Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche mécht eng Plainte… géint sech selwer
wishdate dating site

Porsche mécht eng Plainte… géint sech selwer

Passend zum Lëtzebuerger Autofestival, kënnt eis eng Meldung aus Däitschland

words to describe myself for dating site
wishdate dating site

Wéi gutt kenns du eis Brécken?

Lëtzebuerg huet net ze knapps Brécken. Mee wéi gutt kenns

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!
wishdate dating site

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

De franséische Schrëftsteller Jules Verne ass mat senge fantastesche Wierker

D‘Kierch ass kee gudde Patron

D‘Kierch ass kee gudde Patron

Wéi sech deen een oder aneren iwwerluecht hat Katechet ze ginn, muss dat dann och éischter aus Iwwerzeegung geschitt sinn, wéi dat een do gemengt hätt eng gutt bezuelten Aarbechtsplaz ze kréien.

Unhand der Konventioun tëscht Kierch a Staat aus dem Joer 2015, sinn d‘Katecheten dann och Salariée vum Bistum. Engem Bistum dee muenche Katechet nogeluecht hat, dach e Bachelor an der reliéiser Pedagogik ze maachen. Eng u sech novollzéibar Demande, déi zum engen de Kanner zerguttst kënnt an och dem „Reliounsproff“ méi Sécherheet sollt ginn.

Elo ass et dann awer esou, datt een als Katechet wuel ganz am kathoulesche Glawe lieft, een als Employé awer seng Rechter wëll respektéiert gesinn. An do ass et nu eben emol esou, datt een säin Diplom och um Paiziedel wëll erëmerkennen. Dat gesäit een da beim Bistum awer nees ganz anescht.

Bridderlech deelen, ass eppes wat et an der Kierch wuel um Pabeier gëtt, och gären an der Priedegt un d‘Schof adresséiert, net awer elo u sech selwer applizéiert. Jo wou kéim een dann och hin, wann ee säi Personal no de Reegele vun der Konscht géif bezuelen? Zemools wann et méiglech ass sech deem ze entzéien.

Leider gesinn dat eng ronn 30 Katecheten anescht an hunn eng Plainte géint de Bëschof Hollerich agereecht. Si fuerderen iwwert hiren Affekot den Me. Jean-Marie Bauler ugemooss bezuelt ze ginn, a wéi beim Staat hire Bachelor-Diplom och an der Pai unerkannt ze kréien.

D’Kierch gehéiert zum “Privatsecteur”

Elo ass de Bistum awer keng staatlech Institutioun. An och wann ee Versteesdemech kann hunn, wat d‘Fuerderunge vun de Katecheten a Katechetinnen ugeet, esou sinn hir Aarbechtsverträg dach beschtefalls vergläichbar mat deem vum Privatbeamten. An d‘Kierch gesäit dann och net an firwat se hire „Privatbeamten“ sollt méi bezuele wéi se muss.

Well elo och d‘Kommunikatioun mam „Patron“ fir d‘Katechete schéngt schwiereg ze sinn, oder d‘Positiounen einfach festgefuer sinn, kënnt déi ganz Affär elo op d‘Aarbechtsgeriicht. An et dierf een dann och gespaant sinn wien um Enn Recht kritt.

Wann et nämlech esou wier, datt well et eng Konventioun tëscht Kierch a Staat gëtt, et sech esou presentéiert, datt d‘Gehälter deenen déi beim Staat üblech sinn ugepasst musse ginn, hätt een hei e Prezedenzfall dee grouss Auswierkungen hätt. Da missten nämlech all déi mam Staat konventionéiert „Betriber“ hiren Employéeën eng Pai zougestoe wéi se engem Staatsbeamten zousteet.

Foto: Trotz der Trennung tëscht Kierch a Staat, fuerderen d‘Katecheten an d‘Katechetinne vum Bistum déi selwecht Pai ze kréie wéi et de Fall wier, wa se beim Staat ugestallt wieren. Op déi Fuerderung gerechtfäerdegt ass muss elo d‘Aarbechtsgeriicht klären. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bistum, Jean-Claude Hollerich, Katecheten, Kierch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel