Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel
Neiegkeeten Sport

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel

De President vum Europarot, Donald Tusk, straalt Optimismus aus a

Oekofestival statt Oekofoire
Neiegkeeten Sport

Oekofestival statt Oekofoire

Vum Kierchbierg an de Pafendall: no 29 Oekofoiren huet sech

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn
Neiegkeeten Sport

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg

Gutt elo direkt vun enger Iwwerraschung ze schwätze wier dees gudden ze vill. D‘Spillerin Kimberley Dos Santos (Mëttelfeld) huet sech iwwert déi ganz lescht Spillzäit (2017/18) ëmmer vu senger beschter Säit gewisen, an déi jonk Damm ass dann och verdéngt vun der Jury als beschte Foussballspillerin op der „Nuit du Football“ zu Mamer ausgezeechent ginn.

Domatter kann den SC Beetebuerg schonn op déi véiert Laureatin aus den eegene Reie blécken. An dëse Präis besteet eréischt zanter véier Joer. Et war deemno e „gemittlechen“ a virun allem erfreeleche Freidegowend, deen déi verantwortlech vum Veräin, an déi 20 järeg Spillerin erlieft hunn. Et ass déi drëtt Spillerin vum SC Beetebuerg déi esou geéiert gëtt.

Bleift nach ervirzehiewen, datt d‘Kimberley Dos Santos, eng offensiv Spillerin op de Couloiren ass, déi och vill Qualitéiten „hannen“ Opweises huet. An dobäi ass et egal op lénks oder riets hannen. Déi jonk Damm, déi hiert Talent ze notze weess, gëtt als eng ganz seriéis Spillerin bezeechent. Mat esou Dammen, konnt sech den Trainer um Samschdeg dann och géint de Progrès duerchsetzen.

Mat 5:0 vir den SC Beetebuerg, hunn d‘Damme vun Nidderkuer gewise kritt, wien den Terrain fir sech beusprocht. An ass zudeem schonn déi zweet Victoire an dëser nach jonker Saison, mee et bestätegt, datt si zu Beetebuerg gutt schaffen, an hir Ambitiounen net aus den Ae verléieren. Esou dierf et weidergoen, woubäi mir schonn drop higewisen hunn, datt et net ëmmer esou einfach wäert sinn.

Foto: (courtesy) Daniel Nunes

Ähnlech Sujeten Dammefussball, Kimberley Dos Santos, Nuit Du Football, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel