Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Fir ze laachen, fir ze kräischen: En TV-Duell verwandelt sech zur Tragi-Komödie
opinion essay online dating

how to write a good profile for dating site

Et ass en trauregen, lächerlechen Héichpunkt vum Wahlkampf an der

https://moien.lu/hookup-or-relationship-quiz/
opinion essay online dating

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun
opinion essay online dating

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun

Et kléngt verréckt an dat ass et wahrscheinlech och: bis

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

E Kommentar

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

Wann een aus #Metoo eppes léiere kann, da wuel, datt sexuell Iwwergrëff méi verbreet si, wéi vill et gemengt hunn. Mëttlerweil gouf et esou Virwërf och dem Kevin Spacey vis a vis, dat vum Schauspiller Anthony Rapp. Dee soll beim Virfall grad emol 14 Joer gehat hunn.

De Kevin Spacey hat doropper reagéiert an e Statement op Twitter gesat. Zwar mengt en, sech net drun erënneren ze kënnen, mee entschëllegt sech awer fir säi Verhalen. Mee wat een an der Press den éischten Ablack ze gesi krut, war eppes anescht: An zwar d‘Noriicht, datt de Kevin Spacey schwul wier. D’Virwërf sinn an den Headlines op e Niewesaz delegéiert ginn.

D‘Press huet dëse Virfall wéi eng Sensatioun behandelt an dobäi de Fokus op de komplett falschen Aspekt geriicht

Elo ginn et hei e puer kommentéierendswäert Aspekter. Firwat ass et ëmmer nach eng News-Story wäert, wann een sech als Homosexuell out? Mir sinn dach net méi an den 90er! Sécherlech ass et fir jonk Homosexueller, déi an engem manner toleranten Ëmfeld opwuesse, wichteg ze gesinn, datt sech anerer dat trauen, an datt et vun der Gesellschaft respektéiert gëtt. Mee et sollt an de Medien net d‘Haaptnouvelle duerstellen.

Scho guer net an dësem Kontext.

Den Unnäherungsversuch – oder wéi och ëmmer een dat nenne wëll – ass egal wéi verwerflech, schonn eleng wéinst dem Alter vum Anthony Rapp. Mee dës Geschicht kritt zousätzlecht Gewiicht, well et dës Kéier e Mann war, deen Opfer vun esou eppes ginn ass. All ze oft géif ee jo mengen, nëmme Frae wieren d‘Opfer vun esou Iwwergrëff, an dowéinst wier et ëmsou méi wënschenswäert gewiescht, datt d‘Press dat heiten uerdentlech handhaabt. Leider hunn se enttäuscht.

Mëttlerweil gouf annoncéiert, datt House of Cards mat der 6. Staffel hiert d‘Enn huet. Anscheinend soll des Decisioun scho viru méi laangem gefall sinn. An dach ass den Timing vun der Ukënnegung verdächteg. An et weess een och net, op dat elo de Schlusspunkt ass. Sécher ass awer, datt #Metoo domat nach keen Enn fonnt huet an déi Industrie sech verännere muss.

Foto: Melinda Sue Gordon/Netflix

Ähnlech Sujeten #metoo, Kevin Spacey, Medien, Netflix, Sexismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel