Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen
sugar baby dating profile examples dating chat rooms uk free

online dating quiz

Wann et eescht gemengt ass, bis 2030 den Ausstouss vun

online dating is hard werken
sugar baby dating profile examples dating chat rooms uk free

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!

Et dierf opgeotemt ginn: déi 356 Migrante vun der Ocean

Expovin statt Springbreak
sugar baby dating profile examples dating chat rooms uk free

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia

D'Wale si relativ friddlech ofgehale ginn

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia

Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am Kenia ugekënnegt déi net wëllen unzehuelen. Laut deene wier de President erëmgewielt. Säi Géigner den Raila Odinga huet sech un d‘Medien adresséiert fir déi „fiktiv“ Resultater ze denoncéieren.

Vun de ronn 11 Millioune Stëmmen déi bis ewell vun der Wahlkommissioun (IEBC) gezielt goufe – bei 19,6 ageschriwwene Wieler – entfalen der 55,27% zu Gonschte vum President Uhuru Kenyatta. De Mann un der Muecht zanter 2013 hätt esou ee Virsprong vun iwwer 1,2 Millioune Stëmmen.

D‘Oppositiounskoalitioun (Nasa) werft der Wahlkommissioun vir, hinnen net d‘Protokoller auszehändegen, unhand deenen et méiglech wier d‘Resultater a Fro ze stellen. Resultater, déi elektronesch iwwerdroe gi sinn an um Internetsite vun der Kommissioun verëffentlecht goufen.

Iwwerdeems beschëllegt den Odinga d‘Wahlkommissioun, sengen Agente verbueden ze hunn déi Protokoller a verschidde Wahl-Büroen ze scannen. Als politesche Veteran a fir d‘véiert Kandidat fir d‘Amt als President, huet den Odinga Übung. Hien hat schonn déi läscht Walen 2007 an 2013 a Fro gestallt.

D‘Wahlkommissioun hirersäits weist drop hin, datt ee vun de politesche Lager si opgefuerdert hätt déi Deelresultater ze verëffentlechen. Dat huet d‘Kommissioun aus Suerg ëm „d‘Transparenz a Verantwortung géintiwwer de Wieler an dem kenianesche Vollek“ refuséiert.

Geféierlecht Gejäiz

Wann et sécherlech aus demokratesche Grënn sënnvoll ass Resultater ze kontestéieren, esou huet dem Raila Odinga säi Protest meeschtens schlëmm Folgen. 2007 beispillsweis, wou den Odinga dem erëmgewielte Mwai Kibaki ënnerleeë war, hat säi Gejäiz bal ee Biergerkrich ausgeléist.

De Kenia war do zwee Méint laang den Theater vu ethno-politeschen Ausernanersetzungen. Op mannst 1.100 Mënschen hunn heibäi hiert Liewe verluer an 600.000 ware verdriwwe ginn. Erreecht hat d‘Oppositioun näischt, de Kibaki ass Preisdent bliwwen.

2013 hat den Odinga schonn am éischten Tour vu Gefuddels geschwat an sech iwwert den elektronesche Vote opgereegt. Esouguer den ieweschte Geriichtshaff war saiséiert ginn. Deen huet d‘Resultater dann awer validéiert.

Fir d‘Wahlen am éischten Tour kënnen ze gewannen, muss e Kandidat déi absolut Majoritéit erreeche. Doriwwer eraus muss hien an op mannst 24 vun de 47 Bezierker am Land, méi wéi 25% vun de Stëmmen erhalen.

Angscht vrun der Gewalt

Vun der IEBC ass den Taux vun der Wahlbedeelegung net matgedeelt ginn. Sechs weider Kandidaten haten sech de Wahle gestallt. Laut der Wahlkommissioun hunn dës awer zesumme knapps 1% vun de Stëmmen erhalen.

Wahlbeobachter aus dem Kenia an dem Ausland haten am Virfeld hir Suergen zu méiglechen Onrouen ausgedréckt. De Wahlkampf war hefteg, besonnesch well d‘Oppositioun sech es net midd ginn ass, d‘Equipe ronderëm de President der Manipulatioun ze beschëllegen.

