Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch bei der Vereedegung vun 32 fräiwëllegen Zaldoten
https://moien.lu/dating-memes/ Sport

relative dating relies heavily on the principles of

Gëschter hunn 32 fräiwëlleg Zaldoten, am Bäisinn vum Verdeedegungsminister François

https://moien.lu/giving-her-space-dating/
https://moien.lu/dating-memes/ Sport

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech

D‘Erwaardunge vun der Käerjenger Gemeng goufen, esou déi allgemeng Ausso,

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun
https://moien.lu/dating-memes/ Sport

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun

Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an

Kilometer fir konkrete Klimaschutz

CSV-Fraktioun Vëlos-Tour 2019: Vu Belval op Belval den 22. August

Kilometer fir konkrete Klimaschutz

An der Suite vum Nolauschter-Tour „Wou dréckt de Schong?“ organiséiert d‘CSV-Fraktioun en Donneschdeg den 22. August 2019, ee Vëlos-Tour ënnert dem Motto: “Kilometer fir konkrete Klimaschutz“

Et geet drëms, fir d‘Leit op de Vëlo ze kréien a gemeinsam ee flotten Tour vum Belval op de Belval ze maachen. Den Tour ass 50 Kilometer wäit. Weiderhi geet et och drëms, Beem matzefinanzéieren. Dat engersäits hei zu Lëtzebuerg, am Kader vun engem Projet vun „natur&ëmwelt“. An anersäits zu Haiti, hei an Zesummenaarbecht mat OTM Haiti (Objektiv Tiers Monde).

All Coureur ass invitéiert sech ëm „Sponsoren“ ze beméien, an all Kilometer sollt mat 50 Eurocent remuneréiert ginn. Sënn dovunner ass et natierlech méiglechst vill Beem planzen ze kënnen. Beem sinn erwisenermoosse wichteg well si den CO² aus der Loft huelen. Wann dann Ethiopien et hikritt 350 Millioune Beem an engem Dag ze planzen… jo da weess ee wat en Challenge ass.

Klammt duerfir mat eis op de Vëlo!

Depart ass um 14.30 Auer virun der Rockhal um Belval. Hei ass och d’Arrivée géint 18.30 Auer. Den Tour vu ronn 50 Kilometer geet vu Belval op Belval mat engem Halt zu Rëmeleng beim Musée des Mines an zu Péiteng beim Café am Home.

D’Participatioun ass gratis – Eng Umeldung ass net néideg

Eise Vëlostour ass méi, wéi just Vëlo. „Kilometer fir konkrete Klimaschutz“ heescht: mir siche Sponsore fir Beem ze planzen! Heiheem zu Lëtzebuerg an dobaussen a Mëttelamerika. Wëll jidder nei geplanzte Bam ass konkrete Klimaschutz.

Klimaschutz

Mir invitéieren duerfir all Coureur, fir sech nom „Charity Cross“-Prinzip Sponsoren ze sichen: fir 50 Cent de Kilometer. Also 25 Euro den Tour. Mä all Spend ass wëllkomm! D’Sue kënne bor op der Plaz bezuelt ginn oder op de Kont IBAN LU71 0019 5455 7469 4000 mat der Mentioun „Vëlostour 2019“ iwwerwise ginn. Mir leeden se da weider.

Duerno ass um 18.30 Auer Après-Vëlo am Urban um Belval. Jiddereen ass wëllkomm!

Ähnlech Sujeten Belval, CSV, CSV-Fraktioun, Klimaschutz, Vëlos-Tour
Nächsten Artikel Virrechten Artikel