T’ass Europäesch Mobilitéitswoch!
Um 14. September 2020 huet de Verkéiersverbond, nationale Koordinator vun
Um 14. September 2020 huet de Verkéiersverbond, nationale Koordinator vun
D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt d’N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng (Potto
[onionbuzz quiz-id=217][/onionbuzz] Fann an eisem Quiz eraus, wéi gutt s
Souwuel fir d’Artisten, wéi och fir d’Spectateure soll all eenzelen Optrëtt eng besonnesch Erfarung ginn. Dank enger Panoplie u Projete gëtt vum Kand bis zum Erwuessenen all Persoun ugesprach, woubäi et dem Kinneksbond speziell dorëm geet, eng Plaz vum Zesummesinn ze bidden, déi den intergenerationellen Dialog undreift.
Iwwer 60 theatralesch, choreographesch a musikalesch Aventure lueden zum Andauchen an nei Universen an. Mat enger räichhalteger Offer un Theater an der Oper, iwwert den Danz an Zirkus bis hin zur Musek gëtt et engem direkt waarm ëm d’Häerz.
“Sweat Baby Sweat” um 8. Februar 2020 am Kinneksbond © Klaartje Lambrechts
D’Saison 19/20 vum Kinneksbond start Méindes, de 16. September mam „Choeur de midi“ ënnert der Direktioun vum Nicolas Billaux. Weider geet et ënnert anerem mam Myriam Muller an dem interaktiven Theater-Stéck „Terreur“, mam Ballet de l’Opéra-Théâtre de Metz Métropole an dem Klassiker „Le Petit Prince“, sou wéi mam australeschen Zirkus-Ensemble Circa ab der spektakulärer Show „Humans“.
De ganze Programm fannt Dir iwwregens op www.kinneksbond.lu oder direkt HEI. Puh, no der ganzer Begeeschterung sollte mir emol Loft huelen an een Abléck an déi verschidde Richtunge werfen.
Theater an Oper
Freides, de 4. Oktober entféiert d’Florence Minder eis an een déiwen Dschungel „Saison 1“, engem spannende Stéck aus dräi Episoden, an deem d’Schauspillerin mat zerstéierender Ironie d’Code vun der Fiktioun an den Tele-Reportagen op den Arem hëlt.
D’Florence Minder, um 4. Oktober 2019 am Kinneksbond © Hubert Amiel
Et gëtt wuel kee Besseren, wéi ee Clown – mat senger falscher Naivitéit a schounungsloser Éierlechkeet – fir d’Absurditéit vun eiser Welt ze entlarven . Dat beweist den Olivier Lopez mat senge geckesche Gesellen, déi grad zeréck aus Nord-Korea kommen. Déi 4 lëschteg Herrschafte liwweren eis Donneschdes, de 24. Oktober mat „Bienvenue en Corée du Nord“ d’Erzielung vun hirer Rees, an eent vun den autoritäerste Länner.
“Bienvenue en Corée du Nord” um 24. Oktober 2019 am Kinneksbond © Alban Van Wassenhove
D’Encyclopédie de la Parole proposéiert dogéint de 14. November mat „Suite n°3’Europe‘“ eng Oper, déi 26 Parollen an de 24 offizielle Sprooche vun der EU opgräift. Een aussergewéinlechen, deelweis witzegen, deelweis awer och tragesche Spektakel iwwert eis europäesch Realitéit gëtt presentéiert.
D’Encyclopédie de la Parole um 14. November 2019 am Kinneksbond © Frédéric Lovino
Danz an Zirkus
Hien ass de Pionéier vum Hip-Hop a Frankräich! De Kader Attou stellt den 23. November mat „Un Break à Mozart 1.1“ ganzer 20 Dänzer a Museker de Kläng vu Mozart entgéint. Den urbanen Danz trëfft op Klassik – esou léieren zwee Universen sech kennen!
“Un Break à Mozart 1.1” um 23. November 2019 am Kinneksbond © Xavier Léoty
Wie kennt se net, d’Geschicht „Orphée et Eurydice“? Den 21. Mäerz proposéiert de Kinneksbond eng vun de bekanntste Libesgeschichten aus der griichescher Mythologie. D’Mëschung aus Oper a Ballet gëtt dobäi an 3 Akte gewisen.
“Orphée et Eurydice” um 21. Mäerz 2020 am Kinneksbond © Luc Bertau
Komme mir zum Zirkus, de Gags an der Akrobatik. Den 21. September ass et d’Compagnia Baccalà déi eis mat „Oh Oh“ sécher zum Laache brénge wäert. Dir kennt déi zwee Clowne bestëmmt nach aus Pss Pss, wou si ee Gag nom anere geliwwert hunn. Mat Hëllef vu Musek, Pantomimik an der universeller Sprooch vum Kierper entdeckt déi naiv Koppel d’Freed an d’Leed vum Zesummeliewen, ouni ee Wuert ze verléieren.
“Oh Oh” um 21. September 2019 am Kinneksbond © Djamila Agustoni
Musek
Si hunn natierlech un alles geduecht! Fir de Kinneksbond, Centre Culturel Mamer reimt Musek mat Traditioun an Entdeckung. Mat der „Gala de la Chanson Français“ oder och „POWER! Percussion“ huet ee sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Den Zyklus „Hannert dem Rido“ gëtt och dës Saison dem Publikum nees d’Méiglecheet d’Bühn ze betrieden, ganz no un de Kënschtler drun ze sinn a sech vum Talent vun der nationaler Musekszeen ze iwwerzeegen.
Mat iwwer 60 Evenementer sidd Dir vun dësem September bis Juli 2020 kulturell versuergt. Wot de Wee duerch de ganze Programm, vläicht fannt och Dir den een oder anere Bijou, deen Dir Iech op kee Fall entgoe loosse wëllt.
Ticketen a weider Informatioune kritt Dir ënnert www.kinneksbond.lu, wéi och op www.luxembourg-ticket.lu.
Zum Kinneksbond
De Kinneksbond, Centre Culturel Mamer huet 2010 seng Dieren opgemaach mam Zil der westlecher Regioun vum Land eng professionell Struktur ze bidden, an där kontinuéierlech kulturell Evenementer kënnen organiséiert ginn. All Joer kommen esou national an international Artisten a Spectateuren zesummen.
Fir déi Responsabel vum Kulturzentrum ass et wichteg, datt all Konschtaart seng Plaz an datt all Visiteur an engem breet gefächerte Programm säi Gléck fënnt. Mat Concerten, Virféierungen, Konferenzen, Ausstellungen a Workshops wëll een all Alterskategorien uspriechen an een deen anere kenneléieren doen.
Opmaacherfoto: © Bohumil Kostohryz