Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis
Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech

Op d‘Strooss gesat
Neiegkeeten

Op d‘Strooss gesat

D‘Caritas Lëtzebuerg, där hir Missioun doranner besteet den Äermste bäizestoen

What the Fakt – den Internationale Fraendag
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer West equipéiert haten haut d’Indonesierin Siti Aisyah (25) an d’Vietnamesin Thi Huon (28) hiren éischte kuerzen Optrëtt virum malaysesche Geriicht.

Déi zwou Frae riskéieren d’Doudesstrof. Hinne gëtt virgeworf den 13. Februar 2017 um internationale Fluchhafe vu Kuala Lumpur dem Kim Jong-Nam, Hallefbrudder vum nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un, en neurotoxescht Gëft, VX genannt, an d’Gesiicht geworf ze hunn. D’Verteidegung vun deenen zwou Frae beklot nëmmen en ageschränktenen Accés op den Dossier ze hunn.

E faire Prozess setzt viraus, datt all wichteg Dokumenter der Verteidegung esou schnell wéi méiglech zur verfügung gestallt ginn”, esou de Gooi Soon Seng, Haaptaffekot vum Siti Aisyah.

De Procureur Général adjoint Muhammad Iskandar Ahmad huet der Verteidegung verséchert, datt Dokumenter virum Prozess bei hinnen ukomme sollten.

Goufen d‘Frae getäuscht?

Déi zwee Frae soen si wären onschëlleg. Si hunn erkläert, datt si getäuscht gi sinn a gemengt hunn, si géife bei enger Emissioun am Stil vu „Versteckte Kamera” matmaachen.

D’Affaire gouf un den ieweschte Geriichtshaff weider geleet, huet de Juge confirméiert. Den ieweschte Geriichtshaff preziséiert am Laf vum kommende Mount wéini den eigentleche Prozess ufänkt.

De Kim Jong-Nam war e staarke Kritiker vu sengem Hallefbrudder Kim Jong-Un an huet zu deem Ament am Exil gelieft. Säin Dout a seng Folgen hunn e Sträit ausgeléist, deen een un de Kale Krich erënnert. Séoul huet direkt Nord Korea beschëllegt, dësen Attentat an d’Weeër geluecht ze hunn.

Nordkorea sengersäit huet d’Malaysesch Enquête als eng Diffamatiounskampagn bezeechent a behaapt, de Kim Jong-Nam wier un enger Häerzattack gestuerwen. Déi zwee Länner waren dozou iwwer gaangen, hier Ambassadeuren auszeweisen an hunn eng temporär Ausgangsspär fir d’Persounen aus der jeeweileger anerer Natioun an hirem Land verhang.

Mat jsm-el-mba/tib/pg (AFP)

Foto: AFP PHOTO / MANAN VATSYAYANA

Ähnlech Sujeten Attentat, Kim Jong-Nam, Kim Jong-Un, Malaysien, Nordkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel