Search

You may also like

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien

Neikaledonien bleift franséischen Territoire
International Neiegkeeten

Neikaledonien bleift franséischen Territoire

D‘Separatisten hunn sech no 2018 och 2020 net duerchgesat kritt.

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

Nordkorea: Kim Jong-un wëll all Hënn aschléifere loossen

Nordkorea: Kim Jong-un wëll all Hënn aschléifere loossen

D’Roserei bei de Bierger an Nordkorea ass grouss an awer sinn hinnen d’Hänn gebonnen. Nodeems am Juli e Verbuet géint de Besëtz vun Hënn ausgeschwat ginn ass, sollen d’Véierbeener op Uerder vum Diktator Kim Jong-un confisquéiert, ageschléifert an deemno wéi souguer giess ginn.

Hënn

Ángel Jiménez de Luis / Twitter

Zënter Joren leit Nordkorea dorënner ze wéineg Liewensmëttel ze hunn. Natierlech muss an dësem Fall all Zort vu Luxus opgeléist a sech op dat Essentiellt konzentréiert ginn. A well de Besëtz vun engem Hausdéier just ee „verkommenen Trend vun der Bourgeoisie“ ass, dierfen d’Autoritéiten d’Bierger elo dozou zwéngen, hire véierbeenege Kolleg ofzeginn an aschléiferen ze loossen.

Verschidden Hënn sollen och un Déiereparken oder Restauranten verkaft ginn, an deenen de Konsum vun Hondsfleesch Normalitéit ass. D’Moossnam gouf zum „Schutz vum Land virun der kapitalistescher Dekadenz“ getraff. Schliisslech géif den normale Bierger éischter Schwäin oder Hénger ziichten, wéi en Hond e halen.

Hënn

श्री मान Ankit / Twitter

Schonn 2016 huet déi isoléiert Natioun erkläre wëllen, datt Hondsfleesch den neie Superfood ass, dee méi Vitaminnen enthält, wéi all aner Zort Fleesch. Grond fir dës Ausso war deemools wahrscheinlech déi geréng Räis-Recolte. Esou hätt ee senge Bierger eng „gutt Alternative“ ginn.

De Konsum vun Hondsfleesch ass a villen asiateschen a südostasiatesche Länner net ongewéinlech. Ënnert anerem gëtt säit 2009 reegelméisseg am chinesesche Yulin de sougenannten „Dog Meat Festival“ gefeiert, wou bis zu 10.000 Hënn a Kazen geschluecht a giess ginn.

Och an den USA war d’Iesse vun Hondsfleesch bis viru kuerzem nach legal. Jo, et war keng üblech an immens beléift Praxis, an awer goufen ëmmer erëm Fäll opgedeckt, wou Stroossenhënn, Véierbeener aus dem Heem oder och geklaut Muppen giess gi sinn. Vum Donald Trump kann een hale wat ee wëll, an awer war hien et, deen 2018 mam „Dog and Cat Meat Trade Prohibition Act“ d’Schluechte vun Hënn a Kazen offiziell verbueden huet. D’Strof vu bis zu 5.000 $ kéint allerdéngs méi héich ausfalen.

Foto: © KCNA

Related topics Aschléiferen, Bourgeoisie, Dog and Cat Meat Trade Prohibition Act, Donald Trump, Fédération Cynologique Luxembourgeoise, Hënn, Hondsfleesch, kapitalistesch Dekadenz, Kazen, Kim Jong-Un, Nordkorea, Pyongyang, Restaurant, Trend, Véierbeener, Verbuet
Next post Previous post