Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat
best dating sites in florida Neiegkeeten

who does alex from 13 reasons why dating in real life

Den tierkesche Staatschef, Recep Tayyip Erdogan, ass e Sonndeg schonn

casual dating feelings
best dating sites in florida Neiegkeeten

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?

Dat gëtt op mannst elo vum Ministère analyséiert. Et gëtt

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
best dating sites in florida Neiegkeeten

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft

Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung

D’Problemer vun der psychescher Gesondheet si mëttlerweil esou aktuell, wéi nach ni. Ee jonkt Meedchen, dat an Therapie ass wéinst selbstverletzendem Verhalen, krut elo geroden, dës Gewunnecht duerch Konscht ze ersetzen.

Oft bemierkt d’Ëffentlechkeet psychesch Problemer, déi sech bei verschiddene Persounen duerch Selbstverletzung äusseren, net direkt. Oft ass de Grond, datt si sech lieweg wëlle spieren, an dëst Gefill just duerch kierperlech Péng erreeche kënnen. Obwuel hei d’Gefor zum Suizid net esou héich ass, kann d’Selbstverletzung, beispillsweis duerch Schneiden, immens Risike mat sech bréngen.

Eng Strategie, fir mam dafe Gefill eens ze ginn, ass d’Konscht. Dobäi gëtt net op eng Toile oder een anere konventionelle Support zeréck gegraff, mee op den eegene Kierper. An genau dëst Meedchen deelt am Internet seng Kierperkonscht. „Mäin Therapeut sot mir, amplaz mir selwer wéi ze doe sollt ech eppes Schéines dohi molen, wou ech mech schneide wéilt. Dat ass d’Resultat. An et fonctionnéiert, éierlech.“

Zënter 92 Deeg (säit der Opnam) huet d’Meedchen sech esou net méi geschnidden. Hatt hofft, wéinstens enger Persoun op dësem Wee hëllefen ze kënnen um Wee vun der Erhuelung.

Selbstverletzung

D’Technik Zentangle

D’Meedchen, dat gären anonym bleiwe wëll, huet op sengem Been d’Zentangle-Technik ugewannt. Heibäi geet et net drëm, iergendeppes ze representéiere mee einfach ongeplangt drop lass ze leeën. Esou soll ee sech einfach op de Stréch konzentréieren a sech net op d’Resultat fokusséieren. De Wee ass d’Zil. D’Hand soll just an enger relaxer Positioun, sou datt de Kënschtler ofschalte kann.

Selbstverletzung

Informatiounen zur Selbstverletzung

De Begrëff „Selbstverletzung“, „Selbstbeschiedegung“ oder och „autoaggressiivt Verhalen“ beschreift verschidde Verhalensweisen, bei der eng betraffe Persoun sech express kierperlech blesséiert. Dozou gehéiert ënnert anerem sech ze schneiden, sech ze verbrennen, ze krazen oder sech d’Hoer eraus ze rappen.

Oft trëtt dëst Verhalen an der Pubertéit oder bei jonken Erwuessen, also tëscht 12 a 24 Joer op. Oft gräift een zu esou staarke Mëttelen, wann een iwwerwältegend Gefiller erlieft, déi een net verschaffe kann. Bei Angscht, Depressioun oder och Stress, engem gerénge Selbstwäertgefill oder Selbsthaass verschaaft ee sech eng temporär Erliichterung vun dësen intensive Gefiller.

Selbstverletzung ka fir déi betraffe Persounen als Ventil déngen, als Kontroll-Method oder als Moossnam, fir sech déi emotional Dafheet fir kuerz Zäit lass ze ginn. Als Warnzeeche fir Aussestoender gëllen onerkläerlech Blessuren (oft un Handgelenker, Ärem, Uewerschenkel a Broscht), Bluttflecken un de Kleeder, Isolatioun a Reizbarkeet oder och dat staarkt Bedierfnis déi blesséiert Plaze verdecken ze mussen.

Wien sech bis ewell nach kengem mat senge Problemer uvertraut huet an d’Gefill huet u psychesche Problemer ze leiden, dee Ka sech beispillsweis um 116 111 Kanner-Jugendtelefon, Online Help oder SOS Détresse mellen, fir déi éischt Schrëtt zur Hëllef anzegoen. Denkt drun, Dir sidd net eleng!

Ähnlech Sujeten 116111, Hëllef, Kanner-Jugendtelefon, Konscht, Selbstverletzung, SOS Détresse, Therapie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel