fuerschung bedreiwen ze kënnen. Et geet also virun…

Ähnlech Sujeten kënschtlech Intelligenz, LCSB, LIST, NVIDIA, SnT, Uni-Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel