Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen
Cool International Neiegkeeten

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen

Transparenz géintiwwer dem Bierger ass him wichteg. Den 32 Joer

laughing
Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“
Cool International Neiegkeeten

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT)

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…
Cool International Neiegkeeten

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well

cool

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag

Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee sech hätt virstelle kënnen d‘Hand ginn. Zu Singapur hunn de nordkoreanesche Leader Kim Jong-un an den US-President Donald Trump, sech um Dënschdeg häerzlech begréisst. Et ass datt iwwert déi historesch Bedeitung vum Gester eraus, dann och méi wéi nëmmen e symboleschen Handschlag.

Virun enger Rei mat amerikaneschen a nordkoreanesche Fändelen, hunn sech „d‘Feinden“ an engem Luxushotel op der Insel Sentosa zu Singapur fir hire Sommet afonnt. „Mir wäerten eng formidabel Relatioun hunn“ huet den Trump gesot, wei hien nieft dem nordkoreanesche Leader gesiess huet. Hie wëll iwwerzeegt sinn, datt d‘Entrevue mam Diktator en immense Succès gëtt.

„Ech si frou iech ze begéinen Här President“, huet sengersäits de Kim Jong-un deklaréiert. „De Wee heihinner ze gelaange war beschwéierlech. Déi al Viruerteeler a Gewunnechte waren Hürden, mee déi konnte mir elo all iwwerwannen, fir eis haut hei ze gesinn“.

Handschlag

De nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-un an den US-President Donald Trump virun de Fändele vu hire Natiounen. Nach ni waren sech en amerikanesche President an e nordkoreanesche Leader esou no wéi haut. Mat dësem Dag gi béid Männer mat engem „positive Geste“ an d‘Geschicht an. © Saul Loeb/AFP

Dat éischt „Véier Aen“ Gespréich huet ronn 50 Minutte gedauert, an den US-President huet säin Optimismus, géintiwwer de Gespréicher déi ustinn, zum Ausdrock bruecht. Déi géife gutt, ganz gutt verlafen. Uschléissend hunn sech béid Staatscheffe mat hire Beroder a Mataarbechter zréckgezunn, fir sech bei enger Aarbechtssëtzung iwwert Detailfroen auszetauschen.

E riskante Manöver

Bedenkt een, datt den Donald Trump ouni politesch Erfarung un d‘Muecht komm ass, dierf een dës Entrevue als e riskant Manöver beschreiwen. Sech nëmmen e puer Méint no zolittem Gestreits mam erkläerte Géigner ze treffen, ass eng „héich Wett“, déi de Milliardär agaangen ass. Et ass zudeem säi wichtegsten Optrëtt op der internationaler politescher Bühn, wou hie bis ewell net geglänzt huet.

D‘Kelly Magsamen, eng fréier Asien-Spezialistin vum Pentagon resuméiert: „Mir wäerte gesinn op de Kim Jong-un him méi zougesteet wéi nëmmen e puer Frëndlechkeeten, an e puer schéine Biller fir Televisioun“. Verständlech, well de Kim Jong-un, dee bis heihinner nach keng offiziell Rees an d‘Ausland ënnerholl hat, huet nach net verroden.

Handschlag

No engem Gespréich ënnert véier Aen, ware béid d‘Staatscheffen nach ëmmer gutt gelaunt. Domatter dierf een zouversiichtlech op déi weider Entrevue blécken an drop hoffen, datt et tatsächlech zu enger Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel komme kann. (Saul Loeb/AFP

Zu Singapur, war säin Optrëtt bis ewell allerdéngs ganz entspaant. Hien huet et sech och net huele gelooss „en Nocturne“ a sichtlech erfreet, déi touristesch Attraktioune vun der Stad weisen ze loossen. Dat kann awer net doriwwer ewechtäuschen, datt dem Diktator säin Atomwaffenarsenal de Mëttelpunkt vun de Verhandlungen duerstellt.

Am Ament wou mir dësen éischten Iwwerbléck iwwert de Sommet zu Singapur schreiwen, sëtze béid Staatscheffe beim Mëttegiessen. Analysten a Historiker sinn allerdéngs och zouversiichtlech datt et no dësem Treffen zu enger Ouverture komme kann. „Den Donald Trump wäert dat ganzt als groussen Erfolleg verkafen, mee d‘Denuklearisatioun brauch Joren“, esou d‘Kelsey Davenport.

Historesch Handschléi déi d‘Welt verännert hunn

Vum Sadate mam Begin, iwwert de Castro mam Obama bis hin zu béide koreanesche Leader, d‘Zäitgeschicht kennt vill historesch Handschléi.

Sadate a Begin

De 19 November 1977, ass den egyptesche President Anouar al-Sadate, de éischten arabesche Staatschef deen an Israel empfaange gëtt. Eng Première säit der Staatsgrënnung 1948, a véier arabesch-israelesch Kricher. De Sadate ass um Fluchhafe Lod bei Tel-Aviv fir en 43 Stonne-Besuch ukomm, an um Fouss vum Fliger, hunn hie säin israeleschen Homolog Ephraïm Katzir an de Premierminister Menahem Begin erwaart.

Déi dräi Männer hunn sech, bal onsiichtbar hannert enger „Mauer“ vu Fotografen a Leibwächter, d‘Hänn ginn. Mat dësem historesche Besuch, konnt de Wee fir Verhandlunge fräi gemaach ginn, wat schlussendlech 1979, zu den Accorde vu Camp David gefouert huet, wou et zum Friddensvertrag tëscht Israel an engem vu sengen Nopere komme konnt. Den Anouar al-Sadate war am sengem Land grousser Kritik ausgesat, an ass 1981 vun Islamisten ermuert ginn.

Arafat a Rabin

Um 13. September 1993, hunn sech zu Washington den israelesche Premierminister Yitzhak Rabin, an de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun (OLP) Yasser Arafat, zwee „déi alles vunenaner getrennt huet“, sech ënnert dem Bléck vum Bill Clinton d‘Hänn gereecht. Et war den Dag wou op der Wiss vum Wäissen Haus, d‘Deklaratioun zu de Prinzipie fir eng transitoresch palestinensesch Autonomie vu fënnef Joer paraphéiert ginn ass.

De Bill Clinton huet sech dem Rabin zougewennt an him d‘Hand ginn, du gëtt hien, op där aner Säit, dem Arafat d‘Hand. De palestinensesche Leader, deen sech eppes no vir gebéckt hat fir dëse Geste ze maachen, bleift bei senger Bewegung a hält dem israelesche Premierminister d‘Hand och entgéint. No enger kuerzer Onsécherheet, huet dee Mann, deen un allen Ausenanersetzunge géint d‘Palestinenser bedeelegt war, den Handschlag ugeholl. De Konflikt selwer ass bis haut net geléist.

Queen Elizabeth II an McGuiness

Et ass eent vun dem emblemateschste Biller vum Friddensprozess an Nordirland, ass den Handschlag tëscht der Kinnigin Elizabeth II an dem fréiere Kommandant vun der iresch republikanescher Arméi (IRA) Martin McGuiness. Dat war um 27. Juni 2012 an engem Theater zu Belfast. Nodeems de McGuiness iwwer 30 Joer laang déi britesch Dominatioun bekämpft hat, war hien zum wichtegste Partner bei de Friddensverhandlunge vum Karfreideg 1998, an ee vun deenen, déi d‘IRA derzou bewege konnten 2005 hir Waffen ofzeginn.

Obama a Castro

A Südafrika, war et den 10. Dezember 2013 zur Iwwerraschung komm, wéi den US-President Barack Obama sengem kubaneschen Homolog, Raul Castro, beim Begriefnes vum Nelson Mandela d‘Hand gereecht huet. Am Stadion vu Soweto huet den Obama, deen um Wee op d‘Tribün war fir eng Ried ze halen, um Wee dohinner de Leit d‘Hand gereecht, dorënner de Raul Castro.

Dat war vun de Kamerae vun der südafrikanescher Televisioun agefaange ginn, an et war och ze gesinn, datt béid Männer matenaner geschwat hunn. Wann ee bedenkt, datt béid Länner, Kuba an d‘USA, keng offiziell diplomatesch Relatioune säit 1961 ënnerhalen hunn, esou war dëse Geste eemoleg. Ee Joer méi spéit sinn sech d‘Länner da ganz offiziell méi nokomm, an hunn och nees diplomatesch Bezéiungen opgeholl.

Kim a Moon

De bis ewell leschten historeschen Handschlag hat et de 27. Abrëll 2018 ginn. E puer Woche virum Sommet mam US-President Trump, haten sech déi koreanesch Leader. Kim Jong-un an Moon Jae-In op der militärescher Demarkatiounslinn d‘Hand ginn.

De Kim Jong-un ass bei dëser Geleeënheet den éischten nordkoreanesche Staatschef, dee säit dem Korea Krich (1950-53) e Fouss op südkoreanesche gestallt huet. Vum Kim ermontert, iwwertrëtt och de Moon kuerz d‘Grenz a Richtung Nordkorea. Déi folgend Entrevue tëscht béide Männer, huet d‘Phas vun der Entspanung, déi säit der Bedeelegung un den olympesche Wanterspiller vun Nordkorea agelaut war, konkretiséiert.

mam Florence de Marignan, dem Jérôme Cartillier an dem Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: „Shake-Hands“ tëscht dem Kim Jong-un an dem Donald Trump. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Kim Jong-Un, Nordkorea, Singapur, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    32

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0