D‘Wahlen u sech sinn dann awer glécklecherweis roueg ofgelaf. Schonn an de fréie Moiesstonnen haten sech um Dënschdeg laang Schlaange virun de Wahlbüroe gebilt. En Zeechen datt den demokratesche Prozess trotz de Beschëllegunge vu Gefuddels bei de leschte Walen, net verluer huet.

Mat Ausnam vun enge ronn 20 Wahlbüroen an der Regioun vun Turkana, déi wéinst staarkem Reen schwéier zougänglech waren, a vereenzelte Verspéidunge, ass et beim gréissten Deel vun den 41.000 Wahlbüroe roueg zougaangen. Wéinst de Angscht vrun Ausschreidungen hunn gutt 150.000 Sécherheetsbeamten opgepasst.

Vereenzelt huet och kleng Problemer ginn, déi mat der biometrescher Identifizéierung vun de Wieler zesummegehaangen huet. De System huet awer wéi et schéngt normal funktionéiert. Am Géigesaz zu deem wat viru véier Joer geschitt war.

Mäi Papp, däi Papp…

D‘Oppositioun, déi jo während der Campagne kee gutt Hoer un der Wahlkommissioun gelooss hat, huet sech an engem éischte Moment ganz zefridden iwwert Aarbecht ausgedréckt.

Bei dëse Walen hunn d‘Kenianer och hir Deputéiert, Gouverneure, Senateuren, Gemengeréit an d‘Vertriederinne vun de Fraen an der Assemblée gewielt. Mee et war awer d‘Wahl vum President, déi am Zentrum vum Interessi stoung.

Differenzéiert Sondagen haten en Duell tëscht dem Uhuru Kenyatta an dem Raila Odinga virausgesot. Hei muss gewosst sinn, datt den Uhuru de Fils vum éischte President vum onofhängege Kenia, dem Jomo Kenyatta ass.

Och dem Raila seng Familljesituatioun spillt eng Roll. Him säi Papp, de Jaramogo Odinga Odinga, war emol kuerzzäiteg Vizepresident. E war awer schnell vum Jomo vun der politescher Bühn gejot ginn.

De Wielerwëlle respektéieren

Béid haten sech dann och unhand de Sondagen iwwerzeegt gewise d‘Wahlen ze gewannen. Hunn et och nach emol no der Wal um Dënschdeg bekräftegt. De Kenyatta huet awer al eenzege gesot „Wann ech verléiere wäert ech de Wëlle vum Vollek unhuelen“. D‘Invitatioun u säi Géigner deem och zouzespriechen huet awer keen Echo fonnt.

D‘Wahlen am Kenia spillen sech dann och éischter op engem ethneschen Niveau of. Politesch Programmer sinn hei éischter Dekoratioun. Béid Campe „un Kikuyu“ an „un Luo“ haten zwou grouss Wahlallianzen op d‘Bee gestallt.

Woubäi de 55 Joer ale Kenyatta a säi Vizepresident William Ruto (un Kalenjin) hire wirtschaftleche Bilan virgeluecht hunn. Zanter 2013 verzeechent ënnert hirer Leedung d‘Land ee Wuesstem vu méi wéi 5%. Och d‘Infrastrukturen si weider entwéckelt ginn. Esou d‘Eisebunnslinn tëscht Nairobi an dem Hafe vu Mombasa.

Den Odinga hat dëse Bilan a Fro gestallt an sech als neie Garant fir de wirtschaftleche Wuesstem presentéiert. Hien huet och versprach de Wuesstem besser ze verdeelen. Wann d‘Zuelen déi virleien elo awer Stëmmen, muss sech der Raila wuel nach emol véier Joer gedelegen.

mam François Ausseill/AFP

Foto: Offiziell Auszielung vun de Stëmmen zu Archers Post am Samburu County. Erfreelech ass de Constat, datt entgéint allen Erwaardungen, d‘Wahle ganz friddlech ofgehale goufen. D‘Oppositioun, an virun allem, de Kandidat Odinga, hu gewinnt d‘Resultater schonn am Virfeld refuséiert. (© Cyril Villemain/AFP)

Ähnlech Sujeten Afrika, Kenia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel