Search

You may also like

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
Meenung Neiegkeeten

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

Nuit des Lampions 2018 – eng magesch Nuecht fir dausende Leit
Meenung Neiegkeeten

Nuit des Lampions 2018 – eng magesch Nuecht fir dausende Leit

Vergaangene Samschdeg huet d’Stad Wolz erëm Kleng a Grouss op

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader
Meenung Neiegkeeten

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader

Nodeems de konservative „Partido Popular“ (PP) sech eng Renommée gemaach

BasTV: En interessanten Interview zum „Killer-Virus“ Covid19

BasTV: En interessanten Interview zum „Killer-Virus“ Covid19

Datt et zuweile ganz ënnerschiddlech Approche gëtt, och oder grad am medezinesche Beräich, wéi ee mam Covid19-Virus ëmzegoen huet oder hätt, mécht de Prof. Dr. Sucharit Bhakdi am online-Interview mam Bas Schagen (BasTV) däitlech. De Medeziner ass Coauteur vum Buch „Corona Fehlalarm“ (Goldegg Verlag) an en unerkannte wéi och renomméierte Spezialist fir Mikrobiologie an Infektiounsepidemiologie. Seng Aussoen am Video esou interessant wéi verwirrend.

Elo hunn sech awer och d‘Kolleege vum Magazin „Panorama“ (ZDF) mam Wëssenschaftler beschäftegt an dësem seng Aussoen engem Faktencheck ënnerzunn. De Prof. Dr. Sucharit Bhakdi wëll beweisen, datt dëse Coronavirus SARS-Cov2 keng aussergewéinlech Gefor duerstellt. Fir d‘Kolleege vu Panorama sinn dem Medeziner seng Zuele-Beispiller awer a Fro ze stellen.

Si halen et fir gewot, datt obwuel d‘Fallzuele rapid zouhuelen, d‘Moossname géint de Covid19 als sënnlos a selbstzerstéieresch ze bezeechnen. Et gëllt als erwisen datt bis zu 20% vun den Infektiounen ee schwéiere Verlaf hunn, wärend de Prof. Dr. Sucharit Bhakdi sech drop behaapt, datt 99% vun den erkrankte keng oder nëmme liicht Symptomer hunn. Wien huet Recht, wien Onrecht?

Note: D‘Redaktioun deelt net d‘Usiichte vun deenen am Interview mam Bas Schagen gemaachten Aussoen, an iwwerléisst et de Lieser sech eng eege Meenung dozou ze maachen. D‘Publikatioun ass eis awer am Kontext vun der Meenungsfräiheet an der schlechter Kommunikatioun säitens der Regierung wichteg.

Illustratioun: © Josh Kahen / unsplash

Related topics BasTV, Coronavirus, Covid19, Fake News, Politik, Prof. Dr. Sucharit Bhakdi, Wëssenschaft
Next post Previous post