Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik
Kultur Neiegkeeten

10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik

Fir hiert zéngjäregt Bestoen ze feieren, organiséiert d’Ettelbrécker Bibliothéik eng

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?
Kultur Neiegkeeten

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?

D‘Opfanglager zu Moria op der griichescher Insel Lesbos (Ägäis) war

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland
Kultur Neiegkeeten

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland

Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et

Kinnekswiss loves… – Open Air Concerten an der Stad

E Mëttwoch geet et mat den Open Air Concerte lass!

Kinnekswiss loves… – Open Air Concerten an der Stad

Nom grousse Succès déi lescht zwee Joer wäert d’Kinnekswiss sech alt nees an eng Plaz fir Open Air Concerte verwandelen. Heiansdo kann ee mol déi eng oder aner Gittar op der Kinnekswiss erblécken, ma e ganzen Orchester do betruechten ze kënnen ass dach éischter eng seelen Occasioun. D’Stad Lëtzebuerg an den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) luede soumat e Mëttwoch, e Samschdeg an e Sonndeg op d’Concerten ënner fräiem Himmel an, déi am Kader vu Summer in the City 2019 stinn. Den Entrée fir déi dräi Concerten ass gratis.

Am Kader vu Kinnekswiss loves… triede renomméiert Orchesteren an international bekannt Nimm an der Stad op der Kinnekswiss op. Lass geet et e Mëttwoch, den 3. Juli um 21 Auer mam Orchestre National de Jazz Luxembourg & Estro Armonico. Ënnert der Leedung vum Gast Waltzing gëtt “D’Pierle vum Da” opgefouert. Den David Laborier huet sech ëm d’Arrangementer gekëmmert.

De Festival wäert dann e Samschdeg, de 6. Juli mam Concert Kinnekswiss loves Sir Bryn Terfel mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg weidergoen.

Programm 6. Juli ab 21 Auer

Orchestre Philharmonique du Luxembourg
“Kinnekswiss loves Sir Bryn Terfel”
Leedung: Gustavo Gimeno
Bassbariton: Sir Bryn Terfel
Soprano: Lauren Fagan

Programm:
Piotr Ilitch Tchaïkovski – Eugène Onéguine: Polonaise
Charles Gounod: Le veau d’or (Faust)
Giacomo Puccini: Quando me’n vo’ (La bohème)
Pietro Mascagni: Cavalleria rusticana – Intermezzo sinfonico
Antonin Dvorak: Chant à la lune / Mondarie (Rusalka)
Arrigo Boito: Son lo spirito (Mefistofele)
Gaetano Donizetti: Quanto amore! (L’élisir d’amore)
Paus
Giuseppe Verdi: Nabucco – Sinfonia
Giuseppe Verdi: L’onore! Ladri! (Falstaff)
Giuseppe Verdi: Sempre libera (La traviata)
Richard Wagner: Die Walküre – Walkürenritt
Richard Wagner: Abendlich strahlt der Sonne Auge (Das Rheingold)
George Gershwin: Summertime (Porgy and Bess)
Jerry Bock: If I Were a Rich Man (Fiddler on the Roof)

Den Ofschloss ass dann e Sonndeg, de 7. Juli 2019 mat Concerte vum Stater Conservatoire an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Programm 7. Juli 2019

11 Auer
Orchestre de Chambre du Luxembourg et Orchestre Symphonique du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
“Musicroissant”
Leedung: Marc Meyers

17 Auer
Orchestre de Chambre du Luxembourg, Orchestre Symphonique, Pueri Cantores, Chorale des Jeunes, Choeur de chambre et Chorale mixte du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
Leedung: Marc Meyers

Programm:
Arlésienne suite no 2 – G. Bizet
Carmen suite no 1 – G. Bizet
Rhapsodie hongroise no 2 – F. Liszt
Carmina Burana – C. Orff

Praktesch Informatiounen

Ëffentlechen Transport
D’Veranstalter recommandéieren fir op den ëffentlechen Transport zréck ze gräifen.

  • Bus: Arrêt “Fondation Pescatore”, dee vun de Linnen 1/125, 2, 3/30, 4, 8, 16, 18, 19, 20 an dem CN1 ugefuer gëtt. Horaire op bus.vdl.lu
  • Tram: Arrêt “Theater”. Horaire op luxtram.lu
    De Weekend vum 6. a 7. Juli sinn all d’Stater Linne gratis, zudeem och nach e puer vum RGTR. Weider Detailer op busgratuits.vdl.lu

Parking

  • Glacis (+/- 1.000 Plazen) & Schuman (+/- 400 Plazen). An der Woch sinn dës zwee Parkingen ab 18 Auer gratis, de Weekend iwwer esou guer de ganzen Dag.
  • P&R Bouillon (+/- 2.400 Plazen). Gratis fir eng maximal Dauer vu 24 Stonnen. Gëtt vun de Linnen 1/125, 15 an CN1 ugefuer.

Rollstull oder ageschränkt Mobilitéit
Fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ass den Zougang duerch en extra Beräich garantéiert. Dofir muss ee sech awer spéitstens een Dag am Viraus mam Departement “Intégratioun et besoins spécifiques” a Verbindung setzen. Telefon: 691 964 447; E-Mail: makayser@vdl.lu

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire; Serge Wilmes, Stater Schäffen; Marc Angel, President vum LCTO; Gast Waltzing, Orchester-Chef vum Orchestre National de Jazz de Luxembourg; Matthew Studdert-Kennedy, Head of Artistic Planning – Philharmonie Luxembourg & Orchestre Philharmonique du Luxembourg. © Charles Soubry/Photothèque de la Ville de Luxembourg

Ähnlech Sujeten Concerten, Kinnekswiss, Kinnekswiss loves...., Open Air, Orchester
Nächsten Artikel Virrechten Artikel