Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen
Wa Sätz danze léieren, da ginn héchstwahrscheinlech spannend Geschichte geschriwwen
Wa Sätz danze léieren, da ginn héchstwahrscheinlech spannend Geschichte geschriwwen
Frënn vun der gudder Musek an der gudder Laun, sollten
Leschte Mëttwoch kruten déi glécklech Gewënner vum Concours „ECOlogique“ ee
Wärend am Sall just 100 Leit hunn dierfe present sinn, wollte sech ganzer 700 interesséiert Persounen dës Presentatioun net entgoe loossen an hunn se per Livestream verfollegt.
Vun den 62 Recommandatiounen vum KEP, sinn der 8 komplett ëmgesat ginn. Aktuell gëtt u 44 Recommandatioun nach geschafft. Op der neier Internetsäit kep.lu – Rubrik „Mise en oeuvre“ – ass de Fortschrëtt vun de verschidde Recommandatiounen unhand vu Balken mat Prozentzuelen einfach visualiséiert. Och déi detailléiert Dokumenter kann een hei fannen.
Um Ronddëschgespréich, dat vum Samuel Hamen moderéiert ginn ass hunn de Filip Markiewicz (Kënschtler), d’Simone Mousset (Dänzerzin), de Marc Nickts (Gerant vu SACEM), de Michel Polfer (Direkter vum MNHA), de Marc Rettel (Reading Luxembourg), d’Anne Simon (Regisseurin) an d’Odile Simon (Direktesch vum Cube 521) deelgeholl.
Fir de Filip Markiewicz steet kloer fest, datt d’Kënschtlerliewen och ouni sanitär Kris ëmmer e Risiko ass. An dësem Kader hofft d’Simone Mousste, datt d’Gesellschaft elo agesäit, wéi wichteg d’Kultur am alldeegleche Liewen ass. Doduerch soll dem Artist méi Plaz zur Entfalung a Kreatioun gebuede ginn.
Huet d’Digitaliséierung wärend der Pandemie en enorme Fortschrëtt erlieft, esou sinn d’Anne Simon an de Michel Polfer sech eeneg, datt en digitaalt Erliefnis nimools d’Realitéit ersetze kann. D’Regisseurin äussert dobäi de Bedenken, datt mam Internet den Theater schnell zu engem simpelen Zäitverdreif kéint ginn, e säi Wäert verléiert an den Theater als Spigel vun der Gesellschaft net méi effikass genotzt ka ginn.
E weidere Problem sinn déi enorm Onsécherheeten. Als Direktesch vum Cube 521 weist d’Odile Simon drop hin, datt ee mat de Restriktiounen ni sécher weess, ob den Invité areese kann an den Optrëtt stattfënnt.
Am Beräich Musel huet de Marc Nickts en Hëllefsprogramm fir Museker opgebaut an hinnen Avance bei den Auteursrechter ginn. De Marc Rettel gesäit an, datt d’Artiste sech aktuell op eege Besoine konzentréiere kënnen. Trotzdeem ass et wichteg, weiderhin Iddien auszetauschen a gemeinsam no Léisungen ze sichen.
Bei engem Punkt ware sech all Gäscht eens: D’Aarbechtsweis vun Artisten muss iwwerduecht ginn, an och Gesellschaft muss der Kultur méi Unerkennung schenken. Dëse wichtege soziale Komponent gëtt onbewosst wouergeholl, an awer spiere mir wat eis feelt, elo wou vill Virféierungen, Concerten a Presentatiounen ausfalen.
Passend zu dëser Presentatioun vum KEP an de Gespréicher ronderëm d’Kultur krut och d’Reform vum modifizéierte Gesetz vum 19. Dezember 2014 e puer Minutte vergënnt. Bei der Rentrée 2019 koum et zu enger ëffentlecher Consultatioun, duerch déi de Ministère no perséinlechen Erfarungen, festgestallte Limitten, Erausfuerderungen an Hindernisser gefrot huet.
Elo si folgend Piste geplangt
Fir selbststänneg professionell Artisten:
Fir fräischaffend Kënschtler:
Uschléissend huet d’Catherine Decker vum Kulturministère d’Aarbechten am Kader vun der Kreatioun vun engem Lëtzebuerger Konscht-Rot (Kultur:LX) virgestallt. Déi nächst Etappe gesi vir, datt d’Asbl e Koordinator engagéiert, duerno responsabel Persounen am Beräich Finanzen a Kommunikatioun, an uschléissend déi progressiv Integratioun vun de verschidde Missiounen (music:LX, Reading Luxembourg, Trois-CL, Aide à la mobilité vum nationale Kulturfong).
Zum Ofschloss wollt d’Kulturministesch nach emol op den Dossier vum neie Gesetz vum Patrimoine opmierksam maachen. Dem Kulturentwécklungsplang gëlt hei e komplett Kapitel an de Gesetzesprojet gouf agereecht. Den Avis vum Staatsrot huet ee schonn a säit e puer Wochen ginn déi eenzel Paragrafe vum Gesetzesprojet reegelméisseg mat den Deputéierten an der Kulturkommissioun diskutéiert.
Opmaacherbild: © Svetlana Pochatun / Unsplash