Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile
https://moien.lu/dating-as-a-single-mom-tips/ okcupid dating stories

husband always on dating sites

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action

https://moien.lu/indian-matchmaking-agency-singapore/
https://moien.lu/dating-as-a-single-mom-tips/ okcupid dating stories

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!

De Votum Klima huet d’Regierung dozou opgefuerdert, keng weider Zäit

geek
Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2
https://moien.lu/dating-as-a-single-mom-tips/ okcupid dating stories

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante

dislike

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

E Kommentar

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir ze kucke gesicht huet, deem ass et bestëmmt opgefall: Eppes huet sech un de Reklamme fir House of Cards geännert. Oder besser gesot, eng gewësse Persoun ass guer net méi an de Reklamme fir dës Serie ze gesinn. Dobäi war et de Kevin Spacey, deen se grouss gemaach huet. An domadder Netflix zu senger dominanter Positioun verhollef huet.

Et ass eng Reaktioun op de Skandal, deen säit Deeg seng Persoun betrëfft. Him gëtt mëttlerweil vun e puer Persoune virgeworf, sech hinnen opgedrängt ze hunn. Et ass e Nieweschauplatz vun der #metoo-Well an dach weist se, wéi grouss d‘Konsequenze kënne sinn. Well mëttlerweil huet Netflix sech komplett zum Star distanzéiert. Mee wéi sollen d‘Fans mat dëser Situatioun ëmgoen?

Et ass eng al Fro, op déi et vill Äntwerte ginn. Eng korrekt gëtt et net, awer op mannst e puer, déi pragmatesch sinn

Dëst ass eng vun deene grondleeënde Froen, wann et ëm Konscht geet: Wéi wäit soll een d‘Wierk vu sengem Auteur trennen? Sécherlech ass House of Cards, oder och déi vill Filmer an deenen de Kevin Spacey eng wichteg Roll gespillt huet, net op hien ze reduzéieren. Niewend deenen aneren Haaptfiguren sinn och nach ganz vill aner Talenter un esou enger Produktioun bedeelegt. Mee et war ënnert dem Stréch säin Numm, deen dem Projet de Prestige bruecht huet. Mat alle Konsequenzen, déi mer haut hunn.

Dowéinst huet Netflix sech jo och vum Kevin Spacey, an net vun House of Cards getrennt. Fans fuederen, datt de Frank Underwood, dem Kevin Spacey seng Figur, an der nächster Staffel stierwe soll. Et gëtt awer och eng Petitioun, wou d‘Produzenten opgefuerdert ginn, sech einfach en neie Schauspiller fir d‘Roll ze sichen.

Och wann des Léisunge pragmatesch sinn, weisen se dach eng Saach zimlech kloer: D‘Fans kënnen ouni Spacey liewen. Talenter ginn et der genuch. Hoffentlech och onproblematescher.

Foto: Patrick Harbron/Netflix

Ähnlech Sujeten House of Cards, Kevin Spacey, Netflix, Sexuell Gewalt, Sexuell Iwwergrëff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel