Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten
Gëschter huet AC/DC, déi legendär Hard-Rock Band, ee vu senge
Gëschter huet AC/DC, déi legendär Hard-Rock Band, ee vu senge
Leschte Freideg, de 7. Juni 2019, huet den FC Avenir
D‘Koalitioun „Cinque Stelle“ (M5) – Lega Nord huet um Donneschdeg
„Video on Demand“ (VOD) ass iech ze langweileg, oder dir wëllt einfach just är Frënn beandrocken an op „dicke Hose“ maachen? Déi belsch Entreprise Kinepolis (Stad Lëtzebuerg an Esch-Belval) huet dat richtegt Produkt fir iech: „Kinepolis Privé“. Startschoss: dëse Mëttwoch 24.Februar!
De Prinzip ass einfach: Eng Grupp vu bis zu 10 Persounen, kann sech um Kierchbierg oder am Belval-Plaza ee Sall fir de Präis vun 199 Euro lounen, an dat fir all Dag an der Woch. Aus dem Communiqué vu Kinepolis ass ze enthuelen, datt d‘Clienten, déi dëse Service an Usproch huelen, exklusiv Filmer aus dem aktuelle Programm kucke kënne, déi speziell fir si ausgewielt goufen.
Et gëtt am Communiqué ausdrécklech drop higewisen, datt all Virstellung maximal securiséiert ass, well d‘Mataarbechter sech un déi an de Kinoe vu Kinepolis ausgeschaffte Sécherheetsvirschrëften halen. Dat heescht, datt och wann ee sech ee Sall lount, musse Sécherheetsofstand a Maskeflicht agehale ginn. Iessen an drénken, ass folgerichteg och an der Privatvirstellung net zoulässeg.
Stellt sech dann awer d‘Fro, ob ausser enger gewësser Intimitéit, esou eng Locatioun sënnvoll ass? Richteg, streng geholl dierf een doheem jo net zu 10 Leit (ausser se wunne schonn do) ee Film op enger vun de ville VOD-Plattforme kucken, well een do géint d‘Gesetz verstéisst. An doheem deet jo och keen eng Mask un an et setzen esouvill Leit op der Couch wéi der drop passen. Dat geet net!
De Resident zu Lëtzebuerg ass selbstverständlech ee gesetzestreie Mënsch, war allerdéngs net „Demandeur“ fir esou eng Offer. Déi hunn se och net bei Kinepolis erfonnt. Si hunn sech dëse Prinzip bei den Amerikaner ofgekuckt, a schéngen iwwerzeegt do eng Nisch fonnt ze hunn. Ee Versuch ass et wäert, woubäi ee bei de „Klengen“ am Land, ëmmer scho konnt ee Sall lounen…
Illustratioun: Wann et heescht. bis zu 10 Persounen, kann een sech och fir 199 Euro ganz eleng ee Film op der grousser Leinwand ukucken. Ob dat wirtschaftlech ass, hänkt jo bekanntlech dovunner of, wéi sech d‘Akommes duerstellt, a fir de klenge Portmonni gëtt et jo nach ëmmer Video on Demand. © Vladimir Fedotov / unsplash