Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schaarfen Theater
International Kultur Neiegkeeten

Schaarfen Theater

De Summer ass säit dem 1. September meteorologesch gesinn eriwwer.

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
International Kultur Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

Éischte Ministerrot fir de Macron
International Kultur Neiegkeeten

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL

Um 6. Juli gëtt et musikalesch!

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL

Stars vun der klassescher Musek mat summerlescher Festivalatmosphär – och dëst Joer bitt den Orchestre Philharmonique du Luxembourg nees ee Concert am Kader vum Kinnekswiss loves… Un dësem Owend soll et déi ganz Famill an d’Stad zéien, fir d’Gréisste vun der Opernzeen live ze erliewen. D’Picknick-Decke sollt een net vergiessen!

Ee Fleckchen Gréng am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg kritt een, tëscht der ganzer Hektik vum Stater Liewen, mat idyllescher Kinnekswiss gebueden. Zu Ufank vum Summer verwandelt sech genau dës Plaz zu engem beléiften Treffpunkt fir u verschidden Evenementer deelzehuelen. An dozou gehéiert ganz besonnesch „Kinnekswiss loves“, woubäi den OPL am vergaangene Joer vum Angélique Kidjo, Chona Moses an Elīna Garanča op enger gewalteger Open-Air-Bühn begleet ginn ass.

Gemitterlech op enger Decken, am beschten nach mat engem gutt gefëllte Picknick-Kuerf, léist sech och dëst Joer de Summerowend a Begleedung vu Famill a Frënn an esou angenehmer a musikalescher Aart a Weis genéissen. A wien säin eegen Delikatesse vergiess huet kann natierlech vun der villfälteger gastronomescher Offer op der Plaz profitéieren.

Kinnekswiss loves...

Wat gëtt et dëst Joer?

Fir d’Editioun vun 2018/19 luet d’Kinnekswiss de Publikum op een Erliefnis mat der kräfteger, waarmer Stëmm vum Sir Bryn Terfel an. De graziéise Bassbariton, deen een duerch seng Originnen auch „Prince of Wales vun der Opernbühn“ nennt, presentéiert, zesumme mat der Sopranistin Lauren Fagan d’Meeschterwierker aus dem Opernrepertoire. Den OPL a säi Chefdirigent Gustavo Gimeno bilde weider Sailen ënnert dem Stären himmel

De Concert „Kinnekswiss loves…“ ass de 6. Juli ab 21:00 Auer. Den OPL, zesumme mam Gustavo Gimeno, dem Sir Bryn Terfel an dem Lauren Fagan presentéiere folgend Stécker:

  • Piotr Ilitch Tchaikovski: Eugène Onéguine: Polonaise
  • Charles Gounod: Le Veau d’or (Faust)
  • Giacomo Puccini: Quando me’n vo’ (La bohème)
  • Pietro Mascagni: Cavalleria rusticana: Intermezzo sinfonico
  • Antonín Dvorak: Chant à la lune / Mondarie (Rusalka)
  • Arrigo Boito: Son lo spirito (Mefistofele)
  • Gaetano Donizetti: Quanto amore! (L’elisir d’amore)
  • Giuseppe Verdi: Nabucco:Sinfonia
  • Giuseppe Verdi: L’onore! (Falstaff)
  • Giuseppe Verdi: Sempre Libera (La traviata)
  • Richard Wagner: Die Walküre: Walkürenritt
  • Richard Wagner: Abendlich strahlt der Sonne Auge (Das Rheingold)
  • George Gershwin: Summertime (Porgy an d’ Bess)
  • Jerry Bock: If I Were A Rich Man (Fiddler on the Roof)
Ähnlech Sujeten Concert, Kinnekswiss loves...., Oper, OPL, Sir Bryn Terfel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel