Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
International Neiegkeeten

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,

200 Säite Reformproblemer
International Neiegkeeten

200 Säite Reformproblemer

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron seng Pläng zur Reform

Wann et bis rullt!
International Neiegkeeten

Wann et bis rullt!

  De leschte Weekend war den Dylan Pereira zu Spielberg

King Boris kritt seng Neiwahlen

D‘Scheedung vun Europa muss waarde bis sech d‘Brite fir eng nei Regierung entscheet hunn

King Boris kritt seng Neiwahlen

Et hat een en ament geduecht de britesche Premier géif och am zweeten Ulaf géint eng Mauer lafen, mee d‘Parlament huet zu gudder lescht dach sengem Wonsch entsprach. De Boris Johnson wëll Neiwahlen, elo kritt hien se och. Ugesat sinn d‘Wahle fir den 12. Dezember.

Um Méindeg war de Boris Johnson nach um Parlament gescheitert, gëschter huet hien nei Virschléi abruecht an elo, mat 438 zu 20 Stëmmen ass de Gesetzesentworf duerch. En Datum fir d‘Wahlen hu se och scho festgeluecht. D‘Oppositiounsparteien, déi den 9. Dezember als Wahldag duerchsetze wollten, hu missen noginn an esou ginn d‘Briten elo den 12. Dezember un d‘Urne geruff.

BorisFir déi schottesch SNP – si wollten eng Ännerung am Wahlrecht, an den Alter vun 18 op 16 Joer erofsetzen, an d‘Wahlrecht fir d‘Europäer déi scho méi laang am Land liewen – war et keng flott Sëtzung. Hir Anträg sinn nach net emol zur Ofstëmmung zougelooss ginn. Domatter huet de Boris Johnson säi Wëllen duerchgesat kritt. Hien seng Positioun jo och onmëssverständlech virbruecht.

„Et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet de Brexit ëmzesetzen – ugesiichts der Queeschdreiwerei vun dësem Parlament, dëser endloser, virsätzlecher Verweigerung den Optrag vum Vollek duerchzesetzen – an dat ass dëst Parlament ze erneieren an de Mënschen eng Wiel ze ginn“, esou de Premier gëschter. Interessant ass et datt du Labour sech och fir d‘Neiwahlen ausgeschwat huet.

BorisEsou sot de Jeremy Corbyn: „Labour ënnerstëtzt eng Neiwahl, well mir wëllen, datt dëst Land dës récksiichtlos an zerstéieresch Tory-Regierung lass gëtt. Eng Regierung déi verursaacht huet, datt méi Kanner a méi Rentner an Aarmut liewen, a méi Mënschen Aarm sinn, obwuel si eng Schaf hunn“. De Mann deen och gäre Premierminister wier, ass deemno schonn am Wahlkampfmodus…

Eng Campagne am Zeeche vum Brexit?

Eng laang Campagne gëtt et net an den Austrëtt aus der europäescher Unioun dierft de Wahlkampf beherrschen. Trotzdeem zeechent sech hei of, datt d‘Sozialisten (Labour) et net onversicht loosse wäerten, d‘Thema „sozial Gerechtegkeet“ afléissen ze loossen. De Fraktiounschef vun der SNP, Ian Blackford, huet sengersäits däitlech gemaach, datt hien net gewëllt ass nëmmen nozekucken.

Boris„Ech begréissen d‘Méiglechkeet Walen ze hunn. Well täuscht iech net: déi Wal déi elo kënnt, wäert d‘Recht vu Schottland sinn, iwwert seng Zukunft ze bestëmmen“, esou d‘Reaktioun vum Ian Blackford. Woubäi Schottland scho méi laang d‘Onofhängegkeet ustrieft. Et sollt ee sech also ob e Wahlkampf astellen, wou et ouni Récksiicht op Verloschter wäert zougoen. Dat gëtt interessant.

Fir den Ament ass zréckzebehalen, datt de Boris Johnson nom véierten Ulaf säi Wëllen duerchgesat kritt huet, an dat schonn eppes wéi eng kleng Victoire ass. Wat se Wäert ass, dat léist sech eréischt den 12. Dezember soen, wëll déi Wahle muss den aktuelle Premier emol fir unzefänken och nach gewannen. Seng Chance stinn aktuell tatsächlech net schlecht, mee et bestinn och Risiken.

BorisDéi eeler „konservativ“ Wieler dierften him de Réck stäipen, och wann hie säi Verspriechen, de Brexit zum 31. Oktober duerchzezéien net hale konnt. Experte mengen zwar, datt d‘Wieler vum „rietse Rand“ hiert Kräiz bei der Brexit-Partei kéinte maachen. Eng Partei déi der vill als eenzeg reell Gefor fir d’Tories wëllen erkannt hunn. Wéi geféierlech déi sinn, wäert sech elo weisen…

Wat d‘Oppositioun betrëfft, déi bekanntlech fir den „Exit vum Brexit“ militéiert, esou kënne Labour an d‘Liberaldemokraten net aus eegener Kraaft dës Wahle fir sech entscheeden. Ob déi et elo awer Ronn kréien, eng Aart „Net-Ugrëffspakt“ ausmaachen? Et misst een et hinnen uroden, zumindest wann et hinnen eescht domatter ass, en zweete Referendum fir den EU-Austrëtt ofzehalen.

mat indymedia/lon

Foto: Mary R Smith / Pixabay

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Ian Blackford, Jeremy Corbyn, Neiwahlen, Nigel Farage, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel