Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
Kultur Neiegkeeten

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?
Kultur Neiegkeeten

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?

D’Sproochesituatioun ass e räichlech emotionellen Thema zu Lëtzebuerg. Dat stëmmt

money
Mëttelstandsministère maximal gefuerdert
Kultur Neiegkeeten

Mëttelstandsministère maximal gefuerdert

Ee vun den am häertste betraffene Secteuren am Kontext vun

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen

Kino: „Breadwinner“ op der grousser Leinwand gesinn an UNICEF ënnerstëtzen

Adaptéiert vum Deborah Ellis sengem Bestseller „The Breadwinner“, huet dësen Animatiounsfilm eng fantastesch Tournée op prestigiéise Festivaller higeluecht, an der Realisatrice Nora Twomey zu Éiere verhollef. De Film kënnt am Kader vun engem Partenariat Enn September bei eis an de Kino.

De Film erzielt d‘Geschicht vun engem jonke Meedchen, datt sech ëmmer erëm och d‘Erzielunge vu sengem Papp, e Lecteur an ëffentleche Schrëftsteller, mat vill Freed unhéiert. D‘Parvana, 11 Joer jonk lieft am Afghanistan ënnert dem Taliban-Regimm. Wéi de Papp verhaft gëtt, gëtt dem Parvana seng Welt op d‘Kopp gestallt… se sollt ni méi esou gi wéi se eemol war.

Et ass ënnert den Taliban net méiglech, sech ouni a Begleedung vun engem Mann ze sinn, eppes ze schaffen oder anzekafen. D‘Parvana entscheet sech d‘Hoer ze schneiden an sech wéi e Bouf ze kleeden, fir esou senger Famill och finanziell ënnert d‘Äerm ze gräifen. Trotz dem Risiko zu all Ament entlarvt ze ginn, setzt d‘Meedchen alles drun fir e Wee ze fannen säi Papp ze retten

UNICEFDatt dëse Film zu Lëtzebuerg an de Kino kënnt, ass engem Partenariat tëscht Tarantula Distribution, Kinepolis, Orange an UNICEF geschëlt. Si organiséiere fir de Lancement vum Film an der Kinoen zu Lëtzebuerg, eng speziell Projektioun, wou d‘Einnamen integral un UNICEF gespent ginn. Den Operateur „Orange“ leet fir all verkaafte Billjee nach emol 2 Euro drop.

Dat ganzt fënnt statt de 26. September um 19 Auer am Kinepolis um Kierchbierg. Nom Film gëtt et d‘Méiglechkeet fir d‘Spectateure, sech mam lëtzebuergesche Produzent Stephan Roelants, an der Directrice vun UNICEF-Lëtzebuerg, Sandra Visscher, ze ënnerhalen.

  • Eenheetspräis fir de 26. September: 10 Euro
  • Film an Originalsprooch mat franséischen Ënnertitel
  • Ab 8 Joer kann een de Film kucke goen
Ähnlech Sujeten Breadweinner, Kinepolis, Orange, Tarantula, Unicef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel